Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Esch erlieft eng emotiounsgeluede Gemengerotssëtzung
etiquette dating https://moien.lu/high-school-dating-app/

be happy today dating site

Déi zweet Gemengerotssëtzung vun der Minettemetropole stoung am Zeeche vum

dating show applications
etiquette dating https://moien.lu/high-school-dating-app/

Ofdreiwen, ass wéi sech engem bezuelte Killer ze bedéngen

E Mëttwoch huet de Poopst Francis de Schwangerschaftsofbroch an senger

money
Neies aus dem Automobilsecteur
etiquette dating https://moien.lu/high-school-dating-app/

Neies aus dem Automobilsecteur

Hëlt ee sech de leschten Zuelen un, déi vu STATEC

ACL Mobility Loft: Informéiere, probéieren a léieren!

ACL Mobility Loft: Informéiere, probéieren a léieren!
© ACL
ACL Mobility Loft: Informéiere, probéieren a léieren!
© Shari Pleimelding/moien.lu
ACL Mobility Loft: Informéiere, probéieren a léieren!
© Shari Pleimelding/moien.lu
ACL Mobility Loft: Informéiere, probéieren a léieren!
© Shari Pleimelding/moien.lu
ACL Mobility Loft: Informéiere, probéieren a léieren!
© Shari Pleimelding/moien.lu
ACL Mobility Loft: Informéiere, probéieren a léieren!
© ACL
ACL Mobility Loft: Informéiere, probéieren a léieren!
© Shari Pleimelding/moien.lu
ACL Mobility Loft: Informéiere, probéieren a léieren!
© Shari Pleimelding/moien.lu
ACL Mobility Loft: Informéiere, probéieren a léieren!
© Shari Pleimelding/moien.lu

Gëschter Nomëtteg war zu Bartreng beim Automobilclub (ACL) eng méi lass. Ganz a Giel ass hei nämlech den neie Mobilitéitsservice Mobility Loft presentéiert ginn. Mat dobäi waren ënnert anerem de Jean-Claude Juchem, CEO vum ACL, de François Bausch, Verkéiersminister an den Étienne Schneider, Wirtschaftsminister.

Wie schonn emol Informatiounen zu engem Gefier oder enger Route gesicht huet, een Auto bäigekéiert an Ersatz gebraucht huet oder och am Diagnostic Center säi fuerbaren Ënnersaz iwwerpréiwe loosse wollt, dee war frou sech un den Automobilclub wennen ze kënnen. Kee Wonner also, datt den ACL iwwer 185.000 Memberen zielt, sou de Jean-Claude Juchem.

Och Lëtzebuerg muss mat der Zäit goen. Nom Dieselgate sinn Entreprisen an Automobilisten ëmmer méi onsécher ginn, wat besonnesch elo, wou elektresch Gefierer an Hybriden um Komme sinn, erausstécht. Etüde beweisen, datt eng grouss Zuel un Notzer net genuch Informatiounen zum Typ vum Verkéiersmëttel, oder och zu de finanziellen Hëllefe beim Kaf vun engem „grénge“ Gefier hunn. Dobäi kënnt och nach d’Onsécherheet zu de reale Käschten, beispillsweis vum Entretien, dem Kraaftstoff oder dem ekologesche Foussofdrock.

ACL Mobility Loft

© Shari Pleimelding/moien.lu

Gewosst wéi

Mam sougenannte Mobility Loft wëll den ACL am neutrale Kader nees d’Vertrauen an nei Gefierer opbauen an déi noutwenneg Detailer zu Auto, Scooter, Vëlo a villem méi liwweren. Dobäi ass et egal, ëm wéi een Typ vu Motorisatioun et sech handelt: Ob E-Gefier, Hybrid Plug-In, Hybrid, Bensinner oder Diesel, de gratis Service offréiert de Membere vum ACL déi noutwenneg Kenntnisser.

Den Informatiouns-Räichtum geet nach weider: Zesumme mat ENOVOS kann een déi verschidde Léisunge kenneléieren, fir souwuel doheem, wéi och am ëffentleche Raum een elektrescht Gefier nees opzelueden. Entscheet ee sech fir esou een Typ vun Auto, Scooter oder ähnlechem, gëtt dësen Aspekt am Endeffekt vill ze oft vernoléissegt.

Dat ganzt Joer iwwer wäert een zu Bartreng eng grouss Diversitéit un den neiste Verkéiersmëttel vu verschiddene Marke fanne kënnen, déi een och direkt selwer teste kann. Schliisslech kann ee vill schwätzen, mee et geet näischt iwwert eng Prouffaart. Als Member vum Automobilclub kann ee sech esou wärend geraumer Zäit mat der neier Technologie ausernee setzen an eng Decisioun zum Kaf vum nächste Gefier treffen.

ACL Mobility Loft

© Shari Pleimelding/moien.lu

Wat haten eis Ministeren dozou ze soen?

An eppes waren de Verkéiers- a Wirtschaftsminister sech eeneg: Do huet den ACL eng super Initiative ergraff! Wéi den Étienne Schneider erkläert hätt eleng d’Regierung ronn 1600 Opluetstatioune fir elektresch Gefierer geplangt. Bis 2020 wollt een 40.000 E-Autoen am nationale Verkéier hunn, allerdéngs hätt een dëst Zil nach net erreecht. Zesumme mam neie Service vum ACL kënnt een der Saach awer méi no kommen.

Virun allem de François Bausch huet sech iwweraus houfreg gewisen. Hie selwer ass gëschter Moie mam elektresche Vëlo op de Ministère a spéider mam Hybrid bei seng Rendez-vouse gefuer. D’Léisung soll, sou de Minister, an der Kombinatioun vun allen Transportmëttel leien. Doduerch, datt „déi meescht Bierger“ am Alldag Weeër ënnert 40 Kilometer zeréckleeën, géif sech och fir „déi meescht Bierger“ déi douce Mobilitéit lounen.

Ier d’Gäscht den Tour duerch den ACL Mobility Loft a ronderëm d’Gefierer maache konnten, huet den Antonio da Palma Ferramacho vum Automobilclub de Service direkt op der Internetsäit presentéiert. Och hien huet nees d’Neutralitéit vum Service ervirgehuewen. Vu verdéiften Informatiounen, iwwer Formatiounen an Testfaarten, bis hin zu Evenementer zur Mobilitéit wäert den ACL och an Zukunft kee Member eleng loossen.

Méi Informatioune fannt Dir ënnert www.acl.lu.

Ähnlech Sujeten ACL Mobility Loft, Automobilclub, Douce Mobilitéit, E-Auto, e-Scooter, Etienne Schneider, François Bausch, Jean-Claude Juchem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel