Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Aarbechtsinspektioun am Rekrutementsmodus
Neiegkeeten

Aarbechtsinspektioun am Rekrutementsmodus

Wéi den Direkter vun der Aarbechtsinspektioun (ITM) am Dezember 2015

72.Festival vu Cannes – Ee Selektiounsrekord fir Lëtzebuerg!
Neiegkeeten

72.Festival vu Cannes – Ee Selektiounsrekord fir Lëtzebuerg!

Dëst Joer sinn et Lëtzebuerger Koproduktiounen, déi den audiovisuelle Secteur

Gemengen Zukunftsfit maachen
Neiegkeeten

Gemengen Zukunftsfit maachen

Leschte Méindeg 21. Januar huet d‘Inneministesch Taina Bofferding (LSAP) d‘Vertrieder

Sécher ënnerwee: ACL-Kannersëtzbasar an der Belle Etoile

Sécher ënnerwee: ACL-Kannersëtzbasar an der Belle Etoile

E Samschdeg, den 23. November organiséiert de Lëtzebuerger Automobilclub (ACL) nees säin traditionelle Kannersëtzbasar. Dës Kéier wäerte méi wéi 500 Occasiounen an der Belle Etoile zum Verkaf ugebuede ginn.

Fir eng éischt Kéier wäert den ACL-Kannersëtzbasar am Shoppingzenter vun der Belle Etoile organiséiert ginn. Am ënnerierdesche Parking, op der Säit vu Carshine, wäerte vun 9 bis 15 Auer déi verschiddenst Modeller u Sëtzer a Sécherheetssystemer, fir Äert Kand geschützt am Auto ze transportéieren, ze fanne sinn.

Dobäi goufen am viraus al Kannersëtzer gepréift an entspriechen den europäeschen Normen (ECE R44/03, ECE R44/04 AN R129). Bei dëser Geleeënheet, wou den ACL just als Intermediaire wierkt, wäerten nëmmen boer Bezuelunge méiglech sinn.

Ähnlech Sujeten ACL, Auto, Belle Etoile, Kand, Kannersëtzbazar, Sécherheet, Transport, Verkaf
Nächsten Artikel Virrechten Artikel