Search

You may also like

Luxembourg Art Week 2019
Kultur Neiegkeeten

Luxembourg Art Week 2019

Fir déi fënneft Editioun vun der Luxembourg Art Week, déi

Wann d‘Natur an d‘Bléi kënnt, leiden d‘Allergiker
Kultur Neiegkeeten

Wann d‘Natur an d‘Bléi kënnt, leiden d‘Allergiker

Zu Lëtzebuerg sinn ëmmer méi Leit vun Allergië betraff, an

SNE/CGFP: Surveillance am Schoulhaff ab 7.00 Auer
Kultur Neiegkeeten

SNE/CGFP: Surveillance am Schoulhaff ab 7.00 Auer

Wann den Educatiounsminister nach de 14. Mee 2020 gesot huet,

Adieu – Eng musikalesch Erënnerung u S.A.R. de Groussherzog Jean

Adieu – Eng musikalesch Erënnerung u S.A.R. de Groussherzog Jean

De Groussherzog Jean war an ass nach ëmmer bekannt fir säi grousst Häerz a säin immensen Engagement beim Lëtzebuerger Vollek. A wien et fäerdeg bréngt, och iwwert den Dout hinaus dës Beléiftheet oprecht ze erhalen, dee verdéngt déifste Respekt an Unerkennung. Pünktlech zu sengem 100. Gebuertsdag huet de bekannte Lëtzebuerger Pianist David Ianni säi Wierk „Adieu“ an der Orchesterversioun mat emotionalem Video aus dem Schlass Bierg verëffentlecht, als Erënnerung un de verstuerwene Groussherzog.

Mat douce Pianokläng ertéint de „Wilhelmus“, wärend den Interieur vum Schlass lues a lues mat Sonneliicht gefëllt gëtt. Am Hannergrond spillen déi éischt Bléiser, ier d’Kompositioun „Adieu“ esou richteg ufänkt. D’Musek, bei där sech dankbar an harmonesch Téin mat Melancholie an enger Grëtz Trauer d’Hand reechen, seet dem Nolauschterer quasi „Mir si frou, hien ënnert eis gehat ze hunn“.



Ähnlech gesäit et och aus beim Video. Zum engen gesäit een de Lëtzebuerger Pianist a Komponist um Fligel. Souwuel bannen am Schlass Bierg, wéi och am faarwefroue Gaart ass hien present. Dotëscht ginn Opname vum verstuerwene Groussherzog gewisen, wéi wa mir seng Fotoen als Erënnerung nach emol ausgepaakt an dës mam Brëll op der Nues ganz genee betruechte géifen.

Mat der Begleedung vum tschechesche Studio Orchester gëtt dem Wierk de Punkt op den i gesat. An den Nolauschterer … jo, dee wäert ëm d’Héngerhaut net ronderëm kommen.


AdieuAus dem Video zu „Adieu“


Enn Abrëll 2019, kuerz nom Dout vum Groussherzog Jean, huet den David Ianni d’Stéck „Adieu“ eng éischte Kéier op RTL live virgedroen. Fir den 23. Abrëll 2020, ee Joer nom Ofschid, sollt dunn e Museksvideo nokommen. Wéinst der Pandemie konnt dëse Plang esou net ëmgesat ginn, mee u Kreativitéit feelt et jo net: Spontan koum d’Iddi vun engem kollaborative Projet, bei deem jiddweree seng Versioun vum Stéck eraschécke konnt. Dobäi ass eng spannend Kombinatioun aus Piano, Harf, Flütt an och Uergel entstanen.



An Däitschland heescht d’Spréchwuert „Aller guten Dinge sind drei“, an esou koum haut déi drëtt Versioun eraus. Ass et och ëmmer dat selwecht Wierk, esou huet all Ausféierung e besonnesche Charakter.

Hie sollt ee kennen!

Den David Ianni ass e Lëtzebuerger Pianist a Komponist, dee wuel deene Meeschten dierft bekannt sinn. Virun allem mam Projet „My Urban Piano“ huet hie fir Opsinn a Begeeschterung gesuergt. Dobäi ass hien an 9 verschidde Kulturhaaptstied gereest an huet op der Plaz en eegen fir dës Stad komponéiert Lidd um Piano, déi faarweg bemoolt an der Landschaft stoungen, virgedroen an opgeholl.


Adieu© Oskar Dahl


Scho mat jonke 16 Joer huet den David Ianni mam Piano Concerto No. 2 vum Franz Liszt säin éischten internationale Concert gespillt. Seng Urspréng leien an der klassescher Musek. D’Technik, d’Déift an den eedele Charakter huet hie bäibehalen, komponéiert awer esou, datt seng Wierker fir jiddweree verständlech sinn. Musek gehéiert schliisslech eis all, an ass dat Mëttel, wat iwwert d’Sprooch hinaus beréiert.

Opmaacherbild: © Oskar Dahl

Related topics Adieu, David Ianni, Erënnerung, Groussherzog Jean, Hommage, Komponist, Musék, Orchester, Pianist, Wilhelmus
Next post Previous post