Search

You may also like

Den Dag, deen Europa gespléckt huet
Neiegkeeten

Den Dag, deen Europa gespléckt huet

Place Guillaume, de 6. September: Um Riednerpult steet eng Kopie vum

Netzneutralitéit däerf net stierwen!
Neiegkeeten

Netzneutralitéit däerf net stierwen!

Geld regéiert net nëmmen d‘Welt mee ganz kloer och den

What the Fakt – Alles Guddes Joseph Beuys!
Neiegkeeten

What the Fakt – Alles Guddes Joseph Beuys!

Als ee vun de bekanntesten däitsche Kënschtler huet hien d’Aktiounskonscht

ADR: e kontradiktoresche Koalitiounsaccord mat gudden Iddien

ADR: e kontradiktoresche Koalitiounsaccord mat gudden Iddien

Wéi sech de Gast Gibéryen (ADR) e Mëttwoch an der Chamber zur Regierungserklärung an dem Koalitiounsaccord geäussert huet, ass emol fir unzefänken drop opmierksam gemaach ginn, datt Walen oft en aneren Ausgang huelen, wéi dee wou ee sech virgestallt huet.

Esou huet hie bedauert, datt vun den dräi Parteien, déi gestäerkt aus de Walen ervirgaange sinn, nëmmen eng mat an der Regierung sëtzt. Hie stellt an dësem Kontext fest, datt et nëmmen eng Koalitioun vun de Verléierer konnt ginn. Säi Parteikolleg Fernand Kartheiser huet sengersäits op déi taktesch Feeler vun der CSV higewisen, a bemierkt, datt et déi aktuell Regierung net géif ginn, wann ee sech „getraff“ hätt, ëmmerhi wiere béid Programmer kompatibel gewiescht.

Mee datt ass schonn eng Geschicht vu gëschter, an elo muss een ebe mam Programm vu Gambia-2 eens ginn. E Programm esou de Gast Gibéryen, deen zimlech onduerchsiichteg ass an och Lücken huet. Dorausser ergëtt sech, datt senger Meenung datt interessantst am Koalitiounsaccord dat ass, wat net dra steet. Wat hien domatter wëll zum Ausdrock bréngen: „wann een dat alles tëscht den Zeile liest, da weess een, datt een op d‘A gedréckt ginn ass“. An dat léisst sech argumentéieren.

Getierkten Zuelen

Dem Gast Gibéryen seng Ausso bezitt sech op eng „partiell“ Virstellung vun den Zuele bei de budgetäre Recette virun de Walen. Zuelen déi „getierkt“ waren an et nach ëmmer sinn. Esou verheemlecht d‘Regierung, datt den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg ëm zwee Punkte geklommen, Wunnraum nach ëmmer knapp ass, an dat d‘Zuele vum Bruttoinlandprodukt vum Statec eréischt no de Wahle verëffentlecht gi sinn. Dat stellt dann och d‘Neutralitéit vun der Statec a Fro.

Esouwäit d‘Kritik, well de Gast Gibéryen huet och Positives am Regierungsprogramm fonnt. Hie begréisst d‘Indexéierung vun de Familljenzoulagen, datt beim Wunnengsbau de soziale locative Logement d‘Prioritéit huet, den ëffentlechen Transport gratis gëtt an d‘Lëtzebuerger Sprooch besser an der Gesellschaft verankert gëtt. Wat d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport betrëfft, esou huet den ADR-Deputéierten nach emol drop higewisen, datt een dat scho fir d‘véiert am Programm hat.

Besuergt ass een och weiderhi bei der ADR, wéi et sech beim Wuesstem verhält. Esou wéi et sech presentéiert, gëtt dësen nach ëmmer zu Laaschte vun de kommende Generatioune privilegiéiert. E Fait deen de Gast Gibéryen, well jo awer eng ekologesch Partei mat an de Regierung géif sëtzen, als Widdersproch a sech gesäit. Oppositiounstechnesch kann d‘ADR, déi sech politesch gestäerkt huet, a mat de Piraten en technesche Grupp gebilt huet, elo eppes méi ausféierlech an der Kritik sinn.

Related topics adr, Gambia, Koalitiounsaccord, Oppositioun, Regierungserklärung
Next post Previous post