Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Teleconsultatioun an Tele-Suivi: D’Technik mécht et méiglech
Neiegkeeten

Teleconsultatioun an Tele-Suivi: D’Technik mécht et méiglech

Am Kampf géint d’COVID-19-Pandemie huet d’Regierung d’Teleconsultatiounen agefouert, fir esou

CFL: Aweiung vun der Streck Lëtzebuerg – Sandweiler-Contern
Neiegkeeten

CFL: Aweiung vun der Streck Lëtzebuerg – Sandweiler-Contern

Gëschter huet de Grupp CFL déi nei Streck Lëtzebuerg-Sandweiler-Contern zesumme

Pestiziden: D‘Gëft an den eegene véier Wänn
Neiegkeeten

Pestiziden: D‘Gëft an den eegene véier Wänn

Am Kader vun enger Pressekonferenz am Haus vun der Natur

ACL: Mat modernem Design an neie Funktiounen!

ACL: Mat modernem Design an neie Funktiounen!

De Lëtzebuerger Automobilclub ACL iwwerzeegt elo mat enger Internetsäit am modernen an ugepassten Design, sou datt d’Informatiounen nach méi einfach kënnen ofgeruff ginn. Ob Computer, Smartphone oder Tablet, eng qualitativ Navigatioun gëtt op all Apparat garantéiert, an dat souguer a franséischer, däitscher an englescher Sprooch.

Et muss ee mat der Zäit goen, an esou huet och den ACL elo säin Design op der Internetsäit ausgeschafft a moderniséiert. Trafic Infoen, Neiegkeeten a vill weider Detailer gëtt een elo ganz einfach gewuer. Servicer wéi d’Locatioun vun Autoen zu Lëtzebuerg an, an der ganzer Welt, de sougenannten „ACL Diagnostic Center“ bei deem een eng neutral Meenung zum Zoustand vum Auto kritt oder och den „eCall mobile“, wouduerch ee beispillsweis iwwert d’App eng Pann melle kann.

Den Opbau an a vereinfacht Navigatioun verbesseren och dem Notzer seng Erfarungen. D’Demarche fir Member ze gi kënnen elo schnell a simpel ofgeschloss ginn.

Mat neie Funktiounen

D’Wuert „einfach“ ass elo oft gefall, komme mir also zum „nei“. Folgend Funktioune ginn et nämlech ab elo:

  • Op alle Säite vum Site ass riets ënnen den „eCall mobil“ integréiert, sou datt een rapid an direkt mam Centre d’Assistance vum ACL Kontakt ophuele kann.
  • Klickt een op „Trafic Info“, esou kann een iwwert d’Webcams déi aktuell Verkéierssituatioun gesinn. Prezis Informatioune gi vermëttelt.
  • Den neie Service fir Cyclisten „ACL Bike Assistance“ krut seng eege Säit
  • Déi digital Versioun vum Autotouring Magazinn ass op all Apparat schnell zougänglech

Natierlech kann een esou och op d’Social Media Säiten vum ACL kommen an/oder sech beim Newsletter abonnéieren. Laanscht kucke gëllt → www.acl.lu.

Ähnlech Sujeten ACL, ACL Bike Assistance, Design, Diagnostic Center, eCall mobile, Internetsite, Navigatioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel