Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Esch Uelzecht: Aktuelle Schoulsystem vergréissert d’Ongläichheet
speed dating middelburg where to hook up boost gauge on 6.0 powerstroke

https://moien.lu/dating-a-younger-guy-advice/

Déi Lénk hunn ee Mangel an der aktueller Schoulpolitik vun

i kissed dating goodbye free read
speed dating middelburg where to hook up boost gauge on 6.0 powerstroke

OGBL/FriSol: Opruff zum Ouschtermarsch fir de Fridden!

D’Friddens- a Solidaritéitsplattform (FriSol) an den Onofhängege Gewerkschaftsbond vu Lëtzebuerg

D’Europäesch Ausseministere huelen sech der Verdeedegungsunioun un
speed dating middelburg where to hook up boost gauge on 6.0 powerstroke

D’Europäesch Ausseministere huelen sech der Verdeedegungsunioun un

Noen a mëttleren Osten, Nordkorea a Venezuela – dat si

ADR: Vu Klimawandel iwwer Wuesstem bis hin zur Verfassung

ADR: Vu Klimawandel iwwer Wuesstem bis hin zur Verfassung

D‘ADR ass keng Partei wei déi aner, a si kann dat och ëmmer nees ganz gutt ënner Beweis stellen. Si ass do konsequent wou anerer versichen sech nom „Wand“ ze riichten an huet och nach valabel Argumenter, déi zumindest en ëffentlechen Debat wäert sinn.

Esou war et dann och eng héich interessant Pressekonferenz zur parlamentarescher Rentrée déi d‘Fraktioun vun der ADR gëschter gebueden huet. De Gaston Gibéryen huet sech no enger kuerzer Introduktioun dann och direkt sengen Themen zougewennt, iert hien d‘Wuert un de Fernand Kartheiser an de Roy Reding weidergereecht huet. Et gouf virun allem Aktuelles, woubäi d‘Affär betreffend den Dossier Traversini bewosst ausgeklamert ginn ass.

Klimawandel

Bei allem wat mam Klimawandel ze dinn huet, ginn d‘Meenunge bekanntlech wäit ausenaner an et dreet sech e soziale Konflikt opzebauen, well kee bereet schéngt deem aneren nozelauschteren. Fir d‘ADR wier un der Zäit unzëerkennen, datt d‘Ursaache fir de Klimawandel esouwuel natierlech wéi och mënschlech sinn. Géint dat „natierlecht“ kéint ee séier wéineg maachen, alles anescht sollt een sech ukucken a sachlech fundéiert diskutéieren. D‘Gesellschaft splécke wier de falsche Wee.

Sech der Äerderwiermung an dem Klimawandel entgéintzestelle geet nëmme wann een déi richteg Mesuren trëfft. Et misst een d‘Leit encouragéiere gewësse Gewunnechten ëmzestellen an valabel Moossname subventionéieren. D‘Leit bestrofen an Taxen anzeféiere wiere weder ziilféierend nach géif et zur Verbesserung bäidroen. Villméi sollt d‘Fuerschung gestëtzt, d‘Effizienz verbessert ginn.

De Gast Gibéryen ass also kloer géint en CO²-Steier a verweist zudeem drop hin, datt de Bierger an d‘Entreprise schonn un der Pompel ganz uerdentlech an d‘Täsch gräifen: nieft den Accise gëtt et do de „soziale Beitrag“ (huet 130 Milliounen Euro generéiert) an d‘Tax „fir de klimatesche Wiessel“ (do sinn et 85 Milliounen Euro). Fir Mënsche mat enger „entspriechender“ Pai stellt dat éischter kee Problem duer, mee fir déi Kleng déi net de Choix hunn an d‘Betriber ass dat eng Belaaschtung.

Op internationalem Niveau dierft een dann och keng Verträg méi schléissen déi de Problem vergréisseren (Fräihandelsaccord mat de Mercosur-Staaten), den Export vu Plastik wier och eppes vun deem ee sollt Ofstand huelen an et muss opgehale gi sech sougenannt „Klimaquoten“ ze kafen. Näischt dovunner wier gemënzt dem mënschleche Part vum Klimawandel entgéintzewierken.

Wuesstem

Wat dee vun der Regierung ugestrieften „ongehemmte Wuesstem“ betrëfft, esou stellt de Gast Gibéryen dréche fest, datt deen net emol am Usaz de Klimaziler, déi sech d‘Regierung jo awer gesat huet, gerecht gëtt. Bei der ADR ass deen och iwwerrascht a vläicht eppes amuséiert, datt et elo grad déi gréng sinn, déi dësen (oniwwerluechte) Wuesstem fërdere wëllen. Dat esouwuel mam ominéise Projet Google, wéi och der geplangter Jughurtsfabrick zu Beetebuerg. Dat wier bedenklech…

Bei enger Steigerung vum BIP (Bruttoinlandprodukt) vun iwwer 3,5% am Joer an der Schafung vu bal 15.000 Aarbechtsplaze pro Joer – déi mindestens zur Hallschent vu Grenzgänger besat ginn – an engem demographesche Wuesstem (all Joer komme wäit iwwer 12.500 nei Leit an d‘Land) steet fest: do leeft gehéierlech eppes schif. Zudeem klëmmt d‘Staatsschold och vu Joer zu Joer.

Wuesstem

Gaston Gibéryen © Martine de Lagardère/moien.lu

An dat huet wéi gesot och e fatalen Impakt op déi gesate Klimaziler an dréit net zu Léisung vun der Logementskris bäi. De Gast Gibéryen gëtt ze bedenken, datt tëscht 2013 an 2018 am Logement d‘Präisser fir: Nei Haiser ëm 34,2%, al Haiser +32% an d‘Appartementer +35,2% geklomme sinn. Well d‘Regierung dat net an de Grëff kritt, sinn ëmmer méi Lëtzebuerger zu Grenzgänger am eegene Land ginn, well si duerch d‘Präisentwécklung an d‘Ausland verdrängt ginn.

D‘ADR léisst dann och d‘Argument „Mir musse wuesse fir eis Renten ofzesécheren“ net gëllen. Dat wier dem Bierger Sand an d‘Ae gestreet. Wann déi Versioun vun der Regierung nämlech géif stëmmen, bréicht et spéitstens a 40 Joer 1,7 Milliounen „Aktiver“ fir d‘Rente vun den Haut ronn 450.000 Aktiven ze bezuelen. Zur Informatioun aktuell ginn et ronn 178.000 Pensionären.

A wien elo matgerechent huet sollt festgestallt hunn, datt et fir all Rentner ronn 2,5 aktiver gëtt déi cotiséieren. Dëse Ratio ass net ze halen, net emol mat deem vun der Regierung geplangte Wuesstem. Dat bréngt mat sech, esou d‘ADR datt ee muss iwwert de Rentenniveau schwätzen an elo schon no Weeër a Méiglechkeete siche sollt, wéi een an Zukunft domatter ëmgeet. De Gast Gibéryen betount datt ee kengem eppes wëll ewechhuelen, mee eng Aart „Plafong“ kéint aféieren.

Dat verdäitlecht datt d‘ADR, déi längst – wann och net eleng – e qualitative Wuesstem fuerdert, och gäre géif gesinn, wann da grouss Entreprisen ugelackelt ginn, d‘Bierger per Referendum sollte consultéiert ginn. Zudeem géif d‘Regierung gutt drun doen, esou Firmen unzesidelen, déi och hirer sozialer Verantwortung gerecht ginn, woumat gemengt ass, datt se gefällegst Steiere bezuele sollen.

Asyl a Migratioun

Nach esou en Thema deen d‘Land – an eigentlech ganz Europa – spléckt. De Fernand Kartheiser, deen dem Jean Asselborn (LSAP) seng Politik an dësem Punkt absolut net novollzéie kann, huet virun allem Bedenken, well hei Reegelen ausser Kraaft gesat goufen, wat zum Onverständnis vill bäigedroen huet. Esou kann an dierft net weidergoen, wann ee sozial gerecht agéiere wëll.

An uecht gedoen! Iert elo erëm vun ideologeschen Ausriichtunge gebraddelt gëtt: D‘ADR betount och datt dat „humanitäert“ net dierf a Fro gestallt ginn. Kee Mënsch dee viru Krich a Folter flücht soll zréckgeschéckt oder ofgewise ginn. Wat awer net tolerabel ass, wier déi Fräizügegkeet déi eist Land géintiwwer de Wirtschaftsmigrante géif ausüben. „Et gëtt kee Recht op Migratioun“ esou de Fernand Kartheiser, deen ënnersträicht datt den UN-Migratiounspakt keng Léisung a sech ass.

Zudeem wier dat wat sech am Mëttelmier zoudréit net mam internationale Recht vereenbar. Hei verweist de Fernand Kartheiser op d‘Séirecht – wat jo oft an Zesummenhang mat de „sécheren Häfe genannt gëtt – an wou den Text ganz kloer drop hiweist: „e sécheren Hafe fir d‘Schëff“. Et wiere folglech net d‘Leit gemengt déi vun de sougenannte Rettungsschëffer am Mier opgegraff ginn.

Wuesstem

Fernand Kartheiser © Martine de Lagardère/moien.lu

Mat dëser Politik géif de Jean Asselborn sech awer net nëmme géint geltend Recht wennen, hie fërdert domatter déi organiséiert Kriminalitéit, déi vu Schleiserbanden an/oder soss kriminellen Organisatioune bedriwwe gëtt. Den ADR-Deputéierte schwätzt hei dann och vu regelrechten „Transferten“ firwat et net zoulässeg wier an dësem Kontext vu „Rettung“ ze schwätzen. An et freet sech: wouhinner soll dat féieren, wou fänkt et un a wou hält et op? Eng duerchaus berechtegt Fro.

Ëffentlech Sécherheet a Famill

Déi ëffentlech Sécherheet ass den Ament, besonnesch an esou Géigende wéi Esch-Uelzecht oder dem Garer Quartier, net méi dat wat si eigentlech sollt sinn. Wann eeler Mënschen sech net méi op d‘Strooss woe wann et dobaussen Däischter gëtt, dann hunn net d‘Poliziste mee d‘Politiker, déi fir d‘Sécherheet Verantwortung iwwerholl hunn, kläglech versot an dat kann net toleréiert ginn.

Et muss ee Police a Justiz stäerken, hinnen déi Moyenen zur Verfügung stellen déi si fir hir Aarbecht an eis Sécherheet brauchen. A wann et schonn net „méiglech“ ass d‘Personaldecken dem Besoin unzepassen, da muss et zur Entlaaschtung op deene Plaze kommen, wou d‘Police net zwéngend agesat muss ginn. Esou beispillsweis beim Gefaangenentransport, dee vun de Giischtercher sollt duerchgefouert ginn. Dat géif dann och dëse Beamten hir Funktioun opwäerten .

Gefuerdert gëtt dann och nach vun der Regierung, endlech op d‘Ëmsetzung vu de Gesetzer ze bestoen an dofir ze suergen datt déi Mafia-ähnlech Strukturen (Besonnesch am Drogemilieu) zerschloe ginn. Déi bestoend Gewalt kéint een der Gesellschaft net zoumudden, firwat och d‘Justiz adequat muss opgestallt ginn dem entgéintzewierken. Esou kann et jiddefalls net weidergoen.

Wat d‘Famill ubelaangt, esou ass och hei d‘ADR net vu senger Positioun ofzebréngen. Si verbitt sech en Agrëff an d‘Souveränitéit vun der Famill. Déi soll gefällegst selwer iwwert hiert Liewen an esou wéi se dëst wëlle gestalten entscheeden dierfen. Si gehéieren ënnerstëtzt ouni Virschrëfte gemaach ze kréien, firwat den ADR bei erneiter Steierreform ganz genee oppasse wäert, datt déi „indivudell“ Besteierung keen indirekten Zwang ass, d‘Leit a Lounofhängegkeet ze bréngen.

Eis Sprooch an d‘Verfassung

De Roy Reding huet d‘Ronn geschloss an huet sech mat eiser Sprooch beschäftegt. Déi war jo mam Logement ee vun de Kärthemen am Wahlkampf zu de Chamberwahlen. An den ADR-Deputéierte freet sech wat dann alles bis ewell geschitt ass? „Näischt, glat a guer näischt!“ beäntwert hie seng rhetoresch Fro selwer, a verweist op déi sëllechen (eidel) Versprieche vun der Gambia-Regierung.

Esou wier eis Sprooch bis haut keng „europäesch Sprooch“ (esou wei dat fir regional Sproochen de Fall ass: katalanesch, bretonesch, asw.) well d‘Regierung, déi sech an de Programm geschriwwen huet d‘Sprooch ze promouvéieren, jo sech esouguer e Sproochekommissär leescht, et bis haut net hikritt huet bei der EU unzefroen, datt och eis Sprooch an der Regëster vun den an Europa ugewannte Sproochen agedroe gëtt. Dat wier dann och keng Saach vun „Houfert“ mee just legitim.

Wuesstem

Roy Reding © Martine de Lagardère/moien.lu

A net datt elo een op de Gedanke kënnt, all d‘Texter a Publikatioune missten op lëtzebuergesch iwwersat ginn. Nee dat muss net sinn a wëll jo och keen. Mee eis Sprooch als europäesch Sprooch och vun der EU-Kommissioun zougestanen ze kréie géif bedeiten, datt een als Lëtzebuerger Bierger seng Froen un d‘Institutioune vun der EU op lëtzebuergesch stelle kéint, wat jo och richteg wier.

Zudeem wier et dann de Lëtzebuerger EU-Deputéierten erlaabt och am Europaparlament hir Rieden an der Landessprooch ze halen. Mee der ADR hir Motiounen zur Sprooch ginn ëmmer nees an der Chamber Verworf, dat och mat der Ënnerstëtzung vun der CSV. Gefrot firwat dann, wann een sech beméit d‘Verfassung ze reforméieren, déi net op lëtzebuergesch geschriwwe gëtt, heescht et awer och bei der ADR, datt eis Sprooch sech net fir juristesch Texter eegent. Abee merde alors…

An apropos Verfassung. Et wier jo elo gutt datt d‘CSV aus der Lethargie erwächt ass, an och déi vun der ADR am Wahlprogramm enthale Fuerderunge – zumindest – gutt fënnt. D‘ADR kann sech am Kontext vun dëser ugestriefter Reform villes Virstellen ausser, datt een op Theme géif verzichte well ee fäert domatter en Tabu ze duerchbriechen. Nee hei muss iwwert alles geschwat ginn.

Ofschléissend Remark

Just der Vollstännegkeet halber erlabe mir eis drop hinzeweisen, datt et nach wiesentlech méi ze soe ginn hätt. Esou beispillsweis iwwert den Ëmgang mat der politescher Deontologie, de Casier-Bis oder d‘Schoulpolitik. Mir wäerten awer bestëmmt geschwë schonn d‘Geleeënheet kréien nach op dës Themen zréckzekommen.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten adr, Fernand Kartheiser, Gast Gibéryen, Parlamentaresch Rentrée, Roy Reding
Nächsten Artikel Virrechten Artikel