Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den US-President huet eng Iddi: „Eng Solar-Mauer als Grenz“
Neiegkeeten

Den US-President huet eng Iddi: „Eng Solar-Mauer als Grenz“

Den Donald Trump huet um Mëttwochowend am Iowa, op engem

Onofhängeg oder à la Carte?
Neiegkeeten

Onofhängeg oder à la Carte?

Et ass nawell onroueg ginn an der Mediewelt. Doriwwer sollt

Sommet vu Wladiwostok: Garantie fir Nordkorea!
Neiegkeeten

Sommet vu Wladiwostok: Garantie fir Nordkorea!

Et war dat éischt Treffen tëscht dem russesche President, Vladimir

ADEM profitéiert vu gudder Konjunktur

Chômagezuele fir dat véiert konsekutiivt Joer réckleefeg

ADEM profitéiert vu gudder Konjunktur

No engem klenge Skandal deet et gutt sech nees mat vill Positivem an der Ëffentlechkeet ze weisen, an esou hunn d‘Direktesch vun der ADEM, Isabelle Schlesser, an hir Adjointe, Gaby Wagener, sech mat vill Begeeschterung iwwert en duerchaus begréissenswäerte Bilan hiergemaach.

Esou wier 2018 en duerchaus dynamescht Joer fir den Aarbechtsmaart gewiescht. E Wuesstem vun 3,8% bei den Aarbechtsplazen an e Réckgang vum Chômage vu -5,7% sinn eng gutt Ausgaangslag fir d‘Presentatioun vum Bilan. Flott fir eis: an der ganzer europäescher Unioun gëtt et keen anert Land, datt ähnlech Zuele virweise kann. Mee dat gutt Resultat kënnt elo awer net vun ongeféier…

Wa gewosst ass, datt zu Lëtzebuerg eng 450.000 Mënschen enger bezuelter Aarbecht noginn, esou ass et wichteg ze bedenken, datt 75% vun dëse Leit keng Lëtzebuerger sinn, an och den Undeel vun de Grenzgänger mëttlerweil iwwert d‘Hallschent vun der sougenannter „Aktiver Bevëlkerung“ duerstellt. An dat, esou d‘Direktesch, wier fir d‘ADEM eng Erausfuerderung där e sech stelle misst.

Dat bréngt also mat sech, datt een trotz brillanter Konjunktur a Wuesstem – ëmmerhi sinn fir dat véiert konsekutiivt Joer d‘Chômagezuele réckleefeg – och emol muss an Erënnerung ruffen, datt esou Phas och emol u seng Grenze stéisst an et net éiweg esou wäert weidergoen. Schliisslech muss beduecht ginn, datt d‘Land och emol un d‘Grenze vu senger territorialer Kapassitéit wäert kommen.

Méi Aschreiwungen

Géintiwwer 2017, huet et och eng zolidd Hausse bei den Aschreiwunge ginn (+3,7%) wat sech dann awer duerch d‘Aféierung vum REVIS erkläert, an och an Zesummenhang mat der Reform vum europäesche System vun der „Entschiedegung vun de Grenzgänger“ ze bréngen ass. Esou hu sech wiesentlech méi Frontaliere bei der ADEM ageschriwwen. Géintiwwer Mäerz 2018 sinn et +109%.

Et mécht dann och Sënn sech als Bierger vun der Groussregioun op der ADEM anzeschreiwen. Net manner wéi 17.000 Mënschen hunn iwwert d‘ADEM eng Schaff fonnt (+2,2% géintiwwer 2017) a wéi scho bemierkt, ginn déi meescht Plaze vu Leit aus dem noen Ausland besat. Dozou kënnt och, datt e sech säit geraumer Zäit per Telefon oder Online e Rendez-vous fir d‘Aschreiwung ufroe kann.

Op där aner Säit ginn déi sëlleche Partenariater mam Patronat an den Interim-Entreprise, mee och de Beruffsorganisatiounen a soss „Institutioune“ weidergefouert. Et gëtt personaliséiert Servicer fir zimlech all Alters an&/oder Beruffsgruppen, an esouguer eng „Begleedung zur Orientéierung“ gëtt mëttlerweil ugebueden. Och den Dispositif fir Laangzäitchômeure dréit éischt Friichten.

Eng digitaliséiert Zukunft

Et wier wichteg, esou d‘Gaby Wagener, net aus den Aen ze verléieren, datt d‘Digitaliséierung an alle Beruffer zu Erausfuerderunge féiert, an hei besonnesch Efforten och vun der ADEM verlaangt ginn. Esou misst een seng Prioritéiten op déi Kategorie vu Leit verleeën, déi net iwwert déi benéidegt Qualifikatioune verfügen, an déi „fit fir den digitaliséierten Aarbechtsmaart ze maachen“.

Hei gëtt sech op de Pilotprogramm „Luxembourg digital skills bridge“ bezunn, deen 2018 vum Aarbechtsministère an d‘Liewe geruff gouf. E Programm deen an éischter Linn drop ausgeluecht ass, d‘Leit an Aarbecht ze behalen, dat méiglechst beim selwechte Patron. Eng 300 Leit aus 10 Entreprisen hunn dann och scho vun dëser Moossnam – déi vun der EU unerkannt ass – profitéiert.

Grousse Wäert gëtt op d‘Bezéiung zu den Entreprise geluecht. Déi erwaarden sech e kompetenten a méiglechst gläichbleiwende Kontakt. Deem schéngt d‘ADEM dann och Rechnung ze droen. Eng eegen Ëmfro huet deemno erginn, datt iwwer 90% vun den Entreprisen, mam Service vun der ADEM ganz zefridde sinn. Dësen Taux ass bei den Demandeuren nëmme liicht méi niddreg…

De Brigang am eegene Büro

Am Abrëll huet d‘ADEM géint e Mataarbechter missen eng Plainte areechen, wëll dëse soll Suen ënnerschloen hunn. Am Gewulls vun der Aktioun war duerchgeklongen, datt et sech bei dëser net esou ganz éierlecher Persoun ëm e Mataarbechter vun engem „Prestataire“ géif handelen. Deem, esou de Korrektiv vum Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) wier net esou.

Beim Employé, deen zanter 2013 op der ADEM geschafft huet, géif sech ëm eng Persoun handelen déi en onbefristeten Aarbechtsvertrag mat der ADEM hat. Et géif den Ament wuel nach doriwwer nogeduecht sech als „Niewenukloer“ un der Prozedur ze bedeelegen, woubäi et elo wichteg wier erauszefannen, ob et net nach weider „ongekläerten Dossieren“ aus dem Ëmfeld vum Employé gëtt.

De Minister huet och annoncéiert, datt ee un der sougenannter Solidaritéitssteier festhält, mat där den Aarbechtsfong gespeist gëtt. Fir dem Bierger e bessert Versteesdemech vun dëser Steier ze vermëttelen, soll et elo zu engem externen Audit kommen. Domatter wëll den Aarbechtsminister de Bierger d‘Méiglechkeet araumen, sech vum uerdentlechen Ëmgang mam Geld ze iwwerzeegen.

Bild: (v.l.n.r.) Dan Kersch, Aarbechtsminister; Isabelle Schlesser, Direktesch ADEM; Gaby Wagener, Direktesch-Adjointe ADEM © Martine de Largardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Aarbechtsministère, ADEM, Chômage, Dan Kersch, Gaby Wagener, Isabelle Schlesser
Nächsten Artikel Virrechten Artikel