Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Politik: Paritéit mécht Sënn, mee den demokratesche Prozess steet driwwer
https://moien.lu/dating-expressions-in-english/

Politik: Paritéit mécht Sënn, mee den demokratesche Prozess steet driwwer

Fir d‘Femmes Socialistes schéngt d‘Welt vun Dag zu Dag besser

good dating profile for guys
https://moien.lu/dating-expressions-in-english/

https://moien.lu/dating-someone-with-busy-schedule/

Den amerikanesche Schauspiller Neil Patrick Harris, deen haut iwwregens säi

Nëmmen Olympia-Kenner wëssen d‘Äntwerten op dës 8 Froen!
https://moien.lu/dating-expressions-in-english/

Nëmmen Olympia-Kenner wëssen d‘Äntwerten op dës 8 Froen!

D’Wanterspiller si voll am gaangen! Lëtzebuerg ass och erëm mat

D‘ADR an d‘Koalitiounsregierung: eng Story ouni Happyend?

Datt de Premierminister de Gast Gibéryen wollt intimidéieren, hu se nach net ganz verquësst

D‘ADR an d‘Koalitiounsregierung: eng Story ouni Happyend?

Et war eng – duerch d‘Chamberwahlen am Oktober – eppes verkierzte parlamentaresch Sessioun, an déi ass nawell eppes „mouvementéiert“ op en Enn gaangen, wat d‘ADR awer um Beholl an der neier Arroganz vun der Gambia II Regierung festmécht.

Dobäi war 2018 fir d‘ADR, déi no de Wahlen een Deputéierte weider an der Chamber sëtzen hat. E gutt Joer. A bei den Europawahlen – wou d‘ADR iwwer 10% Stëmme fir sech beusproche konnt – hunn net vill Stëmme gefeelt, fir och en EU-Deputéierten ze erhalen, wat, esou zumindest d‘Siicht vum Gast Gibéryen, zu Laaschte vun der CSV gaange wier. Duerno sinn d‘Wolleken opgezunn…

Staatsaffär ouni Folgen

Mee d‘Kritik – och wann et genuch Usazpunkte géif – riicht sech net géint d‘CSV, nee hei steet ganz däitlech d‘Regierung um Pranger. D‘Koalitiounsparteien, déi als Gambia I nach héich an helleg versprach hat d‘Fënsteren opzerappen a fir Transparenz op alle Niveauen ze suergen, huet beim Iwwergang zu Gambia II d‘Fënstere wuel net zougemaach, dofir d‘Rolllueden erofgelooss

Et ass dann och virun allem de Beholl vum Premier a Kommunikatiounsminister Xavier Bettel, deen dem ADR-Deputéierte Gast Gibéryen de Kolli platze gelooss huet. Hie war iwwert eng illegal Ecoute säitens dem SREL informéiert ginn an hat dat un déi grouss Klack gehaangen, firwat den Interesséierte vum Whistleblower wësse wollt wouhier dësen un déi Informatioune komm ass.

Deem ass de Gast Gibéryen net nokomm an de Premierminister huet net nëmme mat Konsequenze gedreet. Hien huet tatsächlech säin Amt mëssbraucht fir de Parquet zu enger Enquête ze néidegen (Januar 2017). Schlëmmer nach, de Parquet huet ni den Uerder erhalen, eng Enquête eben am Kader vun der illegaler Ecoute ze lancéieren. D‘Argument: et wier en administrative Feeler gewiescht.

A sengem Uerteel vum 28 Mee, huet den Tribunal verkënnt, datt d‘Plainte vum Premierminister net recevabel ass. D‘Staatsaffär vum Premier ass e Skandal, wat och déi lénk an engem Communiqué esou festgehalen hat. D‘Geriicht huet domadder bestätegt, datt en Deputéierten net seng Immunitéit verléiere kann, well vertraulecht Material public gëtt. Dat géif zu sengen Attributioune gehéieren…

Dateschutz op lëtzebuergesch

De Gast Gibéryen ass dunn op d‘Aarbecht vun der Partei an der Chamber agaangen. Hei wier wuel vill an der kuerzer Zäit geschafft ginn, woubäi d‘Oppositioun de Rhythmus diktéiert hätt. Et géif ee begréissen datt de Mindestloun gehéicht an en zousätzlecher Feierdag agefouert goufen, d‘ADR leet awer Wäert drop ze betounen, datt dat alles zu Laaschte vum Steierzueler geet.

Bedauert gëtt weiderhin, datt sech Gambia II entgéint sengem versprieche vun Transparenz, mat den Äntwerten op parlamentaresch Froen „vill“ Zäit géif loossen (d‘Delaie gi reegelméisseg iwwerschratt) an déi zuweilen och eng gewëssen Arroganz opweisen. Dat wier beispillsweis de Fall am Dossier Google, woubäi der Regierung hire gréisste Problem d‘Fichiere vu Justiz a Police sinn.

Well d‘Oppositioun hei keng Satisfaktioun krut, an déi an Chamber zitéiert Minister der Fuerderung net nokoum, dunn och nach eng Ännerung vun der Dagesuerdnung duerch de Chamberpresident net no de Reegele vun der Konscht behandelt ginn ass, hat d‘Oppositioun geschlossen d‘Plenière verlooss. Datt huet gewierkt an schonn den Dag drop waren déi dräi Minister an d‘Chamber komm.

Zur Opklärung huet et net bäigedroen an de Premier huet duerch de Silenz geglänzt, während déi zwee gréng Minister sech an Explikatioune versicht hunn, déi awer och net déi erwënscht Äntwerte bruecht hunn. Dësen Dossier, an deem d‘ADR vollstänneg Opklärung verlaangt, dierft den Deputéierten um Krautmaart an de Medien am Land nach villes ofverlaangen. Ausgang ongewëss.

En Engel fir d‘ADR

Am Kontext vun de Prioritéiten an der Chamber, steet natierlech och den neien Dissens am Kontext vun der Verfassungsreform op der Lee. De Gast Gibéryen huet keen Heel dorausser gemaach, datt de Fränk Engel als neie President vun der chrëschtlech sozialer Vollekspartei, fir d‘ADR e richtege Glécksfall ass. Net datt si dem CSV-Politiker grouss Sympathie géifen entgéint bréngen, an awer…

D‘CSV, esou de Gast Gibéryen, misst wuel de Parteiprogramm vun der ADR gelies hunn, fir vun der eegener Entscheedung ofzerécken an sech aus dem eigentlech parteiiwwergräifenden Accord zur Consultatioun mam Vollek zréckzitt. Dëst soll elo mat wäitaus méi Froe konfrontéiert gi wéi dat eigentlech geduecht war, an d‘Äntwerte missten dann och an der Verfaassung berécksiichtegt ginn.

Wat de Froekatalog u betrëfft, esou sollen doranner ënnert anerem d‘Sprooch, d‘Wahlgesetz an den Déiereschutz berécksiichtegt ginn. Et dierften awer op kee Fall déi Froen aus dem Referendum vun 2015 nees optauchen. Et géif sech net gehéieren d‘Froen esoulaang ze widderhuele bis déi passend Äntwert dozou virläit. Kann et ënner dësen Ëmstänn am Hiecht eng Campagne ginn? Schwéierlech.

Iwwert dat wat d‘ADR an der kommender Sessioun wäert beschäftegen, wollt de Gast Gibéryen gëschter net agoen, dat géif alles ganz detailléiert bei der Pressekonferenz zur politescher Rentrée virgestallt ginn. Bis dohinner dierften si sech an hire neie Raimlechkeeten an der Niddeschgaass agelieft hunn. Well d‘Medien net genuch Récksiicht op d‘ADR huelen, soll de Projet ADR-Telëe nees méi Konsequent genotzt ginn. Och dozou dierft et am Kontext vun der Rentrée méi Infoe ginn…

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten adr, Casier-bis, Frank Engel, parlamentaresche Bilan, Premierminister, Referendum, SREL, Verfassungsreform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel