Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Jerusalem-Resolutioun fënnt trotz „Warnung“ op der UNO Zoustëmmung
Neiegkeeten

Jerusalem-Resolutioun fënnt trotz „Warnung“ op der UNO Zoustëmmung

E Schlag an d‘Gesiicht, esou an net anescht muss ee

money
EU: Amerikaneschen Tubak, Jeans a Bourbon vun Douanestaxe bedreet
Neiegkeeten

EU: Amerikaneschen Tubak, Jeans a Bourbon vun Douanestaxe bedreet

Déi protektionistesch Moossname fir d‘US-Industrie ze schützen, esou wéi et

money
De Gewënn bleift, mee d‘Leit verbrénge manner Zäit op Facebook
Neiegkeeten

De Gewënn bleift, mee d‘Leit verbrénge manner Zäit op Facebook

Facebook ass finanziell betruecht nach ëmmer a Form, mee seng

ACEL: Lëtzebuerger Verband vun de Studentencercele stellt sech géint d‘Stage-Gesetz

ACEL: Lëtzebuerger Verband vun de Studentencercele stellt sech géint d‘Stage-Gesetz

Mat der „Originalversioun“ vum Gesetzprojet 7265 (Stage fir Schüler a Studenten), dat am Fréijoer an der Chamber deponéiert gi war, hat sech de Studentevertrieder ACEL an allen Hisiichte méi wéi zefridde gewisen. Et sinn d‘Amendementer aus dem Summer, déi si elo op d‘Barrikaden dreiwen.

Dobäi war dem sozialisteschen Aarbechtsminister Nicolas Schmit säi Gesetz eigentlech gutt, an hätt nach solle virum auslafe vun der Legislaturperiod um Krautmaart ugeholl ginn. Mee wéi et esou ass éischtens kënnt et anescht, zweetens wéi ee mengt. Eng Rei Avise vun de consultative „Instanzen“ (SalariatskummerHandwierkerkummerHandelskummerBeamtekummer) huet elo Folgen.

Erreecht gouf, esou de Standpunkt vun der ACEL domatter näischt ausser eng Verzögerung déi de Betraffenen net entgéint kënnt. Zudeem misst een sech elo, no all dësen Amendementer, och nach fir eng Reform vun der Reform asetzen, méiglecherweis zolidd matenaner streiden. E Méindeg huet den ACEL-Vizepresident Tom Hetto, dann op neits d‘Revendicatioune vum Verband duergestallt.

Woubäi datt alles ze bedaueren ass. Bei der REEL 2017, war nach alles „paletti“. Deemools wier ee sech mam Aarbechtsministère eens gewiescht, zesummen e Gesetzprojet auszeschaffen, fir datt et am Bezuch op Stagen an Entreprisen, endlech zu enger brauchbarer juristescher Grondlag komme kann. Hei huet d‘ACEL eendeiteg op dat falscht Päerd gesat, oder zumindest deem falsche vertraut.

Am Detail betruecht, sinn et dann och d‘Amendementer déi vun der Regierung aus dem Juli déi der ACEL esou net entspriechen. Hei erhoffen sech d‘Studentevertrieder datt déi „nei Regierung“ sech dat ganz nach emol genee ukuckt, an d‘Amendementer nees amendéiert. Sollt dat net méiglech sinn, kann d‘ACEL dësem Gesetz net méi zoustëmmen.

Zwee vun der Regierung agereechten Amendementer stinn hei am Fokus, an d‘ACEL vertrëtt d‘Usiicht, datt déi zum Nodeel vun de Studente sinn, an esouguer eng Hürd duerstellen. Engersäits géif et bedeiten, datt et net méi méiglech wier et Stage ze maache wann een den Diplom erhalen hätt, anersäits stéiert ee sech un der zäitlecher Begrenzung vu 6 Méint (beim selwechte Patron).

Foto: D‘ACEL ass enttäuscht, datt e gudde Gesetzprojet duerch Amendementer zerstéiert ginn ass. © ACEL

Ähnlech Sujeten Aarbechtsministère, ACEL, Gesetzprojet 7265, Nicolas Schmit, Stagezäit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel