Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi eng Zukunft fir d‘Nuklearofkommes mam Iran?
Sport WTF

Wéi eng Zukunft fir d‘Nuklearofkommes mam Iran?

All d‘Länner déi nieft den USA mam Iran en Accord

Evaluéierung vun ausgewielte Fläche vum Biotopkataster
Sport WTF

Evaluéierung vun ausgewielte Fläche vum Biotopkataster

Déi geschützt Biotopen a Liewensraim sinn an de Joren 2007

Den Dylan Pereira hält u senger Strategie fest
Sport WTF

Den Dylan Pereira hält u senger Strategie fest

De lëtzebuergesche Pilot vum Team Momo Megatron Lechner Racing, kéint

surprise

Beim ACL gëtt elo e Gang eropgeschalt

Beim ACL gëtt elo e Gang eropgeschalt

Am Kader vun der Internationaler Motor Show vu Lëtzebuerg huet de Sport-Departement vum ACL seng „Reorganisatioun“ virgestallt. Sech nei am Automobilsport opzestellen ass dann och vu ville Piloten a Ecurien vum Automobilclub Lëtzebuerg erwaart ginn. Elo geet et mat Zouversiicht an d’Zukunft.

Déi grouss Missioun déi sech den ACL virgeholl huet, ass et den Automobilsport méi no un de Public ze bréngen. Vir de Changement ze markéieren heescht dann elo och net méi „Sportskommissioun vum ACL“ mee „ACL Sport“. Bei dëser Geleeënheet ass da fir den éischte Januar e neie President un d’Spëtzt vum Departement nominéiert ginn.

Den aktuelle Vizeresident vun der Sportskommissioun Marc Joseph, gëtt den Nofolger vum Lucien Franck. Et wier eng „natierlech“ Successioun“ heescht dann och am Communiqué vum ACL, wat net op den éischte Bléck op eng wierklech Verännerung hiweist.

Dat de fréiere Pilot – aktiv am Automobilsport zanter 1966 – elo mam Lucien Franck d’Positioun wiesselt, ëmmerhin ass deen elo de Vizepresident vun ACL Sport, léisst Zweiwel bestoen, datt et elo zu engem wierkleche Changement soll kommen. Et deit dann och wéineg op wierklech Reformen hin, och wann et richteg ass dem Marc Joseph mussen eng Chance ze ginn seng Preuven ze maachen.

Sech nei opstellen

Et wëll een „e Gang eropschalten“ esou de Wëlle vun der (leider net wierklech) neier Equippe. Den ACL Sport soll sech also zukünfteg aus engem Ensembel vun ënnerschiddleche Strukturen zesummesetzen, an fir eng besser Entwécklung vum Automobilsport zu Lëtzebuerg asetzen.

Ënner strukturelle Verännerungen ass ze verstoen, datt et elo: eng technesch Kommissioun, eng medezinesch Kommissioun a besonnesch en Experterot wäert ginn. Dëse Rot soll aus Vetrieder vun den Ecurien, Piloten an der Sportspresse bestoen. Si sollen dann och verantwortlech ginn, fir de gudden Oflaf vun der Sportsaktivitéit ze suergen.

Sënn an Zweck vum ganzen ass et, déi verschidden Acteuren an d’Organisatioun anzebannen. Hir Kompetenze sollen se „deelen“ fir eng Synergie ze erméiglechen an d’Kommunikatioun no Baussen ze verstäerken. Dat zumindest ass et wéi de Marc Joseph de Rôle vun den Experte gesäit.

Iwwert dësem Experterot steet de „Virstand“ bestoend aus dem President ACL Sport, dem Vizepresident ACL Sport, dem Direkter vum ACL, dem Sportdirekter vum ACL an dräi Memberen. Deenen hir Aufgab ass et déi verschidde Virschléi ze analyséieren iert se an d’Praxis ëmgesat ginn.

Den Automobilsport fërderen

Eng vun de groussen Erausfuerderunge vun ACL Sport dierft d’Promotioun vum Automobilsport op „lokalem“ Niveau ginn. Dat egal op et sech d’Course op Circuiten, Biergcourssen, Slalom oder den Auto-Cross an de Karting handelt. Et sollen dann och séier Projeten op den Dësch kommen vir all dës Disziplinnen ze valoriséieren, notamment de Karting.

ACL

Den ACL Sport wëll sech méi am Karting an dem Autocross abréngen. Op se sech den eegenen Erausfuerderunge kënne stellen, mussen ab Januar ënner Beweis stellen. © Martine de Lagardère/moien.lu

De Karting, d’Entréesdier vum Automobilsport fir vill jugendlecher, mee och den Autocross, eng ënnerschätzten Disziplin, déi dann awer ganz vill Kënne viraussetzt, sollen op emol déi Plaz kréien déi hinnen zanter Joerzéngten zousteet. Ëmmerhi gëtt e kaum e Baquet an der Formel 1, deen net vun fréiere Kart-Sportler besat wier.

Méi fir déi „eng“ heescht awer elo net, dat fir déi aner Manner géif gemaach ginn. Och bei de Young- an Oldtimer soll sech weiderhin op héijem Niveau engagéiert ginn. Den Automobilsport ass eng Passioun déi den ACL Sport dann och mat alle Leit zu Lëtzebuerg wëll deelen.

Ëmweltschutz gehéiert dozou

Net wierklech nei an awer e Besoin deem den ACL Sport wëll Rechnung droen: den Ëmweltschutz. Déi „nei“ Equipp huet sech op de Fändel geschriwwen alles drun ze setzen, fir d’Koexistenz vum Automobilsport an der Ëmwelt ze erméiglechen.

Dat ze erreeche soll méiglech ginn, duerch den Asaz vun Hybrid-Moteuren an eben de Karting-Coursse. Och schéngt ee verstäerkt op den Asaz vun Elektro-Motoren ze setzen. Zudeem sollen d’Meedercher an dëser (anscheinend nach ëmmer) vu Männer dominéierter Sportaart gefërdert ginn.

Déi halen allerdéngs scho laang de Männer, op am Karting oder dem Auto-Cross de bass, a sinn oft an den europäesche Championnater besser placéiert. Wat sech liicht an ausdrocksvoll duerch esou erfollegräich Pilotinne wéi dem Knebler Zoé (Karting X30), dem Tania Schleich (Autocross) noweise léisst.

Et dierf een dann elo gespaant sinn, wéi den ACL Sport sech uleet, fir all déi jonk an zukünfteg Piloten a Pilotinnen ze encouragéieren, ze begleeden an ze ënnerstëtzen. Datt sech den ACL Sport do u „Partner“ hält wäert awer, sollte mer wierklech d’Ambitioun hunn eng Kéier e(ng) Pilot(in)an de Formel-Sport eranzebréngen, net eleng mat Sponsore geléngen.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten ACL, ACL Sport, Autocross, Karting, Tania Schleich, Zoé Knebler
Nächsten Artikel Virrechten Artikel