Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Album-Rezensioun: „If there is an escape“ vu Stelise
Neiegkeeten Sport

Album-Rezensioun: „If there is an escape“ vu Stelise

D’Lëtzebuerger Band Stelise huet de 5. Oktober an der Kulturfabrik

Kroatien iwwerhëlt EU-Presidence
Neiegkeeten Sport

Kroatien iwwerhëlt EU-Presidence

De kroateschen Ausseminister Gordan Grlic Radman wäerten zu Lëtzebuerg déi

Wéi gutt kenns du dech mam Kanton Veianen aus?
Neiegkeeten Sport

Wéi gutt kenns du dech mam Kanton Veianen aus?

Veianen ass zwar eise klengste Kanton, mee en huet eng

ACL: Ënnerstëtzung vir de „Motorsport Rettungsteam Lëtzebuerg“

ACL: Ënnerstëtzung vir de „Motorsport Rettungsteam Lëtzebuerg“

Den ACL Sport an de Motorsport Rettungsteam Lëtzebuerg (MRL) hunn de 15. Dezember am Kader vun der „International Motor Show“ et Accord fir e Partenariat beschloss. Et geet ëm d‘Promotioun vun der Sécherheet während Motorsportveranstaltungen zu Lëtzebuerg. Bei dëser Geleeënheet huet den ACL Sport dem MRL spezifescht technescht Material iwwerreecht, dat gebraucht gëtt fir de gudde Fonctionnement vum medezineschen Asazgefier ze garantéieren.

„Als Federatioun vum Automobilsport a Karting zu Lëtzebuerg, ass et ganz natierlech, datt mir dëser jonker Equipp vum Motorsport Rettungsteam Lëtzebuerg eis Ënnerstëtzung zoukomme loossen. Mir affirméieren esou och eist Engagement a Punkto Sécherheet, fir sécherzestellen, datt d‘Wettkämpf am Automobilsport zu Lëtzebuerg, an deem méiglechst sécherste Kader ofgehale ginn“, kommentéiert de Marc Joseph, President vum Directoire vum ACL.

De Marc Ludwig, President vum MRL: „Mir si ganz frou eis op esou ee staarke Partner verloossen ze kënne wéi den ACL Sport. Dës Ënnerstëtzung ass essentiell fir eis Aktivitéit auszebauen, déi an éischter Linn d‘Roll vum engem Sécherheetscorps an éischt Hëllef bei Motorsportveranstaltungen ass, zousätzlech zu den traditionelle Rettungsdéngschter, wéi d‘Pompjeeën an de Sauvetage“.

Mat hirem „MIC“, dem Gefier dat fir déi medezinesch Interventioun, der Feierbekämpfung an der Extraktioun vun den Insasse gebraucht gëtt, deen entspriechend den Ufuerderunge vun der internationaler Automobilfederatioun (FIA) ausstafféiert ass, ass d‘Equipp vum MRL e wichtegt Element vum Rettungsequipement an säin Equipage bitt déi spezialiséiert Interventioun, déi kann noutwenneg ginn, wann et emol zum Accident kënnt.

D‘Equipp vum MRL ass besonnesch houfreg, fir schonn Enn Januar 2019, un engem internationale Workshop deelzehuelen, dee vun der franséischer Federatioun vum Automobilsport (FFSA) an dem Automobilclub vum Westen (ACO), mat der Ënnerstëtzung vun der FIA organiséiert gëtt. Duerno dierf den MRL un alle vun der FIA „gelabelte“ Championnater deelhuelen. Esou wéi beispillsweis de Grousse Präis vun der Formel 1 zu Spa-Francorchamps oder de 24 Stonne vu Le Mans.

matgedeelt vum ACL Sport, iwwersat aus dem franséische vum Laure Schlesser

Foto: © ACL Sport

Ähnlech Sujeten ACL, ACL Sport, Marc Joseph, Marc Ludwig, Motorsport Rettungsteam Lëtzebuerg, MRL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel