De Joresbericht vun Doktere vun der Welt ass bedréckend
Um Dënschdeg huet d‘ONG Doktere vun der Welt (MdM) de
Um Dënschdeg huet d‘ONG Doktere vun der Welt (MdM) de
Et kann een ni ze vill üben. Dowéinst ass et
Gëschter Owend war et un déi Lénk, fir op d’Joer
Den Automobilclub zu Lëtzebuerg ass innovativ a fortschrëttlech. Mat engem neie Service, dee sech u seng Membere mat reduzéierter Mobilitéit wennt, beweist den ACL dann och nach dat e fir jiddereen do ass.
Mam Ersatzauto am Fall vun engem Accident oder enger Panne, oder och just fir ze lounen, beim Automobilclub kann hinne gehollef ginn. Tatsächlech huet den ACL seng Gamme u besonnesch amenagéierte Gefierer erweidert.
Elo stinn da wéi gesot de Memberen och zwee VW Caddy Maxi, mat engem 2L Dieselmotor zur Verfügung. Déi sinn mat engem elektronesche Gas um Steierrad am enger Brems (déi een bei Bedarf och ofmontéiere kann) ausstafféiert.

Gas a Brems um Steierrad, fir dat wann emol dat eegent Gefier an der Garage ass oder soss e Mëssel passéiert ass. Dem ACL seng VW Caddy‘en sinn exzellent ausstafféiert. © ACL
Zudeem verfüge béid Autoen iwwert eng Hëllef fir eranzeklammen an enger Ramp fir mam Rollstull hannen eranzefueren. Domatter sollten dann och esou zimlech all d‘Besoinen ofgedeckt sinn déi emol optriede kënnen.
Ausgerëscht goufen déi zwee Caddy vun der Firma Retromobile, de Spezialist fir Gefierer fir Chauffere mat enger Behënnerung oder reduzéierter Mobilitéit. Si hunn hir Erfarung an Expertise an den Déngscht vum ACL gestallt an den Ëmbau virgeholl.
Béid Gefierer verfügen iwwer fënnef Sëtzplazen, grad ewéi Plaz fir e Rollstull. Fir méi Informatiounen oder fir ee vun den Autoen ze reservéieren, sollt een net fäerten sech beim ACL ënnert dem 45 00 45 6100 ze mellen. All Informatiounen natierlech och wéi gewinnt um Site vum Automobilclub.
Foto: De VW Caddy mat senger Ramp fir de Rollstull. Kee soll seng Mobilitéit verléiere wann emol ee Problem besteet. © ACL