Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E Wéckeldësch op allen ëffentlechen Toiletten? Déi Iddi ass net vu schlechten Elteren!
Kultur Neiegkeeten

borderline personality disorders dating

Virun e puer Méint hunn ech eng Story fir moien.lu

https://moien.lu/dating-apps-for-introverts-2017/
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – De Farin Urlaub huet Gebuertsdag!

Mat senger Band Die Ärzte feiert de Sänger ee risegen

D‘Buchmesse zu Frankfurt beweist, datt vill d‘politesch Dimensioun vu Literatur ënneschätzen
Kultur Neiegkeeten

D‘Buchmesse zu Frankfurt beweist, datt vill d‘politesch Dimensioun vu Literatur ënneschätzen

Zu Frankfurt war et dëse Weekend alles anescht als roueg.

Adventsmaart am Konviktsgaart – Chrëschtdag ka kommen!

Adventsmaart am Konviktsgaart – Chrëschtdag ka kommen!

Um 1. Dezember 2018 ass et nees esou wäit! Am Konviktsgaart gëtt den traditionellen Adventsmaart organiséiert. Et ass déi perfekt Méiglechkeet wanterlech Chrëschtdagskaarten, Adventsarrangementer, 100 % natierlechen Hunneg an aner Konschtwierker fir sech a seng Gäscht zur Chrëschtzäit ze kafen.

Déi gesamt Recettë vun dësem Dag gi gespent un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner an d’Asbl Mateneen fir Kanner. Natierlech dierf un dësem Dag de Glühwäin net feelen, den vu leckeren Desserte begleet gëtt. Vun 10:30 bis 16:00 Auer kann een am Konviktsgaart – Résidence Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte (11, Avenue Marie-Thérèse) a wanterlech Stëmmung versat ginn.

Wien un engem Mëttegiessen interesséiert ass kritt am Konviktsgaart ee ganze Menü ugebueden: D’Iesse besteet aus enger Amuse-Bouche, enger Entrée, engem Haaptplat an engem Dessert. Am Präis vu 15 € ass kee Gedrénks abegraff. Är Reservatioun kënnt Dir bis den 26 November 2018 ënnert der Telefonsnummer 250 650 1 maachen.

Just e puer Minutte vum Zentrum an, an onmëttelbarer Géigend vun engem Busarrêt befënnt sech de roueg geleeënen Konviktsgaart. Insgesamt zielt dës Platz 103 Wunnengen, mee och Restauranten, eng Cafeteria, eng Epicerie a villes méi.

Méi Informatioune kritt Dir ënnert seniors.vdl.lu oder ënnert www.konviktsgaart.lu. De gesamte Programm mam Menü fannt Dir HEI.

Ähnlech Sujeten Adventsmaart, Chrëschtdag, Chrëschtmaart, Konviktsgaart
Nächsten Artikel Virrechten Artikel