Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Firwat feelt et eis u Motivatioun op der Aarbecht?
https://moien.lu/ng-bbq-hookup/

Firwat feelt et eis u Motivatioun op der Aarbecht?

Motivatioun vun den Lëtzebuerger Salariés ass am europäeschen Verglach éischter

https://moien.lu/free-ayrshire-dating/
https://moien.lu/ng-bbq-hookup/

https://moien.lu/u-series-dating-of-paleolithic-art/

Der Regierung hire Spacemining-Projet, deen am leschte Joer leider e

Master Tattoo Convention 2018: D’Däichhal steet ënner Stroum
https://moien.lu/ng-bbq-hookup/

Master Tattoo Convention 2018: D’Däichhal steet ënner Stroum

Um vergaangene Weekend stoung Ettelbréck ganz am Zeeche vun der

D’ADR léisst kee gutt Hoer un der Regierung

D'Partei fënnt kloer Wieder

D’ADR léisst kee gutt Hoer un der Regierung

Beim Rendez-vous op der Clairefontaine-Plaz war et ee sichtlech gléckleche Fraktiounschef, deen de Bilan virgedroen huet. De Gast Gibéryen bléckt op eng fir d’ADR zefriddestellend parlamentaresch Sessioun zréck.

Verschidde Rumeure virgräifend, stellt de Gast Gibéryen kloer, datt et bei der ADR keng Spannunge gëtt. Op alle Niveaue géif zesummegeschafft ginn, et wier dat och vun de Stäerkte vun der Partei. E Fait deen sech iwwerdeem beleeë léisst, vu datt d‘Exekutive vun der Partei un allen Fraktiounssëtzungen deel hëlt.

Geféierleche Wuesstem

Eng vun de gréisste Suerge bei der ADR bleift dee vun der Regierung ageleete stramme Wuesstem. Datt wier dann och fir d‘Chamberwahlen 2018 de dominante Sujet vun der Partei. „Mir kënnen net weider esou wuessen“, seet de Fraktiounschef a weist drop hin, datt mer laut de Wuesstemsprognosen fir 2030 elo scho bei 1,1 Millioun Awunner ukomm sinn, d‘Regierungspläng geschwënn bei 1,5 Millioune leien dierften.

Sécherlech kann sech Lëtzebuerg mat sengen „Rekordwuesstem“ géintiwwer den EU-Memberlänner bretzen. Et sollt een dann allerdéngs net aus den Ae verléieren, datt d‘Regierung en Defizit an héicht vun 125 Milliounen Euro an den éischten dräi Méint virzeweisen huet. Woubäi, laut der ADR hei nach net d‘Folge vun der Steierreform matgerechent ginn.

Bedenke gëtt et och beim Logement, der Bildung an ee sëlleche weideren Themen aus der Aktualitéit. Esou d‘Problemer beim Drénkwaasser. D’ADR kann sech net virstellen, datt et beim vun der Regierung gewënschtem Wuesstem do eng zefriddestellend Léisung ka ginn. Woubäi de Gast Gibéryen och dem gréngem Nohaltegkeetsminister een onmoossegt „Zoubetonéiere“ vum Land virwerft.

Qualitative Wuesstem

Elo ass et net esou, datt sech den ADR dem Wuesstem géint erwieren. Et geet hinne prinzipiell dorëms, datt dee mat Beduecht ugaangen an d‘Qualitéit privilegiéiert gëtt. An deem Sënn sollt d‘Gréisst vum Investissement ëmmer am Rapport zum Ertrag analyséiert ginn. Wéi vill Raum eng Entreprise beusprocht, d‘Zuel vun de Aarbechtsplazen an den Impakt op d‘Ëmwelt; sinn nëmmen e puer vun den Eckdaten déi ze berécksiichtege sinn.

Domadder erkläert de Fraktiounschef dann och der ADR seng Zoustëmmung zum Gesetz iwwert de „Space Mining“. Hei géifen héich qualifizéiert Aarbechtsplaze geschafen, déi net onmoosseg Plaz bréichten an just ee geréngen Impakt op d‘Ëmwelt hätten.

Bei „Google“ wier dat anescht. Prinzipiell wier een derfir, verlaangt awer eng Etüd. Ouni Impaktstudien an Transparenz bei de Prozedure sollt een d‘Fanger dervunner loossen. En Datenzenter, esou wéi sech d‘Amerikaner et virstellen, verbraucht enorm Fläch an Energie. Wat de Staat da muss investéieren, a punkto Infrastruktur a Ressourcen, muss den ze erhoffte Recettë géintiwwer gestallt ginn. Och de Risk, dee vun esou enger Anlag ausgeet, misst beschwat ginn.

Ideologesch repressiv

Vum Fait ofgesinn, datt d’ADR der Regierung eng Datz muss an d‘Zensur schreiwen, gëtt et ee puer Mesuren déi esou net akzeptabel sinn. „D‘Regierung huet duerch eng ideologesch Politik ausgezeechent. D‘Konsequenz dovunner ass eng Gesellschaft déi gespléckt ass“, esou de Gast Gibéryen. De Reliounsunterrecht aus der Schoul ze verbannen, wier nëmmen eng vu ville Feelentscheedungen déi bei de Bierger op Widderstand géife stoussen.

Och bei der Familljepolitik wier d‘Regierungs-Koalitioun nëmmen hallefhäerzeg virgaangen. Sécherlech ze begréissen ass, datt de Familljen ënnert d‘Äerm gegraff gëtt, mee et muss et fir se all gëllen. D’ADR erwiert sech der Tatsaach, datt déi Stéit, wou béid Partner schaffe ginn, privilegiéiert solle ginn. Och d‘Familljen déi sech entscheeden, engem Partner Erzéiung an Haushalt ze iwwerdroen, mussen am gläiche Mooss ënnerstëtzt ginn.

D’ADR gesäit zudeem d‘Meenungsfräiheet a Gefor. D‘Regierung géif eng repressiv Politik ëmsetzen déi den demokratesche Prozess stéiert. Esou huet d‘Regierung ganzer dräi Méint gebraucht, fir eng Interpellatioun vum Deputéierte Fernand Kartheiser zouzeloossen. „Dat léisst déif blécken“, seet den ADR-Fraktiounschef, mam Hiweis, datt et bei der Interpellatioun ebe just ëm d‘Meenungsfräiheet geet.

Verfassungsreform a Koalitiouns-Aussiichten

Mat der noutwenneger Verfassungsreform huet den ADR och esou seng Suergen. Manner wéinst dem Fait datt et muss sinn, wéi mat der Aart a Weis wéi d‘Regierung wëlles huet de Projet unzegoen. Fir de Gast Gibéryen steet ausser Fro, datt esou wuel d‘Lëtzebuerger Sprooch wéi och den Déiereschutz heiranner musse verankert ginn. Dat misst dann och nach virun de Chamberwahle gestëmmt ginn. Heifir schéngt et esouguer eng Majoritéit ze ginn.

Lëschtegerweis ass et hei d‘CSV, ee méigleche Koalitiounspartner fir den ADR, déi net matmaache wëll. De Gast Gibéryen ënnersträicht dann och, datt d’ADR op kee Fall zouloosse wäert, datt d‘Verfassungsreform ouni Referendum ëmgesat gëtt. Hei géif den ADR all déi demokratesch Mëttel opgräifen, deem entgéint ze wierken.

Wat d‘Spill vun de Koalitiounen ugeet, huet d’ADR och wéineg Versteesdemech fir der CSV hiren Zickzack-Kurs. Mol derfir, dann erëm dogéint, awer derfir an elo schonn nees dogéint. Och hei muss dann de Fraktiounschef d‘Punkten op den I setzen: „Eis ass et egal. Mir sinn net do, fir der CSV eng Majoritéit ze ginn. Mir vertrauen op de Bierger.“ Esou soll dann och kloer gestallt ginn, datt schonn d‘Gambia-Koalitioun net de Wielerwëlle respektéiert huet. Bei der ADR weist ee sech verwonnert doriwwer, datt d‘CSV dat scho virun de Walen esou mécht.

Datt ee sech beim d‘Ausgesi vun Europa net eens wier, ass elo net nei. Während d‘CSV sech fir ee federaalt Europa ausschwätzt, setzt sech d’ADR fir en Europa vun de Natiounen an. Dat wier den eenzege Wee fir ze verhënneren, datt d‘EU um Enn vu Berlin aus gesteiert gëtt. Bei engem europäeschen Zentralstaat kritt Däitschland een ze vill groussen Afloss, dat misst verhënnert ginn.

Foto: D‘Partei steet zesummen an dat wäit iwwert d‘Fraktioun eraus. Eng méiglech Koalitioun mat der CSV bléift net ausgeschloss, mee net zu all Präis. Et misst een sech schonn, bei allen Differenzen, op Aenhéicht géinteniwwer stoen (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Ähnlech Sujeten adr, EU, Gast Gibéryen, Google, Space Mining
Nächsten Artikel Virrechten Artikel