Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Heavy Petrol Unplugged: Akustesch Kläng zu Déifferdeng!
Auto Neiegkeeten

Heavy Petrol Unplugged: Akustesch Kläng zu Déifferdeng!

Fir eng éischte Kéier wäert d’Lëtzebuerger Bluesgrupp Heavy Petrol um

D‘Lava vum Vulkan Kilauea bedreet eng geothermesch Fabrick op Hawaii
Auto Neiegkeeten

D‘Lava vum Vulkan Kilauea bedreet eng geothermesch Fabrick op Hawaii

D‘Lavastréim déi sech lues awer bestëmmt aus dem Vulkan Kilauea

Black Widow: deen heemlechen deen aus der Däischtert kënnt
Auto Neiegkeeten

Black Widow: deen heemlechen deen aus der Däischtert kënnt

De Black Widow vun der Steeseler Stuff Brauerei, ass esou

ACL: De Staat sollt sech méi op Motorrieder konzentréieren

ACL: De Staat sollt sech méi op Motorrieder konzentréieren

An engem oppene Bréif riicht sech de Lëtzebuerger Automobilclub elo un de François Bausch, Minister fir Transport an ëffentlech Aarbechten. Si schloen de Moto an de Scooter als nohalteg Léisung am Verkéier zu Lëtzebuerg vir.

Dobäi hieft den ACL ervir, datt sech an engem Auto seele méi wéi eng Persoun befënnt, wouduerch ëffentleche Raum ewech geholl gëtt. Een Auto hëlt nämlech d’Plaz vun 2 bis 3 Motorrieder an. Si kritiséieren, datt sech de Staat just op d’Promotioun vum Vëlo konzentréiert, mee dëst doucet Transportmëttel op laang Distanzen éischter onpraktesch ass.

Ausserhalb vu Stied an op méi laangen Distanze bitt sech nu emol e klengt motoriséiert Gefier besser un. Ma, dofir braucht et awer e kloren a legale Kader.

Esou fuerdert den ACL, datt d’Motarden endlech d’Recht kréien, fir Schlaangen a Stau ze iwwerhuelen, esou wéi et och a Frankräich an an der Belsch de Fall ass. Wärend d’Motorradsfuerer waarden, datt de Verkéier sech virubeweegt, sinn si ënnert anerem schiedleche Gase vun aneren Autoen ausgesat. Dës weideren hu si keng Klimatisatioun a sinn der Hëtzt vu Baussen an dem Motor ausgesat.

Wann den Trafic op der Autobunn mat enger Vitess ënnert 30 km/h fiert, sollen d’Motarde mat enger Duerchschnëttsgeschwindegkeet vun 20 km/h laanschtfueren dierfen, an zwar am Couloir tëscht den zwou Spuren, respektiv am lénke Couloir bei dräi Spuren.

Dës Fuerderung muss natierlech mat der richteger Sécherheet ervirgoen. Déi noutwenneg Kleedung, obligatoresch Sécherheetsaccessoiren an d’Verhalen op der Strooss solle méi an däitlech kommunizéiert ginn.

De kompletten oppene Bréif vum ACL fannt Dir HEI.

Ähnlech Sujeten ACL, François Bausch, Iwwerhuelen, legale Kader, Lëtzebuerger Automobilclub, Motorrad, Promotioun, Scooter, Stau, Transportmëttel, Transportminister, Vëlo, Verkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel