Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg Stad: D’Badeanstalt ass zou vum 24. September bis de 14. Oktober
Neiegkeeten

Lëtzebuerg Stad: D’Badeanstalt ass zou vum 24. September bis de 14. Oktober

D’Staat Lëtzebuerg informéiert de Public, datt de „Centre de Relaxation

What the Fakt – Dänemark erlaabt säit 1989 d’agedroe Partnerschaft fir Homosexueller
Neiegkeeten

What the Fakt – Dänemark erlaabt säit 1989 d’agedroe Partnerschaft fir Homosexueller

D’Skandinavier waren eis jo schonn ëmmer am viraus. Mee wousst

Koplescht: Ass de Wiessel vum Wahlbezierk einfach esou méiglech?
Neiegkeeten

Koplescht: Ass de Wiessel vum Wahlbezierk einfach esou méiglech?

Dës Fro steet am Raum. Den Dag vun de Gemengewahlen

ADEM: Esou wéi si de Chômagetaux duerleeën, stëmmt en net

„Wann iwwerhaapt, misst sech de Chômagetaux op de Lëtzebuerger Aarbechtsmaart bezéien, an net op Lëtzebuerg“

ADEM: Esou wéi si de Chômagetaux duerleeën, stëmmt en net

Virun e puer Méint hu mir et opginn, déi eis zur Verfügung gestallten Zuelen am Kader vum Aarbechtsmaart weider ze verëffentlechen. De Grond heifir ass einfach: esou wéi d‘Zuele vun der ADEM an/oder dem Aarbechtsministère virgeluecht ginn, sinn se net mat der Realitéit vereenbar.

Et ass wuel erfreelech, wann eis, wéi leschten Dënschdeg verkënnt gëtt, datt de Chômagetaux zu Lëtzebuerg elo bei fantastesche 5,3% läit (dat wier eng Baisse vu 6,1% op ee Joer). Elo gëtt bei dësen Zuelen allerdéngs net berécksiichtegt, datt eisen Aarbechtsmaart bal zur Hallschent op d‘Grenzgänger ugewisen ass. Hiren Undeel un der aktiver Populatioun bedréit ëmmerhi 46%.

Datt déi Zuelen sech eenzeg an eleng op d‘Residente vu Lëtzebuerg bezitt, ass dem Fait geschëlt, datt ee sech un déi international Reegel hält, laut där de Chômagetaux am Verglach zu den Awunner berechent gëtt. Elo ass et leider esou, datt dëse rekurrente Problem der ADEM duerchaus bekannt ass. Firwat ass dann net méiglech, wann ee weess dat déi Zuelen net vill daachen, dat ze änneren?

Bis et net méi anescht geet

Gutt, datt ass mat Aarbecht verbonnen, well fir e realistesche Chômagetaux vum Lëtzebuerger Aarbechtsmaart ze ermëttelen, misst ee sech ëmstellen, an dat schéngt eppes ze vill verlaangt. Interessant dofir d‘Ausso vum Chef-Statistiker, Jean Ries, dee mat „dat ass eng onméiglech Aarbecht“, den Opwand fir déi Berechnung kengem wëll operleeën. Et wier awer ubruecht…

Och d‘Argument: „Wann e bedenkt, datt de Chômage op der Basis vun der aktiver Populatioun, also all deenen déi Schaffe kennen, berechent gëtt, dat stellt sech onweigerlech d‘Fro, wéi een dëse Bewäertungssystem op déi Groussregioun ëmleeë kann? Wouhier soll ee wëssen, wien aus der Groussregioun eng Aarbecht zu Lëtzebuerg sicht a wien net?“, ass net iwwerzeegend.

Ugesiichts dem Fait, datt Lëtzebuerg „e groussen Employeur“ fir d‘Grouss Regioun ass, an datt bal d‘Hallschent vun de Mënschen um „Lëtzebuerger Aarbechtsmaart“, an der Groussregioun wunnen – dorënner och ëmmer méi Lëtzebuerger – sollt een hei ëmdenken. Gett bei der ADEM um bestoende System festgehalen, well et e gudde Konjunkturellen Indicateur ass? Gutt méiglech…

Bréissel verdeelt d‘Kaarten nei

Wann dann awer elo d‘Reform vun der Chômageindemnitéit, wéi se op EU-Niveau virgesinn ass, och zu Lëtzebuerg muss ëmgesat ginn, kann een eigentlech net méi anescht, wéi sech op eng Statistik vun der Groussregioun bezéien. Dës Reform gesäit schliisslech vir, datt eng Persoun déi zu Lëtzebuerg – ënner Konditiounen – hir Schaff verléiert, vu Lëtzebuerg muss Chômagegeld erhalen.

Dees ass ee sech glécklecherweis och op der ADEM bewosst, an den Delai deen de Minister Nicolas Schmit (LSAP) fir Lëtzebuerg erausgeschloen huet, sollt genotzt ginn, fir ebe grad de Bewäertungssystem ëmzestellen. De Chef-Statistiker huet zougestanen, datt ee schonn eppes „gerechent“ huet, an dobäi e puer Feststellunge gemaach hätt, déi fir Kappzerbrieches suergen.

Aktuell ass et esou, datt vun de 14.773 ageschriwwene Chômeuren (Resident) der 7.821 eng Indemnitéit erhalen. Fir de Jean Ris misst een, wann d‘Reform och zu Lëtzebuerg ugewannt gëtt, dës Zuel verduebelen. Lëtzebuerg misst deemno eng 16.000 Chômeuren indemniséieren. Datt awer wier bannent zwee Joer net an de Grëff ze kréien, heescht säitens der ADEM.

Do kënnt nach eppes op eis duer

Dofir ass Versteesdemech do, an et muss een och enger ADEM genuch Zäit ginn sech op déi nei Virgaben anzestellen. D‘Reform awer bréngt mat sech, datt mir faktesch méi Chômeuren indemniséiere mussen, eise Chômagetaux awer nach ëmmer nom ale System berechent gëtt. Well heeschen, datt mir wuel „statistesch“ nach ëmmer Top, bei den Ausgaben awer e Flopp sinn.

D‘Zuelen déi engem elo zur Verfügung gestallt, respektiv vun der ADEM genotzt ginn, fir eis eng „blendend“ Statistik ze presentéieren, sinn ëm Aewëscherei. Si entspriechen net den Tatsaachen, a vermëttelen esou och e falschen Androck vun der Realitéit. Et wier, am Bezuch op d‘Reform, e Beweis vu Wäitsiicht, sech dat mat enger Statistik zur Groussregioun nach emol ze iwwerleeën.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten ADEM, Chômage, Jean Ries, Konjunktur, Nicolas Schmit, Statistik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel