Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: op der Insel brennt der Premierministesch hire Rack
Kultur Neiegkeeten usa hookup sites

dating in medway kent

Déi britesch Regierung huet um Mëttwoch op e neits zolidd

dating med student
Kultur Neiegkeeten usa hookup sites

Sinn dës Wierder richteg geschriwwen? – 3

Nëmmen duerch üben gëtt een zum Meeschter. Dat stëmmt och

Tournage vun „Mission Impossible 6“ ënnerbrach
Kultur Neiegkeeten usa hookup sites

Tournage vun „Mission Impossible 6“ ënnerbrach

Well sech d’Star Tom Cruise beim Tournage vum sechsten Opus

ADRIɅN – ee Soloprojet mat Häerz

ADRIɅN – ee Soloprojet mat Häerz

Wann et ëm Musek geet huet och ee klengt Land vill ze bidden. Mat den douce melancholesche Kläng iwwerzeegt ADRIɅN op ganzer Linn an dréit säin Deel zur Lëtzebuerger Kultur bäi. Wien Talent huet soll et weisen, a genau dat huet de Sänger sech net zwee Mol soe gelooss!

Mat sengen 20 Joer huet den Adriano Lopes da Silva scho vill Opweises. Am Alter vun 13 Joer huet de Lëtzebuerger Sänger ugefaange, seng Passioun zum Songwriting entdeckt an domadder och groussen Uklang bei senge Matmënsche fonnt. Mam Solo-Projet ADRIɅN ass et dunn eescht ginn an den immens talentéierten Adriano kann endlech säin Dram ausliewen.

Hie selwer bezeechent sech als Singer-Songwriter am Beräich Pop. Majo mat dësem Stil hat hie schnell d’Lëtzebuerger Musekswelt iwwerzeegt a sou ass den éischte groussen Optrëtt ee Concert als Virband vun der Band Austinn ginn.

An der kuerzer Zäit, déi bis elo vergaangen ass, war den Adriano immens aktiv. No der Verëffentlechung vu senger éischter Single „Chimney Sweeper“ huet hie bei enger Rei Concourse matgemaach. Heizou gehéiert da beispillsweis d Soundcamp, Rock the South oder de Screaming Fields Festival. Och un Optrëtter huet et net gefeelt a sou kann hien erfollegräich Concerten um On Steitsch, Springbreak, E-Lake an nach vill méi opzielen.

Adrian

© ADRIɅN

Wien esou aktiv ass, wéi dëse jonke Sänger fënnt natierlech och vill Ënnerstëtzung. Esou huet hien no kuerzer Zäit säi Produzent, den Tom Gatti vun Audio Oak, kennegeléiert. Am Hierscht vum vergaangene Joer ass dunn eng Collaboratioun mat Kids Downtown entstanen, wouduerch een Elektro-Dance Lidd mam Numm „Fool“ erausbruecht ginn ass.

Kuerz nom Screaming Fields Festival ass et dunn un de kreativen Deel gaangen. Esou ass de Sänger an ee Studio gaangen an huet sech vill Zäit geholl a Méi gemaach, fir un neie Lidder mat individuellem gefillsvollem Sound ze schaffen. Originalitéit an Emotioune sinn hei nämlech dat grousst Ziel. ADRIɅN verbënnt Pop-Songs mat engem modernen a -wéi hien et nennt – cinematographesche Sound.

Sou dréit och seng nei Single „Discontinuous“ säin Deel dozou bäi, de musikalesche Projet ze representéieren. Et soll awer net bei dësem enge Lidd bleiwen, wouduerch mir eis dëst Joer op weider Wierker freeë kënnen. D’Texter wäerten awer all iwwert eng gewëssen Thematik handelen: déi eegen Identitéit an de Kampf vum Kënschtler, seng Dreem an Ambitiounen intakt ze halen.

Et muss een einfach zouginn, datt dës originell a melancholesch Lidder, gemëscht mam cinematographeschen Deel, een einfach matrappen. ADRIɅN iwwerzeegt mat Originalitéit, wouduerch ee gär do setzt, ronderëm alles vergësst an einfach just nolauschtert. Dës Musek luet definitiv zum dreemen an. Mir kënnen eis immens houfreg schätzen esou een Talent am Land ze hunn a si scho gespaant, wat eis an Zukunft nach esou erwaarde wäert!

Ähnlech Sujeten ADRIAN, Austinn, Chimney Sweeper, Discontinuous, e-Lake, Musék, On Steitsch, Screaming Fields
Nächsten Artikel Virrechten Artikel