Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schéisserei zu Hanau: den Dag duerno…
Neiegkeeten

Schéisserei zu Hanau: den Dag duerno…

Nodeems e Mann an Hessen 10 Mënschen an uschléissend sech

Munneref: De Steve Reckel als neie Buergermeeschter vereedegt
Neiegkeeten

Munneref: De Steve Reckel als neie Buergermeeschter vereedegt

E Freideg huet d‘Inneministesch Taina Bofferding (LSAP) dem neie Buergermeeschter

Turbulent Manifestatiounen zu Paräis
Neiegkeeten

Turbulent Manifestatiounen zu Paräis

Bei der Demonstratioun fir de Klima, där sech gewaltbereet Anarchisten

ADAPTO: De „Collectif 1329“

Wa Ministeren Topegkeete verbreede kann et emol zur Retourkutsch kommen

ADAPTO: De „Collectif 1329“

E Méindeg hat de „Collectif 1329“ – e Verbond vun: „Nëmme mat Eis Asbl“, dem DTH OGBL, der ULC an der Patiente Vertriedung Asbl – um Sëtz vun Info-Handicap en Informatiounsowend missen organiséieren, fir op dem Minister François Bausch seng den 11. Februar gemaachte kontroverséiert Aussoen am Radio ze reagéieren.

Deen hätt behaapt, datt de „Collectif 1329“ en Zesummeschloss vu Leit ass, déi keng Ahnung hunn, wat op dat schäerfst vun de Concernéierten zréckgewise gëtt. Schonn d‘Hierkonft vun de Membere vun dësem Kollektiv géif ënnersträichen, datt et een aktiven Austausch tëscht dem Secteur vun de Mënsche mat spezifesche Besoinen an de Patientevertrieder gëtt.

Vum Kollektiv gëtt zudeem denoncéiert, datt de Minister fir Mobilitéit an Tramschantieren, net am geréngsten de Bedenke vun esou wichtege Gremien, wéi beispillsweis dem „Ieweschte Rot vun de Persoune mat Handicap“ (CSPH) Rechnung gedroen hätt. Och d‘Verëffentlechung vum Formulaire – fir d‘Erneierung vun der Kaarten – wier schonn den 23. Januar geschitt, während den Infoowend vum Ministère eréischt de 4. Februar bei Info-Handicap stattfonnt huet.

Een éischter schlechten Timing, deen zu vill Onrou gefouert huet. Hei hätt sech de „Collectif 1329“ eng méi roueg a virun allem participativ Virgoensweis gewënscht. Zudeem wier et eppes affrontéiert sech op eng enk Zesummenaarbecht ze beruffen, wann den CSPH Mëttwochs de Formulaire erhält zu deem hie bis Freides soll en Avis ofginn.

ADAPTO

© OGBL

De Kollektiv erënnert dann och nach emol mat Nodrock dorunner, datt de Service ADAPTO 2007 als Novabus agefouert gouf „fir deenen nach ëmmer ville Barrièren am ëffentlechen Transport an domat der sozialer Isolatioun an Exklusioun vu Leit mat Behënnerung entgéintzewierken“.

Allerdéngs, esou de Standpunkt vum „Collectif 1329“ huet déi aktuell Reform vum Service ADAPTO näischt mat der Aféierung vun der Gratuitéit vum ADAPTO zu 1. Mäerz – zäitgläich mat der Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport – ze dinn. Heizou heescht et: „ D‘Reform wier souwisou komm, just d’Leit hätten dofir nach weider bezuelt. Diskriminéierung war de Grond fir Eis Petitioun. Mir wëllen nach drop hiweisen dat mir zu jidder Zäit eis Bereetschaft erkläert hunn, mam Ministère zesummenzeschaffen, fir déi bescht méiglech Léisung am Interessi vun de betraffene Leit ze fannen“.

Dat ass eng zimlech däitlech Ausso, zur där een elo gäre d‘Meenung vum Minister héiere géif. Deen ass zur Stonn a Schweden a muss sech mat der Verkéierssécherheet beschäftegen. Hien dierft awer och heizou eng Meenung hunn. D‘Doleance vun der Patiente Vertriedung Asbl, hu mir iech e Méindeg zougedroen.

Foto: © OGBL

Ähnlech Sujeten ADAPTO, Collectif 1329, DTH OGBL, François Bausch, Nëmme mat Eis Asbl, Patiente Vertriedung Asbl, ULC
Nächsten Artikel Virrechten Artikel