Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Bei der Aarbechtsinspektioun geréit de Bausecteur an de Fokus
Neiegkeeten

Bei der Aarbechtsinspektioun geréit de Bausecteur an de Fokus

D‘Aarbechtsinspektioun (ITM) gëtt sech och 2018 d‘Moyene fir senge Missioune

Eng Schatzkëscht fir eis Grousselteren – Maacht mat!
Neiegkeeten

Eng Schatzkëscht fir eis Grousselteren – Maacht mat!

Schonn an de leschten zwee Joren huet de Paul Galles

Kloertext bei der UN-Weltklimakonferenz
Neiegkeeten

Kloertext bei der UN-Weltklimakonferenz

„Mir streiken elo zanter iwwert engem Joer, mee näischt huet

Den ACL verdeedegt eng Politik vun der globaler Mobilitéit

Den ACL verdeedegt eng Politik vun der globaler Mobilitéit

Am Kontext vun de Chamberwahlen am Oktober, huet sech den Automobil Club Lëtzebuerg (ACL) traditiounsgeméiss un d‘Parteien adresséiert, an eng Rei Sujeten a Revendicatiounen opgelëscht, zu deenen si vun de politeschen Acteuren eng Stellungnam erwaarden.

Dobäi geet et ëm esou Saache wéi d‘Käschte vun der Mobilitéit an der Verkéierssécherheet, der Gestioun vun der Mobilitéit an den Infrastrukturen. An sengem Schreiwes un d‘Parteien, huet den ACL och e puer Propose gemaach. Vun deenen erhofft sech den ACL, dat si vun de verschiddene Parteien opgegraff ginn, an zu de Prioritéite vum nächste Regierungsprogramm gehéieren.

An dësem Sënn huet den ACL en Depliant mat Revendicatioune verëffentlecht, an huet sech mat Vertrieder vun de Parteie getraff, fir ze verstoe wéi eng Prioritéiten si bei der Mobilitéit an der nächster Legislaturperiod gesinn. Dëst Joer huet den ACL den Akzent op eng Mobilitéitspolitik gesat déi als „global an intelligent“ wëll verstane ginn.

Hei ass sech op de Constat baséiert ginn, datt déi existent Infrastrukturen net méi an der Lag sinn, dem Verkéierswuesstem gerecht ze ginn. Den Ausbau vun den Autobunnen op dräi Spueren, déi noutwenneg Contournementer, d‘Realisatioun vu Park & Ride Parkingen op strategesche Plazen, awer och d‘Koordinatioun vun de Chantieren, sinn entspriechend wichteg Sujete gewiescht.

Alles eng Fro vun der Prioritéit

Et wier schlicht an ergräifend noutwenneg, datt den Automobilist an Echtzäit iwwer Chantieren informéiert gëtt. D‘Entwécklung vun enger intelligenter Infrastruktur ass an dësem Kontext ee vun de Sujeten, op déi een zu Bartreng gären eng Äntwert hätt.

Elo fannen sech e sëllechen ACL-Propositioune schonn am „Modu 2.0“ oder dem sektoriellen Direkteschplang „Transport“ erëm. An engem Bréif vum 19. Juni huet den ACL dann och beim Transportminister nogefrot, wéi et mat der Prioritéit fir den Projet Contournement vun: Ettelbréck, Feelen, an Dippech, oder wéi et mat der Zukunft vun der A6 bis zur belscher Grenz ausgesäit.

Hei weist den ACL dann och op e neits drop hin, datt d‘Käschten déi a Relatioun mat all de Gefierer déi am Stau stinn, en Impakt net nëmmen op d‘Finanze vun den Automobilisten huet, och mee och ekonomesch esou net méi ze vertriede sinn. Et wier also essentiell an d‘Verbesserung vun der Mobilitéit zu Lëtzebuerg ze investéieren.

Den ACL ka Versteesdemech opbréngen, datt spezifesch Steieren de Kaf vun engem Auto belaaschten, an och datt iwwert d‘Accisen um Sprit, zu engem „Ëmdenken“ ugereegt gëtt. Eng Repressioun an der Form vun Taxen oder Verbueter géif awer eenzeg déi „kleng“ Menagen treffen. An hei stellt den ACL kloer, datt een net gewëllt ass den Automobilist fir alles bezuelen ze loossen.

Kommunikatioun a Formatioun

Fir den ACL ass bestëmmend, datt sech seriéis Gedanken zum „Mobilitéitsbudget“ gemaach ginn. Esou sollt een bei de Steiere beispillsweis, driwwer nodenken, op een hei net e Virdeel schafe kann, deen zur Intermodalitéit an/oder dem Car-Sharing bäidréit.

An dësem Kontext géif sech den ACL och doriwwer freeën, wann d‘Entreprise géifen ermontert ginn, e Posten als „Mobility Manager“ ze schafen. Dee kéint innerhalb vum Betrib d‘Salariéeën iwwert déi ënnerschiddlech Optioune bei der Mobilitéit opklären, an esou derzou bäidroen, datt d‘Personal méi entspaant op d‘Aarbecht an nees Heem kënnt.

D‘Verkéierssécherheet ass a bleift beim ACL een vun den Haaptthemen. Hei weist den ACL dann awer drop hin, datt d‘Sécherheet ganz enk mat den Infrastrukture verbonnen ass. Dofir fuerdert den ACL datt endlech eng Datebank geschafe gëtt, déi et erméiglecht besser an déi tatsächlech Ursaache vun den Accidenter ze ermëttelen. Och bei der Formatioun kéint et besser sinn.

Elo läit de Ball bei de politesche Parteien. Op an hire Programmer d‘Mobilitéit, esou wéi dat vum ACL gesi gëtt, méi oder manner Prioritär ass, dofir wäert ee sech déi eenzel Texter mussen ukucken. Gewosst ass dann awer, datt och d‘Mobilitéit a besonnesch d‘Verkéierssituatioun op eise Stroossen, eng zolidd politesch Erausfuerderung duerstellt.

Ähnlech Sujeten ACL, Chamberwahlen 2018, François Bausch, Mobilitéit, Transportminister
Nächsten Artikel Virrechten Artikel