Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Buergermeeschter vun Danzeg no Uschlag verstuerwen
Meenung Neiegkeeten

Buergermeeschter vun Danzeg no Uschlag verstuerwen

„Dee bei enger Messerattack schwéier blesséierte Buergermeeschter vun Danzeg, Pawel

De Jean Asselborn fuerdert Verständnis vun däitscher Säit
Meenung Neiegkeeten

De Jean Asselborn fuerdert Verständnis vun däitscher Säit

Den Aussen- an Europaminister Jean Asselborn huet haut den däitschen

Chantier um Echangeur Stroossen vun der A6 (ab dem 19.05.2020)
Meenung Neiegkeeten

Chantier um Echangeur Stroossen vun der A6 (ab dem 19.05.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt et am Kader vum Reamenagement vum

Et hätt een dach besser d’Vëlospisten auszebauen!

Vëlosummer 2020 – Eng Initiative, déi beim ACL fir Froe suergt

Et hätt een dach besser d’Vëlospisten auszebauen!

Ufank Juni hunn den Transportminister François Bausch an den Transportminister Lex Delles de Projet „Vëlosummer 2020“ presentéiert. Ënnerdeelt a 4 Moossnamen (Clever Fueren, eng Navette fir Vëloen op der Nord-Linn vun der CFL, Reservéierung vu 16 Streckenofschnëtter fir Cyclisten an den Transport vum Gepäck vu Cyclisten a Wanderer) wëll ee besonnesch wärend dem Deconfinement dat eegent Land ervir hiewen. Fir de Lëtzebuerger Automobilclub ACL suergt een esou awer fir Bedenken.

Den ACL begréisst den Ensembel u Propositiounen, déi zur Entwécklung vum Vëlo-Fueren an der doucer Mobilitéit bäidroen. Et mécht ee sech awer Gedanken zur Moossnamen, datt 16 Stroosse gespaart solle ginn, sou datt d’Cycliste sech sécher fortbeweege kënnen. Wéi eng Auswierkungen a Konsequenzen huet dat fir de motoriséierte Verkéier? Riskéiert een net Onzefriddenheet an aner onerwaart an onerwënscht Effekter ze provozéieren?

D’Oftrenne vu verschidde klengen Stroossenofschnëtter ass duerch begrenzt Ëmleedungen kee Problem. Kappzerbriechen bréngt éischter d’Späre vum Ofschnëtt Schëndels-Koplescht-Mamer (12 km), dee vill befuer gëtt. Am August 2019 si pro Dag 4.800 Gefierer op dëser Streck gezielt ginn. D’Ëmleedung geet hei iwwert den CR102, respektiv d’A7-A1A6.

Am éischte Fall bedeit d’Deviatioun een Detour vun 1,3 km oder 4 Minutten, sou wéi verstäerkten Trafic an den Dierfer, déi duerchfuere musse ginn. Am zweete Fall läit ee bei engem Ëmwee vu 7 km oder 5 Minutten. Am Fall vun engem Accident gëtt et schwiereg, de Verkéier anescht ze leeden.

Vëlo

Den ACL steet senge Memberen zu all Zäit a fir all Transportmëttel zur Säit, ënnerstëtzt soumat och déi douce Mobilitéit an déi multimodal Konzepter an der Mobilitéit. Dofir fuerdert den Automobilclub laangfristeg Léisunge, sou wéi beispillsweis den Ausbau an d’Entwécklung vun de Vëlospisten.

Méi wéi 600 km Vëlospist äntweren nämlech net op déi reell Besoinen vum Bierger, fir sech op d’Aarbecht ze deplacéieren. Eng un d’Bedierfnisser ugepasst Entwécklung géif wiesentlech méi zur doucer Mobilitéit an zur Sécherheet vun de Cycliste bäidroen.

Aus dësem Grond fënnt den ACL, datt de Projet „Vëlosummer 2020“ sech besonnesch op den Tourismus konzentréiert. Als éischt misst een awer déi feelend Infrastrukture uviséieren. Geféierlech Situatiounen am Stroosseverkéier oder de Manktem u Respekt géigeniwwer Vëlosfuerer ass nämlech trauregen Alldag.

Ofschléissend freet den ACL sech, wisou d’Politik net déi verschidden Acteuren (Gemengen, Ponts et Chaussées, Automobilclibb a Cyclisten) abezunn huet, fir sech zur Initiative auszetauschen an esou besser Konditioune fir jiddwereen ze schafen. Dem Lëtzebuerger Automobilclub kënnt de „Vëlosummer 2020“ net wéi eng duerchduecht an ausgeschafft Aktioun op laang Frist, mee éischter wéi e schnellt Duerchzéie vir.

Ähnlech Sujeten ACL, Douce Mobilitéit, François Bausch, Kommunikatioun, Lëtzebuerger Automobilclub, Lex Delles, Sécherheet, Tourismus, Vëlo, Vëlospisten, Vëlosummer 2020
Nächsten Artikel Virrechten Artikel