Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dëppegéisser, Keele-Klatzen an Dogwalker: Gewënner vun der Summerausstellung vun der Stad Lëtzebuerg geéiert
friend recommend dating site

Dëppegéisser, Keele-Klatzen an Dogwalker: Gewënner vun der Summerausstellung vun der Stad Lëtzebuerg geéiert

Um Dënschdeg hunn d‘Gewënner vum Concours, deen am Kader vun

are kronk and yzma dating
friend recommend dating site

serious online dating websites

Mam Event „Playgirls & Gameboys“ ginn d‘Rotonden e Samschdeg vun

Brunei: Sharia soll verstäerkt ëmgesat ginn
friend recommend dating site

Brunei: Sharia soll verstäerkt ëmgesat ginn

Trotz internationale Protester huet d‘Regierung vum Sultanat Brunei seng Legislatioun

ADR-Wahlkongress: Den Erfolleg baséiert op dräi Sailen

ADR-Wahlkongress: Den Erfolleg baséiert op dräi Sailen

Eppes iwwer honnert Memberen, Kandidaten a Militanten haten um Samschdegowend de Wee an de Kulturzenter zu Bouneweg fonnt, fir um Wahlkongress vun der alternativer demokratescher Reformpartei deelzehuelen. De Parteipresident huet hei déi 3 Saile vum Programm ervirgehuewen.

Wirtschaftswuesstem

De Jean Schoos huet sech géintiwwer de Sympathisanten an de Kandidaten dann och besonnesch op de Wuesstem bezunn. Et wier déi stäerkste Sail, ëm déi de Wahlprogramm vun der ADR opgebaut ass. Hien huet däitlech gemaach, datt d‘ADR sech engem Wuesstem net verschléisst, awer drop besteet, datt en dësen awer mat Beduecht an Intelligenz muss ugoen.

Geet et der ADR no, da missten sech all déi grouss Entreprisen, déi de Wonsch hunn sech zu Lëtzebuerg néierzeloossen, iwwerpréift ginn. Et misst zudeem eng Analyse gemaach ginn, aus där ze gesinn ass, op déi betraffenen Entreprise dem Land méi abréngt wéi se um Enn kascht.

Wann awer eng Entreprise dem Land e Virdeel abréngt – egal op dëse wirtschaftlech oder sozial ass – an zousätzlech och nach Aarbechtsplaze schaaft déi d‘Residente favoriséiert, da wier déi natierlech wëllkomm. Et muss also „gesënnert“ an et solle Kritäre festgeluecht ginn, fir déi Entreprisen déi bei komme wëllen. A wéi soll ee mat deenen ëmgoen déi schonn do sinn?

Logement

Beim Logement ergräift d‘ADR eng Positioun déi sech fundamental vun de Regierungsparteien ënnerscheet. Si ënnerdeelen dann och dëse Sujet an zwee determinant Kapitel. De „portage foncier“ (also de Kaf oder d‘Erhale vun engem Objekt mam Zil vun enger spéiderer Plus-value) engersäits, an d‘Erhéije vun de „Plafonge“ fir d‘Bäihëllef beim Kaf vun engem Objekt.

Esou soll den Accès zur Proprietéit erliichtert ginn. Am Géigesaz zu de Majoritéitsparteien (DP, LSAP an déi gréng), déi laut dem Jean Schoos och d‘Enteegnung als en Deel vun der Léisung vun der Wunnengsnout wëllen erkannt hunn, ass d‘ADR kloer géint esou eng Mesure.

Mënschen enteegnen, kann net d‘Léisung vun de Problemer am Logement sinn, an et dierf een zudeem d‘Fro opwerfen, op esou eng Moossnam och nach mat der Verfassung an Aklang ze bréngen ass. Besëtzer vu Wunnengen déi eidel stinn, op aus spekulativen oder anere Grënn, sollten awer dierfe „besteiert“ ginn, wéi et jo emol bestëmmt, awer ni ëmgesat gouf…

„Eis“ Sprooch

Déi Lëtzebuerger Sprooch, e weidert zentraalt Thema vun der Reformpartei, muss vun der Politik méi eescht geholl ginn. Dofir wëll d‘ADR dann och dem „Gespills“ vum Educatiounsminister en Enn bereeden. Eis Sprooch muss am Schoulprogramm besser berécksiichtegt ginn.

An Jean Schoss, deen d‘lëtzebuergescht als „déi Integratiounssprooch“ wëll implementéieren, huet e gutt Argument. Esou stellt hie fest, datt laanscht déi franséisch a Belsch Grenz, d‘franséisch dominéiert, et am Osten an am Norden dann nees déi däitsch Sprooch ass, déi iwwerweit. Net ze vergiessen, datt eis portugisesch Matbierger, hir Sprooch och iwwert eis setzen.

Wann ee sech also dem demographesche Wuesstem zouwennt, esou den ADR-President, da muss een sech awer op eng gemeinsam Sprooch eenegen. Hie féiert un, datt d‘Rieden an der Chamber an, an de Gemengerotssëtzungen op lëtzebuergesch gefouert ginn. Lëtzebuergesch wier also déi Sprooch déi d‘Integratioun sozial a politesch fërdert.

Foto: © ADR

Ähnlech Sujeten adr, Chamberwahlen 2018, Lëtzebuerger Sprooch, Logement, Wuesstem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel