Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

hye kyo dating
Editorial: Maach den Handy aus!
Meenung dating a police officer memes

things to know when dating a jamaican man

Dat den Educatiounsminister Claude Meisch haart driwwer nodenkt, d‘Benotze vum

hye kyo dating
dating a professor in college
Meenung dating a police officer memes

Editorial: De Wahlkampf ass lancéiert an et gi keng Prisonéier gemaach

Eis konservativ Europadeputéiert Viviane Reding (PPE/CSV) huet es zwar net

money
Schwäiz a Groussbritannien ënnerschreiwen Handelsofkommes
Meenung dating a police officer memes

Schwäiz a Groussbritannien ënnerschreiwen Handelsofkommes

Groussbritannien an d‘Schwäiz, wëllen och nom Brexit weider matenaner Handel

ADHS ass keng biologesch Krankheet

Oppene Bréif un de Gesondheetsminister, Här Etienne Schneider

ADHS ass keng biologesch Krankheet

ADHS “Aufmerksamskeitdefizit-Hyperaktivitätsstörung” oder ADHD “Attention deficit hyperactivity disorder” gehéiert zum Code F90-F98 déi an der Lëscht vun de psycheschen a Verhalensperturbatiounen am Kapitel V no dem Code ICD10 agedroen ass, déi och gläichzäiteg Perturbatioune vun der psychescher Entwécklung enthalen. D’WHO gëtt dat Kapitel zu deene psycheschen a Verhalensperturbatiounen a verschidde Versiounen eraus.

No de Studien an déi verschidden Daten déi vum KIGGS vum Robert-Koch-Institut virleien, sinn ëmmerhin 5 % vun alle Kanner a Jugendlecher vun ADHS betraff. Bei weideren 5% léit en Verdacht ob ADHS vir. Et gi verschidden Typpe vun Therapien, wou awer just déi medikamentéis Therapie an aller leschter Instanz däerfe benotzt ginn. Wat leider net de Fall ass.

D’Sozialliberal Partei Lëtzebuerg ass der Meenung, dass bei ADHS keng medezinesch Behandlung hëllefe kann an dass eis Kanner déi Medikamenter net brauchen. Medezin, Medikamenter mussen an dësem Kontext duerch méi Pädagogik ersat ginn. Kanner déi einfach net den Erwaardunge vun der Gesellschaft entsprieche ginn direkt medezinesch behandelt, wat méi Schued ewéi Guddes uriicht a wierken zousätzlech negativ op d’Entwécklung. D’Elteren an eis Gesellschaft musse géint déi Pathologiséierung vun hire Kanner aktiv ginn.

Methylphenidat, Medikamenter ewéi RITALIN oder MEDIKINET, ass pure Gëft. Methylphenidat ass offiziell als Betäubungsmëttel agestuuft ginn ! Et ass och Bewisen, dass wann ADHS-Patienten déi Medikamenter ofsetzen, sech d’Hyperaktivitéit wäitaus verschlëmmert. Dozou gehéieren och verschlëmmert Depressiounen, Halluzinatiounen, Schwindel, Lethargie, Psychosen, Muskelzucken a nach vill méi!

D’Sozialliberal Partei Lëtzebuerg fuerdert eis Regierung an de Gesondheetsminister op, e strikte Verbuet vun dëse Medikamenter aus ze schreiwen. ADHS däerf net méi mat Medikamenter behandelt gi mee duerch alternativ Therapien. D’ Gesondheet vun eise Kanner geet fir.

An dësem Kontext wëlle mir gär déi folgend Froe stellen:

  1. Wat fir Kontrollen zum ADHS gëtt et säitens dem Gesondheetsministère an der Regierung?
  2. Wat fir fundamental Studie léien dem Gesondheetsministère vir?
  3. Ass de Gesondheetsminister informéiert dass och Dokteren a Lëtzebuerg ëmmer méi déi Medikamenter eise Kanner verschreiwen obschonn se iwwert Nowierkunge beschtens Informéiert sinn?
  4. Wéi versicht d’Léierpersonal mat der gesellschaftlech, pädagogesch Spezifikatioun ëmzegoen?

Am Numm vun der Partei, Ronald Mordiconi Nationalpresident vun der SLPL

D‘Meenunge vun de Parteie sinn hir eegen an entspriechen net zwéngend der Positioun vun der moien.lu Redaktioun

Nächsten Artikel Virrechten Artikel