Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Wéi wäit bass de bereet ze goen ?
International Neiegkeeten

Wéi wäit bass de bereet ze goen ?

Et vergeet kaum en Dag wou sech der net zwee

Migratioun: Op humanitärer Missioun bleift d‘Schëff Aquarius op Héicht vun der libescher Küst
International Neiegkeeten

Migratioun: Op humanitärer Missioun bleift d‘Schëff Aquarius op Héicht vun der libescher Küst

D‘Schëff Aquarius, ass fir d‘ONGen „SOS Méditeranée“ an Dokteren ouni

Ka sech d‘CSV 2019 erneieren?
International Neiegkeeten

Ka sech d‘CSV 2019 erneieren?

Säit Mëtt-Dezember kënnen sech d‘Membere vun der chrëschtlech sozialer Vollekspartei

Däitschland: d‘GroKo fënnt en Accord ronderëm den Diesel

Däitschland: d‘GroKo fënnt en Accord ronderëm den Diesel

All d‘Detailer vun der Marathonsëtzung, bei där sech d‘Spëtze vun der Regierungskoalitioun zu engem Accord am Dieselsträit duerchgerongen hunn, sinn nach net bekannt. Gewosst ass awer, datt d‘Gespréicher e Moossnamepak géint de Fuerverbuet an däitsche Stied mat sech bruecht hunn.

Esou zumindest hunn et d‘Fraktiounscheffe vu CDU (Ralph Brinkhaus) an SPD (Andrea Nahles), wéi och de Landesgruppechef vun der CSU (Alexander Dobrindt), no gutt sechs an d‘halleft Stonn Verhandlungen am Kanzleramt, an de freie Moiesstonnen zu Berlin duergeluecht.

Beschloss gouf e Konzept fir propper Loft an d‘Sécherung vun der individueller Mobilitéit an den däitsche Stied. Esou wéi et d‘Andrea Nahles erkläert huet, soll et och zu enger Eenegung bei der ëmstriddener Hardware-Norëschtung fir eeler Diesel komm sinn. Detailer heizou gëtt et keng.

Et war dann och de Fuerverbuet deen am Mëttelpunkt gestanen huet. Hei hu misse Léisunge fonnt ginn, well a ville Stied fir Diesel-Gefierer esou e Verbuet ganz aktuell ass. Am Kär ass dorëms gaangen, d‘Automobilindustrie ze ermonteren, al Diesel-Gefierer fir „gutt“ Geld zréckzekafen.

Nach kee Liicht um Enn vum Tunnel

Sënn an Zweck ass et deemno net, de Konsument, deen sech opgrond falscher Aussoen en Diesel kaf huet, an dat eigentlech Affer vum Skandal ass, ze entschiedegen. Hei geet vill méi dorëms, de Konsument ze animéieren, den „alen“ ofzeginn, an fëscht Geld an en neit Gefier ze stiechen.

An dësem Kontext ass et verständlech, datt déi vun der SPD gefuerdert Hardware-Norëschtung, vun der Automobil-Lobby net gäre gesinn ass. D‘Sozialisten haten sech awer drop behaapt, datt och mat Primme vill Bierger sech keen neit Gefier leeschte kënnen. Vun Entschiedegung kee Wuert.

Datt d‘Andrea Nahles erkläert, et géif sech ëm eng ganz komplex Eenegung handelen, bedeit an der Saach, näischt aneres, wéi datt et der GroKo gelongen ass, op e neits der Automobilindustrie de Réck fräi ze halen. Mat all den Autoen déi mussen „ersat“ ginn, geet dëser d‘Aarbecht net aus.

Och den Alexander Dobrindt war drop beduecht, sech mat senger Ausso net festzeleeën. Laut dem Mann aus Bayern, enthält de Moossnamepak verschidden Elementer, déi een entweder parallel oder alternativ kann zur Verfügung stellen. Och hei näischt Konkretes fir de Konsument…

mat AFP

Ähnlech Sujeten Alexander Dobrindt, Andrea Nahles, Däitschland, Diesel, Dieselgate, Dieselskandal, GroKo, Ralph Brinkmann
Nächsten Artikel Virrechten Artikel