Search

You may also like

US-President schaaft Diskriminéierungschutz fir Transgender of
Stories

US-President schaaft Diskriminéierungschutz fir Transgender of

Den Donald Trump schéngt erkannt ze hunn, datt en zweet

Groussbritannien: Gesetz fir den EU-Austrëtt vun den Deputéierten ugeholl
Stories

Groussbritannien: Gesetz fir den EU-Austrëtt vun den Deputéierten ugeholl

Um Mëttwochowend hunn déi britesch Deputéiert e Gesetzprojet vun der

Vereedegung vum Wuermer Schäffen a Buergermeeschter
Stories

Vereedegung vum Wuermer Schäffen a Buergermeeschter

No der groussherzoglecher Veruerdnung vum 14. Oktober 2020 ass de

ACL Classic Tour: Méi wéi e Bléck an de Réckspigel

ACL Classic Tour: Méi wéi e Bléck an de Réckspigel

Mat dat schéinst wat d’Autosindustrie jee gebaut huet bedeelegt sech al Joer um ACL Classic Tour an dat war bei der Editioun 2017 och net anescht. Schonns an de ganz fréie Moiesstonnen hunn sech déi Bolide vun „anno Dunnemols“ um Sëtz vum Automobils-Club op der Lonkecherstrooss zu Bartreng afonnt.

Hei kruten d’Participanten hir Pabeieren a wei et sech gehéiert natierlech och Kaffi, iert eppes no néng Auer den éischte vun 120 Autoen sech op d’Rees gemaach huet. Déi éischt Etapp huet se dann a Richtung Minettemetropole gefouert, wou se dann an der Mëttesstonn am Haff vum Belval-Plaza fir uerdentlech Häerzklappe bei den Amateure vun historeschen Autoe gesuergt hunn.

An et war ee Spektakel dee sichtlech Freed gemaach huet. Dosende Leit haten dee Rendez-vous bei schonns bal summerlechem Wieder begeeschtert ugeholl a sech um Belval näischt entgoe gelooss. Alles wat véier Rieder huet an tëscht 1930 an 1990 gebaut ginn ass war zur Undeelnam zougelooss. Ee gudde Grond fir den interesséierte Public de Fotoapparat auszepaken an d’Späicherkaart zum glousen ze bréngen.

Och auslännesch Participanten haten sech et net huele gelooss, sech der 17. Editioun unzeschléissen. Deels vu wäit hir waren se komm, och wann der verständlecherweis vill aus de Nopeschlänner ze gesi waren. Et ass dann och keng Course, mee awer schonn eng Kompetitioun, bei där et drëms geet, méiglechst konstant ze sinn an de Virgabe vu senger Klass ze entspriechen.

Nom Mëttegiessen an duerchlächert vun de Froen – net nëmmen därer déi d’Journaliste gestallt hunn – sinn déi Monumenter vun der Autosgeschicht da weider op d’Rull gaangen. Am spéiden Nomëtteg haten se et da gepackt. D’Arrivée zu Dummeldeng beim Alvisse Parc Hotel hunn déi meescht eppes no fënnef Auer erreecht. Wien dee beschten a senger Klass war konnt zu Redaktiounschluss nach net ermëttelt ginn.

Ofschléissend bleift awer de ville Participanten a Fräiwëllege Merci ze soen. Den Tour konnt Fonge fir den „Télévie“ sammelen. Ee Merci awer deen den ACL och senge Sponsoren: AXA, City Concorde an Transport Streff fir déi grouss Ënnerstëtzung zoukomme léisst. Alles an allem also zefridde Mënschen déi sech mat grousser Wahrscheinlechkeet och scho virgeholl hunn am nächste Joer hir Old- a Youngtimer iwwert eis Landstroossen ze joen.

Fotoen: © Martine de Lagardère

Related topics ACL, Automobil, Lëtzebuerg
Next post Previous post