Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Si hunn erëm de „schéine Männche“ gemaach
Neiegkeeten

Si hunn erëm de „schéine Männche“ gemaach

D‘Ministeren hunn sech an hirer Reunioun mat der Aarbechtsmaartsituatioun am

Lock-Down: D’Ëmwelt otemt op (Billerserie)
Neiegkeeten

Lock-Down: D’Ëmwelt otemt op (Billerserie)

Scho Mëtt Mäerz hat d’European Space Agency (ESA) matgedeelt, datt

Wéi gutt kenns du dech mam European Hillrace zu Eschduerf aus?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du dech mam European Hillrace zu Eschduerf aus?

Dëse Quiz gouf vun der Union des Pilotes Luxembourg gesponsert

ADAPTO: Entrevue tëscht OGBL an Transportminister

ADAPTO: Entrevue tëscht OGBL an Transportminister

De Generalsekretär vum Departement vun den Aarbechter mat spezifesche Besoinen (DTH), Joël Delvaux, war rezent zu Besuch beim Minister fir Mobilitéit, François Bausch. Heibäi ass et drëms gaangen, Informatiounen am Bezuch op d‘Gratuitéit an déi zukünfteg Entwécklung vum Service ADAPTO auszetauschen.

Fir den OGBL muss dëse Service gratis sinn, dat am Sënn vun der Gläichstellung mat allen anere Benotzer vum ëffentlechen Transport, deen ab dem 1. Mäerz 2020 gratis gëtt. Am Juli, huet de Minister an der Chamber dëse Service mat enger Déngschtleeschtung wéi den Taxi verglach a sech géint d‘Gratuitéit vun dësem Service ausgeschwat.

Den OGBL huet dann och leschte Juli eng Entrevue mam Minister ugefrot, déi dann och Enn leschter Woch zustane komm ass. Virun dëser Entrevue hat de François Bausch awer schonn annoncéiert, datt och der Service ADAPTO zesumme mam ëffentlechen Transport, also zum 1. Mäerz der Gratuitéit zougefouert gëtt.

Zefridden?

Säitens der DTH war dës ministeriell Annonce begréisst ginn, woubäi dem Minister nach emol däitlech erkläert gouf, datt ee schockéiert war aus sengem Mond de Verglach mat engem Taxi-Service ze héieren. Den DTH huet drop bestanen dem Minister ze erklären, datt déi Clienten déi sech un ADAPTO wennen an der Realitéit keng aner Moyenen hunn fir sech ze deplacéieren, ugesiichts hir spezifesche Besoinen. Sief dat fir op d‘Aarbecht, fir bei den Dokter, a villes méi.

Der Minister huet dem Joël Delvaux bei der Entrevue erkläert, datt een sech d‘Situatioun ugekuckt hätt an och de Wonsch eng Léisung zu dësem Sujet ze fannen, dobäi ëmmer am Mëttelpunkt gestanen huet. Et sollt eng Léisung fir jidderee sinn, ugepasst un déi individuell spezifesch Besoine vun all Demandeur. Dat huet zum Entschloss vun der Gratuitéit gefouert. Dat, esou de Minister bedeit awer och, datt d‘Reegele fir d‘Notzung vun enger Kommissioun mussen definéiert ginn.

Heibäi géif et an éischter Linn drëms goen, de sëllechen Abusen – déi an der Vergaangenheet festgestallt goufen – entgéintzewierken. An dëser Kommissioun solle Vertrieder vun de Ministèren (Mobilitéitsministère a Sozialministère) zesumme mat Representante vun der Zivilgesellschaft (Associatioune vu Leit mat Behënnerungen) siegéieren. Hir Missioun ass et en neit Regelwierk ze erstellen an de Profil vun de Leit ze definéieren, déi keng aner Wiel hunn wéi den ADAPTO.

Verännerungen?

Bei der Entrevue huet de Minister dann och nach weider Changementer betreffend de Service ADAPTO ugekënnegt. Esou sollen d‘Minibusser an Zukunft d‘Leit net méi doheem, mee op engem Sammelpunkt iwwerhuelen. Eng Telefonszentral, déi nach mat Ënnerstëtzung vum Verkéiersbond muss geschafe ginn, soll sech dann drëms këmmeren, d‘Ufroe vu méi Clienten ze regroupéieren an dësen dann eng Zäit an ee Sammelpunkt uginn, wou de Minibus vun ADAPTO si ofhëlt.

De Service weiderhin esou individuell unzebidde wéi dat bis ewell da Fall ass, also d‘Demanden net zesummenzefaassen, géif de Käschtepunkt op en net erdréiglechen Niveau hiewen. Dat dierft nach fir weider gespréich suergen… Den OGBL wollt dann awer och nach vum François Bausch wëssen:

  • 1) ass de Fait datt eng Persoun am Besëtz vun engem Führerschäin ass, Grond genuch fir vum Notze vum zukünftege Service ADAPTO ausgeschloss ze ginn?
  • 2) kënnen och weiderhi Persoune mat spezifesche Besoinen, déi op eng Begleetpersoun ugewise sinn dësen nei organiséierte Service benotzen?
  • 3) gëtt et och weiderhin eng Limitt vu 15 Deplacementer pro Mount, esou wéi et aktuell de Fall ass?

Dës Froe konnt de Minister net beäntwerten. Hien huet drop verwisen, datt dat genee déi Punkte sinn, mat deenen sech déi „Evaluatiounskommissioun“ muss ausenanersetzen. Hie kann sech awer elo och net virstellen, datt de Fait e Permis ze hunn e Problem duerstellt. Och datt d‘Unzuel vun den Deplacementer soll limitéiert sinn, kann hie sech net virstellen. Et muss allerdéngs e legale Kader geschafe ginn, mat deem déi nei Reegele vum Service ADAPTO festgeluecht solle ginn.

Elo war et dem OGBL nach wichteg dem Minister virzeschloen, Mesuren (Coaching) an d‘Plaz ze stellen, fir datt Persoune mat spezifesche Besoinen oder ageschränkter Mobilitéit léiere kënnen sech dem ëffentlechen Transport unzepassen. Vill Leit wéisste beispillsweis net, datt 90% vun der Busser an déi meescht Zich iwwer Zougangsrampe fir Rollstill verfügen. An dësem Kontext muss och ënnerstrach ginn, datt de Recours un den ëffentlechen Transport eng méi „integrativ“ Aart a Weis ze reese wier. D‘Leit déi den ADAPTO notzen, reese schliisslech zimlech isoléiert.

Fräi Interpretatioun vum DTH-Communiqué (OGBL) an aus dem franséischen iwwerholl vum Laure Schlesser

Illustratioun: Engin Aykurt/Pixabay

Ähnlech Sujeten ADAPTO, DTH, François Bausch, Joel Delvaux, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel