Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Cargolux ënnerstëtzt de Grëff no de Stären
Neiegkeeten

Cargolux ënnerstëtzt de Grëff no de Stären

E Lëtzebuerger Mikrosatellit gouf zu Kourou op franséisch Guyana ofgesat

Esch: Brigang klaut eeler Damm d‘Posch an lant an Untersuchungshaft
Neiegkeeten

Esch: Brigang klaut eeler Damm d‘Posch an lant an Untersuchungshaft

Wéi d‘Police matgedeelt huet, hat e Brigang e Sonndeg um

money
Bréissel stellt sech op en Handelskrich mat den USA an
Neiegkeeten

Bréissel stellt sech op en Handelskrich mat den USA an

No der Ukënnegung duerch d‘USA, den Import vu Stol an

ADR: Den EU-Budget muss nom Brexit erofgoen

ADR: Den EU-Budget muss nom Brexit erofgoen

Mat knapps 3.000 Milliarden Euro Bruttoinlandakommes a 60 Millioune Mënsche war Groussbritannien e Schwéiergewiicht an der Europäescher Unioun. Déi britesch Ekonomie ass esou grouss wéi déi vun deene 19 klengsten EU-Memberstaaten zesummen. Deen éischten europäesche Budget nom Brexit ass also eng spannend Affär, a Finnland war  net ze beneiden, fir als EU-Presidence (lescht Hallschent 2019) dës waarm Gromper am Grapp gehat ze hunn.

Och wann et total onverstänneg kléngt: Vill Politiker preparéieren nom Brexit méi e groussen an ambitionéierte Budget fir déi nëmmen nach 27 Länner. Besonnesch aktiv ass do och d’EU-Parlament, dat net nëmme méi Sue fir Europa verlaangt, mee och nach méi eege Mëttelen fir d’EU, dat heescht méi europäesch Steieren déi direkt an den EU-Budget fléissen

Déi Lëtzebuerger Regierung, déi jo den europäesche Federalismus aktiv  ënnerstëtzt,  ass leider och bereet fir mat ze hëllefen, fir dee budgetären Impakt vum Brexit ze neutraliséieren an dowéinst substantiell méi un déi Europäesch Unioun ze bezuelen.

D’ADR wëll net en zweete Steierziedel vu Bréissel an ass prinzipiell géint d’Aféierung vun europäesche Steieren. Et däerfen nëmmen national Steiere ginn, an aus de nationale Budgete muss den EU-Budget finanzéiert ginn.

D’ADR ass där Iwwerzeegung, datt d’EU net méi Suen fir manner Leit a manner Wirtschaftsleeschtung ka verlaangen, mee datt si mat deem soll auskommen, wat hir deenen aktuelle Verträg no zousteet. Den Budget soll net méi wéi 1% vum europäesche Brutto”national”Akommes ausmaachen a Lëtzebuerg soll deemno säi Bäitrag och net erhéijen. An de Budgetsverhandlunge sollt Lëtzebuerg sech géint déi ëmmer méi grouss Ideologiséierung vum EU-Budget wieren a sech op eis Interessien, wéi z.B. d’Agrarpolitik, d’Fuerschung, d’Sécherung vun de Baussegrenzen, déi transeuropäesch Reseauen  an de Siège konzentréieren.  D’Strukturfonge solle net zu politeschen Zwecker agesat ginn, mee d’Liewe vun de Leit an defavoriséierte Regioune vun Europa erliichteren.

D’ADR erënnert drun, datt d’Gambia-Politik zu Lëtzebuerg d’Liewe permanent verdeiert. Ëmmer nei Steieren an Taxen belaaschten d’Leit. Rezent sinn hei virun allem d’Akzisen an d’Stroumpräisser ze nennen, déi sech no uewen entwéckelen. Ënnert deenen Ëmstänn ass eng weider Belaaschtung vun de Leit duerch direkt EU-Steieren oder eng Iwwerfinanzéierung vum EU-Budget duerch Lëtzebuerg absolut net akzeptabel.

Matgedeelt vun der Alternativ Demokratescher Reformpartei (ADR)

Ähnlech Sujeten adr, Alternativ Demokratesch Reformpartei, Belaaschtung, Brexit, Budget, Ekonomie, Federalismus, Finanzen, Gambia, Groussbritannien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel