Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ee Bléck hannert d’Kulissen: Besonnesche Besuch bei Jos & Jean-Marie
International Neiegkeeten

Ee Bléck hannert d’Kulissen: Besonnesche Besuch bei Jos & Jean-Marie

Ee gudde Croissant gefälleg, oder dach léiwer eng frësch Schockelasrull?

Intimement Barbara – Dëse Weekend am Théâtre Le 10
International Neiegkeeten

Intimement Barbara – Dëse Weekend am Théâtre Le 10

De grousse Gesangsspektakel Intimement Barbara, mam Agnès Ravaux an dem

„Under Climate Pressure”: Protest virun der Chamber
International Neiegkeeten

„Under Climate Pressure”: Protest virun der Chamber

Den 29. November wäert Youth for Climate (YFCL) virun der

Äerdbiewen a Japan: op mannst zwee Doudeger

Äerdbiewen a Japan: op mannst zwee Doudeger

En zolidd Äerdbiewen huet haut de Weste vu Japan getraff. Éischten Informatiounen no sinn heibäi en eelere Mann vun 80 Joer an e Meedche vun 9 Joer verstuerwen. Et ass zu Stroumausfäll komm an de Schinneverkéier huet och missen ënnerbrach ginn, heescht et säitens den Autoritéiten.

Vun der Atomreguléierungsautoritéit ass matgedeelt ginn, datt d‘Biewe kee Schued an den Atomzentrale vun der Regioun gemaach huet. Den Automobilhiersteller Honda, huet a senge Wierker d‘Produktioun ugehalen, bis gepréift ass, datt et keng Problemer gëtt an a Sécherheet ka geschafft ginn.

E Spriecher vun der Police huet géintiwwer der AFP den Doud vun der Schülerin bestätegt. D‘Kand vun 9 Joer ass ëm d‘Liewe komm, wéi a senger Schoul zu Takatsuki (nërdlech vun Osaka) eng Zillemauer zesummegefall ass. Den Doud vun engem 80 järege Mann, wéi e vu verschiddene japanesche Medie gemellt ginn ass, konnt de Spriecher vun der Police net confirméieren.

De Regierungsspriecher Yoshihide Suga huet sengersäits bestätegt, datt zwou Persoune verstuerwe sinn, a gefaart gëtt datt nach en drëtt Affer ze bekloen ass. Zudeem sollen 20 Mënschen deel schwéier blesséiert gi sinn.

Den Iwwerbléck behalen

Dat staarkt Äerdbiewen ass an der fréie Moiesstonnen um 7.58 Auer Lokal (Mëtternuecht eiser Zäit) passéiert. Et ass zu Stroumausfäll komm, wouvunner 170.000 Menage betraff waren. Den Zuchverkéier ass aus Sécherheetsgrënn ugehale ginn.

Néierewou ass zu Panik komm, an op den Tëleeë ware Berichter gewise ginn, bei deenen een gesinn huet, wéi Leit, mat der Hëllef vum Eisebunnspersonal, aus den Zich erausgehollef kruten. Am Norde vun Osaka war et zu engem Brand komm, an eng Kanalisatioun war „gebrach“.

Äerdbiewen

A Japan huet ee mat Äerdbiewen Erfarung. Hei waarden d‘Passagéier zu Osaka, déi aus dem Schnellzuch „Shinkansen“ hu missen erausklammen, datt den Zuchverkéier nees kann opgeholl ginn. © STR/JIJI Press/AFP

De japanesche Premierminister Shinzo Abe huet sech séier zu Wuert gemellt, fir ze versécheren, datt d‘Regierung bei der Aarbecht wier, an „d‘Prioritéit op de Schutz an d‘Rettung vun de Mënsche gesat gëtt“. Hien huet senger Equipp dann och opgedroen, zäitno Informatiounen iwwert eventuell Schied ze sammelen.

Laut dem amerikaneschen Äerdbieweninstitut USGS, huet d‘Biewe mat enger Magnitude vun 5,3 op der Richterskala an enger Déift vu 15,4 Kilometer, zimlech no un Osaka stattfonnt. D‘Meteo-Agence a Japan, huet sengersäits eng Magnitude vun 6,1 an eng Déift vun 13 Kilometer uginn.

D‘Intensitéit ass mat „sechs minus“ op der japanescher seismologescher Skala bewäert ginn. Déi Skala gëtt genotzt fir d‘Auswierkungen op der Uewerfläch ze bezifferen. Si geet vun „1“ (engem kaum spierbaren Zidderen) bis „7“ (do fléien d‘Miwwelen duerch d‘Wunneng an Haiser falen zesummen). Bei „sechs minus“ huet ee Schwieregkeeten sech op de Been ze halen.

Virsiichteg sinn

Et huet dann och e sëllechen Nobiewe ginn an d‘Autoritéiten hunn d‘Awunner an der Regioun gewarnt, datt Haiser kéinten afalen. Well och nach mat Reen ze rechnen ass, besteet d‘Gefor, datt et plazeweis och zum Äerdrutsch komme kann.

„De Risiko datt Haiser astierzen an et plazeweis zum Äerdrutsch komme kann ass héich an de betraffenen Zonen. Sidd virsiichteg géintiwwer de Nobiewen, lauschtert d‘Informatiounen am Zesummenhang mam Reen a bleift ewech vun de geféierleche Plazen“, esou de Toshiyuki Matsumori vun der japanescher Meteoagence.

mat AFP

Foto: Pompjeeën iwwerpréiwen den Zoustand vun engem Haus zu Ibaraki City (am Norde vun Osaka). Hier éischt Missioun ass de Schutz vun der Bevëlkerung, dann eréischt gëtt sech ëm de Materialschued gekëmmert. © STR/JIJI Press/AFP

Ähnlech Sujeten Äerdbiewen, Japan, Osaka, Shinzo Abe, USGS
Nächsten Artikel Virrechten Artikel