Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zeréck an d’Fifties: Rockabilly Party am CAPE
i'm 24 and dating a 45 year old man Neiegkeeten

reddit free software dating

Bal all Joers am Fréijoer organiséiert de CAPE en Danzowend mat

dating app auto liker
i'm 24 and dating a 45 year old man Neiegkeeten

Nëmme Popcorn-Süchteger kréie méi wéi 8 richteg Äntwerten an eisem Kino-Quiz zesummen!

D’Kino-Landschaft zu Lëtzebuerg lieft erëm sou lues op. Mee wéi

Editorial: Den „Donneschdeg“ ass am Alter vu 22 Joer verstuerwen
i'm 24 and dating a 45 year old man Neiegkeeten

Editorial: Den „Donneschdeg“ ass am Alter vu 22 Joer verstuerwen

Si war dem „Fonkekätt“ – wéi de Feierkrop d‘Prinzessin vun

ADRIɅN – Video Release vun „Discontinuous“

ADRIɅN – Video Release vun „Discontinuous“

Schonn am vergaangene Joer huet de jonke Lëtzebuerger Songwriter ADRIɅN mat senger waarmer a melancholescher Stëmm de Publique total faszinéiert. D’Fans kënnen sech freeën, well den talentéierte Museker huet elo säin neie Video zu „Discontinuous“ verëffentlecht!

No senger éischter Single mam Numm „Chimney Sweeper“, déi hien am Mee 2018 lancéiert huet, ass ADRIɅN endlech mat engem neie Lidd zeréck. Mat Aflëss aus dem Pop, gemëscht mat modernem filmesche Sound, representéiert d’Single „Discontinuous“ d’Neierfannung vum musikalesche Projet. Et soll dann och déi éischt Rei u Singele sinn, déi an dësem Joer verëffentlecht ginn.

ADRIAN

A senger kuerzer Karriär kann de Museker schonn e puer Präisser seng eegen nennen. Sou krut hien um Screaming Fields 2018 de Coup de Coeur vum Rocklab an de Präis vun der SACEM fir déi bescht Kompositioun. Um Rock the South 2017 huet ADRIɅN déi zweet Plaz beluecht.

Wien sech déi nei Single ulauschtere wëll, soll onbedéngt op Youtube laanscht kucken. Natierlech hu mir eise Lieser de Clip och hei an den Artikel gesat. Den éischte Video zu „Chimney Sweeper“ kennt Dir Iech HEI ukucken. Dir wëllt méi Informatiounen zum Museker? Da besicht emol säi Site op Facebook.

Ähnlech Sujeten ADRIAN, Chimney Sweeper, Discontinuous, Museker, Rocklab, Songwriter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel