Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Cargolux: 2018 war fir d’Entreprise d’Joer vum Päerd
online dating was suchst du Stories

hook up with pregnant girl

Am vergaangene Joer huet Cargolux Airlines International ee perséinleche Rekord

christian singles dating free
30 year old man dating 41 year old woman
online dating was suchst du Stories

Frankräich fuerdert Reform vum Entsendegesetz

Um Donneschdeg huet déi polnesch Premierministesch Beata Szydlo bestätegt, datt

Robert Mueller setzt Trump ënner Drock
online dating was suchst du Stories

Robert Mueller setzt Trump ënner Drock

Wéi amerikanesch Medie beriichten, steet den Donald Trump mëttlerweil an

christian singles dating free

“Actions positives”: Gläichbehandlung am Privatsecteur ausgezeechent

“Actions positives”: Gläichbehandlung am Privatsecteur ausgezeechent

Um Donneschdeg sinn zu Rëmerschen vum Ministère fir Chancëgläichheet sechs Entreprisë mam AwardActions positives“ ausgezeechent ginn. Firmen déi sech fir d‘Gläichheet tëscht Mann a Fra op der Aarbechtsplaz asetzen, ginn op dës Aart a Weis fir hir Beméiunge belount.

D‘Ministesch fir Chancëgläichheet, Lydia Mutsch huet an hirer Usproch dann och begréisst, datt d‘Engagement vun ëmmer méi Entreprisen seng Friichten dréit. Et misst sécherlech nach vill méi gemaach ginn, mee ugesicht de sëlleche Firmen déi sech all Joer fir den Agreement vum Ministère qualifizéieren, wier een hei um gudde Wee.

Sech dofir anzesetzen Entreprisen, mee och Administratiounen, ze motivéieren um Projet „Actions positives“ deel ze huelen, läit dann och an der Natur vum Ministère fir Chancëgläichheet. Wien sech dann elo och fir den Agreement vum Ministère qualifizéiert, kann dann och vun enger substantieller Finanzhëllef profitéieren.

Jidderee profitéiert dovunner

Et ass dann awer net nëmmen d‘Geld wat déi vill Entreprisen, déi hei scho matgemaach hunn an nach matmaache wäerten, motivéiert. Wien de Projet „Actions positives“ kenneléiert erkennt meeschtens ganz séier wéi eng Avantagen och d‘Entreprise aus der Gläichbehandlung vu Mann a Fra huet.

D‘Gläichstellung bitt vill Virdeeler, fir d‘Mataarbechter an de „Patron“. Wien sech respektéiert fillt, och d‘Vertrauen huet amstand ze sinn Verantwortung ze iwwerhuelen, ass net nëmme méi motivéiert mee erkennbar méi produktiv. Eng Produktivitéit déi sech net duerch méi Aarbechtsstonnen auszeechent, mee duerch d‘Motivatioun. Et ass een net méi ee Riedchen am Apparat, mee en Deel vum ganzen.

An zu Lëtzebuerg kënnt dëse Programm dann och noweisbar gutt un. Stereotyppe kréien den Dicks gebéit, wat sech schonn eleng bei de Salaire beleeë léisst. Esou läit den Ënnerscheet an der Pai tëscht Mann a Fra (an der Moyenne) nach bei „just“ 5,4%. Datt ass op EU-Niveau, wou dës Differenz nach allgemeng bei 16,7% läit, ee ganz gutt Zeechen.

Besoine berécksiichtegen

Et dierf een dann och zouversiichtlech sinn, datt wann ee progressiv d‘Majoritéit vun den Entreprisen hei am Land kann zum „Matmaache“ motivéieren, zukünfteg eng reell Paritéit erreeche kann. Mee et geet och ëm méi wéi nëmmen ëm d‘Geld. Fraen a „gehuewe“ Positiounen innerhalb den Entreprisen, bréngen och eng nei Dynamik eran.

Vun den 72 Entreprisen déi bis haut matgemaach hunn, bestätegen se all sech och wirtschaftlech besser géintiwwer der Konkurrenz opgestallt ze hunn. E ganze wichtegen Aspekt ass et dofir och, d‘Aarbechtsliewe mam Privatliewen an Aklang ze bréngen. Méi flexibel ze ginn, och oder vläicht besonnesch wat d‘Aféiere vum Deelzäit, Mammen- oder Pappecongé ubelaangt.

Eng gutt sozial Kohäsioun fänkt dann och an der Aarbechtswelt un. Eng Kultur vun der Chancëgläichheet stäerkt d‘Gesellschaft, d‘Famill an ebe grad och d‘Wirtschaft. Gutt opgestallt an d‘Zukunft goen, ass mam Respekt an der Fërderung vun de Frae, besonnesch wann se an den Entreprisë Verantwortung kënnen iwwerhuelen, fir all d‘Entreprisen net méi ewech ze denken.

Zu de Lauraten

Ausgezeechent mam Award „Actions positives“ 2017 goufen esou d‘CIMALUX. Eng Entreprise aus der Schwéierindustrie déi Zement hierstellt. De President vum Verwaltungsrot, Christian Weiler ass dann och houfreg op de Präis a stellt fest, datt gemëschten Equippen einfach besser schaffen, wat virun allem vum Personal ganz positiv opgeholl gëtt.

E weidere Laureat, d‘Firma E-Kenz. Si hunn sech 2015 „ageschriwwen“ mam Hannergrond d‘Paritéit ze stäerken an eng Strategie vun der Verbesserung ëmzesetzen. Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère fir Chancëgläichheet, konnten si hir Aktioune plangen an och ëmsetzen. Fraen ze encouragéieren sech am Management ze positionéiere war eent vun den héijen Ziler déi sech gesat an erreecht goufen.

Bei der ERGO-Life, enger Versécherung gehéiert d‘Gläichstellung zur Firmestrategie. D‘Paritéit vun de Geschlechter, esou kann ee soen, huet bei der Duechtergesellschaft vun der „Munich Re“ Traditioun. De Projet deen iwwer zwee Joer an der Entreprise vun engem Team aus fënnef Leit geréiert ginn ass huet zu enger ganzer Rei Verbesserunge gefouert, op déi een haut houfreg ass.

Dat gesäit den Yves Stein, CEO vun der KBL, och esou. De Programm „Actions positives“ huet dann och zur Fërderung vun der Chancëgläichheet gefouert, déi zudeem all Form vun Diskriminatioun ausschléisst. D‘KBL, déi och e Virreider vun der Paritéit war, konnt sech duerch d‘Participatioun nach weider verbesseren a kann nëmmen empfeele matzemaachen.

Fir MCM, déi zwar wirtschaftlech betruecht eng „grouss“ Entreprise“ ass, Personell dann nees éischter zu de mëttlere Firme gehéiert, huet de Projet nëmme Virdeeler bruecht. D‘Directrice Marie-Christine Mariani war wuel net iwwerzeegt op et fir esou e klenge Kader noutwenneg wier, géif et elo awer direkt nees ugoen. De Betribsklima an déi intern Kommunikatioun hunn sech esou verbessert, datt och MCM, nëmme rode ka matzemaachen.

Bei der Botzfirma Netto-Service, déi traditionell méi Frae wéi Männer beschäftegt, huet de Projet „Actions positives“ et méiglech gemaach d‘Engagement fir d‘Chancëgläichheet an d‘Toleranz nach emol ze verstäerken. Hei konnten a ginn dann och méi Fraen ermontert e Poste mat Verantwortung ze iwwerhuelen, déi soss éischter un e Mann gaange sinn. D‘Mireille Meyers, Gerante-Associée, steet dann och dofir an, datt keen dierf a senger berufflecher Entwécklung behënnert ginn.

Kee Laureat, mee dofir mat engem „extrae Präis“ ausgezeechent, AXA. Si sinn ënnert all de Kandidaten déi sech fir den Agreement ugemellt hunn, wéinst hirem motivéierten Dossier vun enger Jury ausgewielt ginn. D‘Marie-Helène Massard, CEO vun AXA-Lëtzebuerg ass dann och dem Projet ganz opgeschloss an iwwerzeegt datt seng Equippe, déi elo d‘Virgaben ëmsetze soll, hirer Verantwortung an dem Optrag wäerte gerecht ginn.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Actions positives, Lydia Mutsch, Ministère fir Chancëgläichheet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel