Search

You may also like

Minister Claude Turmes positiv op Covid-19 getest ginn
Neiegkeeten

Minister Claude Turmes positiv op Covid-19 getest ginn

De Ministère fir Energie a Minister fir Landesplanung huet d’Nouvelle

D‘Pirate a méi rouege Gewässer
Neiegkeeten

D‘Pirate a méi rouege Gewässer

Et war e mouvementéiert Joer zanter dem leschte Kongress an

Elo nach schnell sech fir den ACL Hiecht Klassik 2017 umellen!

Elo nach schnell sech fir den ACL Hiecht Klassik 2017 umellen!

Den Automobilclub Lëtzebuerg invitéiert all seng Memberen dëst Joer un senger éischter Editioun vum ACL Hiecht Klassik deelzehuelen.

Eng Touristesch Randonnée fir Gefierer, déi méi wéi 25 Joer jonk sinn. Si gëtt organiséiert am Kader vum éischten „Oldtimerdag Lëtzebuerg“. Virgesinn ass eng touristesch Sortie vun engem gudden hallwen Dag.

Op enger Streck vu ronn 80 Kilometer, déi duerch den Dall vun de siwe Schlässer féiert, dierft et en Erliefnes fir d‘ganz Famill ginn. Natierlech kann een och als Koppel oder „Solist“ um Tour deel huelen.

Den Dag gëtt um Sëtz vum Automobilclub zu Bartreng ofgeschloss. Hei gëtt et e gesonde Maufel z‘iessen, alles vum Grill, wéi et ebe soll sinn.

Umellen net vergiessen

Fir den Tour gutt kënnen ze organiséieren, ass d‘Participatioun op 100 Gefierer begrenzt. Déi musse virun 1992 gebaut gi sinn. De ganze Programm, esou wéi och den Umeldungsformulaire ass um site vum ACL anzegesinn (www.acl.lu)

De leschten Delai fir sech anzeschreiwen ass den 13. September 2017.

Related topics ACL, Automobil, Klassik, Lëtzebuerg
Next post Previous post