Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Politik: Paritéit mécht Sënn, mee den demokratesche Prozess steet driwwer
ridiculous dating tips

Politik: Paritéit mécht Sënn, mee den demokratesche Prozess steet driwwer

Fir d‘Femmes Socialistes schéngt d‘Welt vun Dag zu Dag besser

dating ako quotes
ridiculous dating tips

Eestëmmegkeet bei Steierfroen an der EU: Gëtt Lëtzebuerg no?

Am Abléck ginn op EU-Niveau Diskussioune gefouert, fir d’Eestëmmegkeet bei

Summerlach: Nom „Casier-bis“ elo och nach de „Bommeleeër“
ridiculous dating tips

Summerlach: Nom „Casier-bis“ elo och nach de „Bommeleeër“

D‘Land kënnt einfach net an d‘Summerpaus: do déi ominéis Affäre

Eestëmmegkeet bei Steierfroen an der EU: Gëtt Lëtzebuerg no?

Eestëmmegkeet bei Steierfroen an der EU: Gëtt Lëtzebuerg no?

Am Abléck ginn op EU-Niveau Diskussioune gefouert, fir d’Eestëmmegkeet bei Steierfroen opzeginn. Fir Lëtzebuerg als klengt Land war dës Eestëmmegkeet ëmmer vu grousser Wichtegkeet.

Dëst war bis elo och politesch eng parteiiwwergräifend Positioun vun deene meeschte Parteien an der Chamber. De Finanzminister Pierre Gramegna huet am Numm vun der Regierung deklaréiert, datt och Gambia II bei därer Positioun bleift.

Iwwerraschend ass, datt de Fränz Fayot, President vun der LSAP, der zweetgréisster Gambia-Partei, an engem Interview am Tageblatt ugekënnegt huet, hie wär duerfir, dës Eestëmmegkeet opzeginn. Och de Kandidat fir d’CSV-Presidentschaft Frank Engel huet sech op RTL derfir ausgeschwat, d’Eestëmmegkeet bei Steierfroen opzeginn.

An dëser fir Lëtzebuerg esou wichteger Fro sinn also d’Regierung an och d’CSV sech anscheinend net eens. Wa Lëtzebuerg dës Eestëmmegkeet opgëtt, huet dat déifgräifend Konsequenze fir de Standuert Lëtzebuerg an de Staatsbudget. Doriwwer eraus kann dann an Zukunft bei anere Steiere wéi Lounsteier, Ierfschaftssteier asw. iwwert de Kapp vu Lëtzebuerg ewech decidéiert ginn.

D’ADR hält dofir an der EU um Prinzip vun der Eestëmmegkeet fest, an zwar net nëmmen a Steierfroen.

Matgedeelt vum ADR

adr

Ähnlech Sujeten adr, CSV, Eestëmmegkeet, EU-Steierpolitik, LSAP, Steierfroen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel