Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Keng Reklammen w.e.g. (Lieserbréif)
Neiegkeeten

Keng Reklammen w.e.g. (Lieserbréif)

Op menger Bréifkëscht pecht e gielen Autocollant “Keng Reklammen w.e.g.”.

Déi Franséisch Eisebunner hunn sech fir de Klassekampf entscheet
Neiegkeeten

Déi Franséisch Eisebunner hunn sech fir de Klassekampf entscheet

Bei der SNCF sténken d‘Lompen net, se brennen. Déi franséisch

Gratis Plastikstuten: 28 vu 450 kontrolléierten Etablissementer hu se nach offréiert
Neiegkeeten

Gratis Plastikstuten: 28 vu 450 kontrolléierten Etablissementer hu se nach offréiert

Nodeems zënter dem 31. Dezember 2018 keng gratis Plastikstuten a

ADEM wëll sech op Laangzäitchômeuren an d‘Integratioun vun de Flüchtlinge konzentréieren

ADEM wëll sech op Laangzäitchômeuren an d‘Integratioun vun de Flüchtlinge konzentréieren

E Freideg war d‘Direktesch vun der ADEM am Interview beim Semi-privatiséierte Staatssender 100,7 am Interview. Hei huet d‘Isabelle Schlesser den Akzent op d‘Wichtegkeet vun de Sproochen an der Qualifikatioun higewisen, déi vum Aarbechtsmaart gefuerdert ginn.

Fir de Flüchtlingsstatut zu Lëtzebuerg zougesprach kritt, dierf – zumindest theoretesch – och eng Schaff unhuelen. Wéi d‘ADEM-Directrice op der Antenn erkläert huet, sinn aktuell eng 750 Leit mam Flüchtlingsstatut an hirer Institutioun ageschriwwen. Deene géif d‘ADEM „verstäerkt“ Sproochecoursen ubidden. Datt et sech heibäi net ëm déi Lëtzebuerger Sprooch handelt sot si net.

Woubäi et jo der ADEM an éischter Linn drëms geet d‘Leit iwwerhaapt emol „ënner Daach“ ze kréien, wat e kloren Hiweis drop ass, datt „franséisch“ – besonnesch am Niddreglounsecteur eng „Verkéierssprooch“ – gemengt ass. Dat hätt een dann esou och dierfe soen, war awer sécherlech politesch net erwënscht. Et ass awer ze begréissen, datt sech iwwerhaapt emol de Leit ugeholl gëtt.

Kierzlech hu mir och missen notéieren, datt de Chômage zu Lëtzebuerg (Residenten) nees eppes an d‘Luucht gaangen ass an laut dem Isabelle Schlesser wier dat wuel bedauerlech awer leider normal. Dat wier dem Desequiliber geschëlt, deen tëscht der Demande vum Aarbechtsmaart an der Qualifikatioun vum Chômeur besteet. Besonnesch betraff sinn hei d‘Laangzäitchômeuren.

Méi generell stellt d‘Isabelle Schlesser fest, datt bestänneg nei Beruffer entstinn an (obsolet) Beruffer ewechfalen. An et schéngt wéi wann eis Nopere besser op dës „nei Demande“ vum Aarbechtsmaart virbereet wiere wéi mir. Si mengt dann och, datt den eigentleche Problem doranner besteet, d‘Formatioun (Schoul) dëser Demande unzepassen. Et misst een also antizipéieren.

Wann awer am Kontext „Aarbechtsmaart“ esou antizipéiert gëtt, wéi dat am Logement oder bei den Infrastrukturen am Land de Fall ass, da wäert villes un der ADEM hänke bleiwen. Anescht ausgedréckt, si missten sech dann also këmmeren, datt d‘Demandeuren eng Formatioun oder Weiderbildung erhalen, déi hinnen d‘Dieren zum „éischten“ Aarbechtsmaart opmécht.

Illustratioun: kenishirotie/Envato

Ähnlech Sujeten Aarbechtsmaart, ADEM, Flüchtlingen, Flüchtlingsstatut, Isabelle Schlesser, Langzäitchômeuren, Qualifikatioun, Sproochen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel