Search

You may also like

Drogenhändler am Garer Quartier gepëtzt a Brandstëfter gesicht
International Neiegkeeten

Drogenhändler am Garer Quartier gepëtzt a Brandstëfter gesicht

Déi beschte Geschäftsiddi daacht näischt, wann däi Business illegal ass.

surprise
Cloverfield kritt en neie Film spendéiert an du muss net laang drop waarden!
International Neiegkeeten

Cloverfield kritt en neie Film spendéiert an du muss net laang drop waarden!

Beim Superbowl ginn et ëmmer déi neisten Traileren ze bewonneren.

Rohingyas am Bangladesch: eng Communautéit vrum Ofgrond
International Neiegkeeten

Rohingyas am Bangladesch: eng Communautéit vrum Ofgrond

Zanter dem 25 August, esou de Communiqué vun Dokteren ouni

Äerdbiewen an der Ägäis: Mindestens 20 Affer

Äerdbiewen an der Ägäis: Mindestens 20 Affer

No engem Äerdbiewen an der Ägäis, läit den aktuelle Bilan an der Westtierkei bei zwanzeg Affer an honnerte Blesséierter. Och déi griichesch Insel Samos ass vum Biewe betraff, hei sinn zwee jonk Mënschen dem Naturphenomen zum Affer gefall.

Laut den Informatioune vun der tierkescher Katastropheverwaltung, hätt d‘Äerdbiewen eng Stäerkt vun 6,6 op der do uewen oppener Richterskala opgewisen. Den Epizenter läit an der Ägäis, virun der tierkescher Provënz Izmir, an eng 16 Kilometer nërdlech vun der griichescher Insel Samos. Op der tierkescher Tëlee goufe Bille vun agestierzten Eefamilljenhaiser gewisen. Och huet iwwert der Stad Izmir eng riseg Stëbswollek gehaangen.

De Berichter no, ass et wärend dem Biewen zur Panik an de Stroosse vun Izmir komm, kuerzzäiteg sollen all Telefonsverbindungen ënnerbrach gewiescht sinn. Méi gëtt et aktuell net vun offizieller Säit aus der Tierkei. Ankara huet bis ewell och keng international Hëllef ugefrot. Iwwert dat ganzt Ausmooss vun de Schied an op weider Affer ze bekloe sinn, wäert et wuel eréischt an den nächsten Deeg oder Ufank nächster Woch ginn.

Äerdbiewen

No dëser Tragedie huet sech de Sultan Recep Tayyip Erdogan mat engem Tweet sengem Vollek matgedeelt, datt d‘Regierung voll hannert de Betraffene steet an alles ënnerholl gëtt, fir dëse séier zur Hëllef ze kommen. EU an NATO hu béiden Natiounen hir Hëllef ugebueden. Den EU-Rotschef Charles Michel huet och via Twitter erkläert, datt sech d‘EU bereet hält ze intervenéieren, wann dat vun där enger oder aner Säit erwënscht ass.

Nach keen definitive Bilan op Samos

Wéi aleedend bemierkt, ass och Griicheland, hei méi prezis d‘Insel Samos an der Ägäis, betraff. Et heescht säitens den Autoritéiten, datt zwee Jugendlecher nom Äerdbiewen nëmmen nach Dout konnte gebuerge ginn. Et ass och Rieds vu Verletzen, déi wiere mëttlerweil am Spidol an hiren Zoustand stabil. D‘Autoritéite weisen allerdéngs och drop hin, datt et nach eppes ze fréi ass, fir een ofschléissende Bilan virzeleeën.

Äerdbiewen

D‘Äerdbiewe soll och, well et jo am Mier stattfonnt huet, an der Klengstad Vathy en Tsunami ausgeléist hunn. Op der griichescher Tëlee goufe gëschter Biller iwwerdroen, op deenen een eng iwwerschwemmte Strandpromenade gewise kritt huet, wou d Mier d‘Gefierer ewechgespullt huet. Ähnlech huet zu Seferihisar an der Tierkei ausgesinn. De Sender TRT hat Biller gewisen, op deenen iwwerschwemmt Gaassen ze gesi waren.

Aus dem däitsche Geofuerschungszenter (GFZ) zu Potsdam goufen d‘Äerdbiewen an deen domadder verbonnenen Tsunami bestätegt. Laut de Berechnunge vum Institut, sollen déi vum Tsunami ervirgeruffe Wellen, awer nëmmen eng Héicht vun 150 Zentimeter erreecht hunn. Plazeweis, an ofhängeg vun der Küste-Struktur, kënnen dës Wellen sech bis op eng Héicht vun 3 Meter opgetiermt hunn.

mat indymedia/ath/ber

Foto: Obwuel et schonn zanter Joerzéngten een op Äerdbiewen ausgeriichte Bautereglement gëtt, gëtt sech an der Tierkei (wéi hei zu Izmir) net dru gehalen. Virleefeg ass wuel nëmme rieds vun 20 Affer, mee den endgültege Bilan läit nach net vir. © John Eren (via Twitter)

Related topics Äerdbiewen, Ägäis, Griicheland, Tierkei, Tsunami
Next post Previous post