Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den naturdréiwen aus der Echternacher Brauerei
Neiegkeeten

Den naturdréiwen aus der Echternacher Brauerei

Et ass en „Hellen“ deen de Braumeeschter Mathias Mertes, mat

D’Policegewerkschaft net vun der Reform iwwerzeegt
Neiegkeeten

D’Policegewerkschaft net vun der Reform iwwerzeegt

D’Gesetz vun der Policereform, dat bis ewell op all politeschem

Neiegkeeten

Konditiounen – Gewënnspill Weltautismusdag 2019

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

ADR: „Ze vill Wuesstem zerstéiert d‘Liewensqualitéit“

ADR: „Ze vill Wuesstem zerstéiert d‘Liewensqualitéit“

Bei der „alternativ demokratesch reformpartei“ (ADR) hunn se sech eppes Zäit gelooss fir de Wahlprogramm ze presentéieren, mee dat aus guddem Grond. Et ass hinnen net dru geleeën, de Bierger hir Nerven ze strapazéieren, an alles Scheifgesweis duerzeleeën.

An et gëtt dann och direkt emol kloer gestallt, datt si mat hirem Wahlprogramm net gedenken dem Wieler „Hunneg ronderëm de Mond ze schmieren“. Si hunn sech op „Handfestes“ bezunn, wëllen déi Themen uschwätzen déi „wéi dinn“. An dozou gehéiert zweiwelsfräi de Volet „Wuesstem“. E Wuesstem zu deem si d‘Usiicht vertrieden, datt dee „Verantwortlech“ gehandhaabt muss ginn.

Den ADR wëll an dësem Kontext dann och op d‘Brems trëppelen. Lëtzebuerg misst net no de Stäre gräifen, heescht et säitens dem Parteipresident Jean Schoos. Wat den onkontrolléierte Wuesstem u Nuisance mat sech bréngt, kéint ee mëttlerweil (an net nëmmen an de Spëtzestonnen) op eise Stroossen mat eegenen Ae gesinn. Och d‘Problemer am Logement, wieren dem Wuesstem geschëlt.

Verréckt dann och, datt obwuel duerch de Wuesstem stänneg nei Aarbechtsplaze geschafe ginn, de Chômage eis erhale bleift. D‘Fro zu Finanzéierung vun de Pensiounen ass net beäntwert, an et stellt sech fir den ADR och d‘Fro, datt wa Lëtzebuerg muer 700.000 Awunner huet, an Iwwermuer därer eng ganz Millioun, de „Lëtzebuerger“ endgülteg zur „Minoritéit am eegene Land“ gehéiert.

Kleng a mëttelstänneg Entreprise stäerken

Fir „den Äifer ze bremsen“ schléit d‘ADR vir, datt een aus wirtschaftlecher Siicht, sollt déi kleng a mëttelstänneg Entreprisen ënnerstëtzen déi do sinn. Et soll zudeem, iert een eng nei Firma „aluet“ sech zu Lëtzebuerg ze installéieren, Impaktstudie gemaach ginn, emol kucke wat d‘Entreprise dem Land abréngt, an domatter ophalen all deene Konzerner Steierkaddoen ze maachen.

Si sinn net ofgeneigt Geld an de Grapp ze huelen an ze investéieren. Hir Prioritéite sinn allerdéngs anerer, wéi déi vun der Regierungsparteien. Fir si steet un éischter Stell: Schoul, Gesondheet a Sécherheet. Si setzen sech awer och dofir an, datt fir d‘Mobilitéit a de Logement entspriechend Mëttel zur Verfügung gestallt musse ginn. Fir d‘Bierger misst och nach eppes weider gemaach ginn.

Géifen si mat an d‘Regierung kommen, esou verspriechen si sech fir de Lëtzebuerger anzesetzen. Et solle keng Stéiere méi erhéicht ginn, de Steiersaz misst dem Index ugepasst ginn, d‘Grondsteier soll ganz ofgeschaaft, an duerch eng Tax op Broochland an eidel stoend Wunnengen ersat ginn. Beim Logement setzt den ADR op de soziale Wunnengsbau, a wëll d‘Kritäre fir den Accès verbesseren.

Et soll d‘Unzuel vun de Wunnenge pro Hektar erhéicht ginn, an d‘Leit solle méi no un hirer Schaff op e Logement zréckgräife kënnen. Dat alles, dees ass ee sech beim ADR bewosst, léisst net de Mobilitéitsproblem, mee kann e wichtege Beitrag leeschten. Zudeem fuerdert och den ADR den ëffentlechen Transport integral gratis ze maachen. E Sujet deen dës Regierung verschlof huet.

Mir brauchen e performante Schoulsystem

D‘ADR wëll zudeem datt sech Lëtzebuerg e performante Schoulsystem zouleet. Hei misst een sech op Bewäertes verloossen an den Niveau nees hiewen. Si si géint Klassen déi unhand der Sprooch „zesummegestallt“ ginn, well dat enger Segregatioun gläich kënnt. D‘Schoul wier deen Uert wou d‘Integratioun „gelieft“ gëtt, an Integratioun geet fir den ADR iwwert d‘Sprooch, eis Sprooch.

Mat der Integratioun duerch d‘Sprooch, géif déi sozial Kohäsioun séchergestallt ginn. Dofir géif den ADR dann och den Enseignement vun der franséischer Sprooch am „Precoce“ ofschafen. Déi national Sprooch wëll den ADR mëttels engem Sproocheministère fërderen a schützen. Et sollen déi friemlännesch Endungen duerch lëtzebuergesch Wierder ersat ginn, an sech gläichzäiteg dofir staark gemaach ginn, datt lëtzebuergesch eng offiziell Sprooch vun der EU gëtt.

Beim ADR steet zudeem och d‘Gebuertepolitik am Programm. Hei soll et „Wuesstem“ ginn, esou laang wéi d‘Kanner aus enger heterosexueller Relatioun entsprangen. Fir dat ze fërderen, sollen déi sougenannte „Cheques-Services“ duerch e konsequent Kannergeld ersat ginn: 2.000 Euro beim éischte Kand, 2.750 wann et der Zwee sinn, a huet een därer dräi, wieren et schonn 3.250 Euro.

E laange Wonsch: d‘Mammerent. Dat ass keng nei Fuerderung, a si soll fir Fraen déi eligibel sinn, schonn ab dem 60. Liewensjoer ausbezuelt ginn. Wéi finanzéiert een dat? D‘ADR wëll dat mëttels gesonde Staatsfinanzen an de Grëff kréien. Si stelle fest, datt d‘Investitioune méi héich sinn, wéi de Benefice deen erhale gëtt. Dofir misst op onnëtz Ausgabe verzicht ginn.

mam Laure Schlesser

Foto: © Joëlle Gianotte/ADR

Ähnlech Sujeten adr, Chamberwahlen 2018, Sprooch, Wuesstem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel