Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mercosur-Ofkommes scheitert un Éisträich
International Neiegkeeten

Mercosur-Ofkommes scheitert un Éisträich

Et gëtt méi europäesch Politiker déi den Ament kee gutt

Taekwondo: Eng éischt erfollegräich „Ardennes Open“
International Neiegkeeten

Taekwondo: Eng éischt erfollegräich „Ardennes Open“

Asiatesch Kampfsportaarten erfreeën sech grousser Beléiftheet an natierlech gëllt datt

geekmoney
Apple Pay elo och fir d‘Cliente vun der Spuerkeess
International Neiegkeeten

Apple Pay elo och fir d‘Cliente vun der Spuerkeess

D‘Spuerkeess, d‘Nummer 1 ënnert de Banken zu Lëtzebuerg huet gëschter

150 Mënsche bei Äerdbiewen a Mexiko gestuerwen

150 Mënsche bei Äerdbiewen a Mexiko gestuerwen

Zesummegefallen Haiser, Panik: Op mannst 138 Mënschen hunn hiert Liewe verluer wéi um Dënschdeg en Äerdbiewe vun der Stäerkt 7,1 den Zentrum vu Mexico duerchgerëselt huet. Dobäi och d’Haaptstad, op den Dag genee 32 Joer nom Biewe vu 1985, dat iwwer 10.000 Affer gefuerdert hat.

De provisoresche Bilan vun der mexikanescher Regierung berécksiichtegt d’Affer vun de Noper-Staaten vu Mexico, wou 36 Mënsche ëmkomm sinn: Puebla (29), Morelos (64) an de Staat Mexico (9). Mat ville weideren Affer muss gerechent ginn. Den Epizenter vum Äerdbiewe läit op der Grenz tëscht de Staaten Puebla a Morelos (Zentrum) an enger Déift vun 51 Kilometer, esou den geologeschen Zenter an Amerika (USGS). Stattfonnt huet Biewen um 13.14 Auer lokal.

Mexiko-Stad mat sengen 20 Milliounen Awunner huet matten am Gejäiz, de Nervekrisen a villen Tréine geziddert. E Biewen, dat nëmmen e puer Deeg nom Äerdbiewe vun enger Stäerkt vun 8,2 am Süde vum Land, grousst Leed iwwert d’Land bréngt. Nom Biewen am Staat Oaxaca waren 61 Affer an iwwer 200 Verletzter ze bekloen.

Vill Leit si matgeholl an brauchen Trouscht. Op den Dag genau, 32 Joer nom schreckleche Biewen vu 1985 huet de Buedem vu Mexiko op e neits geziddert an honnerte Mënschen an den Doud gerappt. (© Ronaldo Schemidt/AFP)

Éischt Berichter an de sozialen Netzwierker

Op de Videoen déi an d’sozial Netzwierker eropgeluede goufen, war d’Gewalt vum Biewe kloer ze erkennen. Ganz Gebaier sinn zesummegefall. An engem Haus hat et och eng gewalteg Explosioun ginn. Ergräifend Biller och, déi vun Touriste verëffentlecht gi sinn, wéi se op engem Séi zu Xochimilco südlech vu Mexico mam Boot ënnerwee waren. Hei waren héich Wellen ze gesinn a Booter déi zolidd duerchgerëselt gi sinn, op engem Séi deen u sech ganz roueg ass.

„Ech si ganz matgeholl. Ech kann net ophale mat Kräischen, et ass dee selwechten Albdram wéi 1985“, vertraut d’Georgina Sanchez (52) der AFP un. Si sëtzt an Tréinen op enger Plaz zu Mexico-Stad an huet op e neits dës gräisslech Episod duerchlieft, déi d’Land esou schwéier getraff hat. „Et ass dach net méiglech, datt et erëm e 19. September ass!“, rifft an Tréinen d’Sekretärin Lucia Solis, dat um ganze Kierper ziddert. „D’Leit ware schrecklech nervös. Ech hunn eng Fra gesinn, déi schwaach gefall ass. D’Leit waren all um lafen“, bericht eppes méi wäit de Alfredo Aguilar (43).

An de Ruinen

Matten am Gas-Geroch, vill Gebaier sinn zesummegefall oder schwéier beschiedegt, esou d’Feststellung vum AFP-Journalist. D’Autoritéite vu Mexico-Stad bestätegen iwwer 50 Gebaier déi nach just Ruine sinn. „Fëmmt net! Fëmmt net!“, ruffen d’Secouristen déi op der Plaz gebrache Gasleitunge fäerten. Zur gläicher Zäit huet d’Police Krämpes gehat am Chaos Ofspärungen anzeriichten. Awunner hu versicht ze Fouss zréck an hir Haiser ze kommen.

De mexikanesche President Enrique Peña Nieto huetz säin Deplacement an der Provënz ofgebrach, fir mam Fliger an d’Haaptstad zréckzekommen. „Ech hunn Uerder ginn déi beschiedegt Spidäler ze evakuéieren an d’Patienten ze verleeën“, schreift de President op Twitter.

Secouristen, Pompjee, Polizisten, Zaldoten a Fräiwëlleger versichen esou gutt wéi eben nëmme méiglech d’Trëmmer ewechzeraumen an der Hoffnung nach Iwwerliewend ze fannen. (© Pedro Pardo/AFP)

Matgefill

Den Trump huet a sengem Tweet Gott opgefuerdert d’Leit vu Mexico ze beschützen a matgedeelt „… mir si mat iech a wäerte fir iech do sinn“. E Message deen d’Mexikaner erstaune léisst. D’Relatioune mat den USA si säit den Trump President ass, net déi bescht. Ufank September hat hien dann och ee puer Deeg gebraucht iert hien, nom Biewen am Süden, säi Bäileed ausgeschwat huet. Grouss Dampsailen waren op de Panoramabiller vun der mexikanescher Televisioun ze gesinn. De Chaos an der Milliounestad an dat onendlecht Leed ass trotz de Berichter onvirstellbar.

Grouss Dampsailen waren op de Panoramabiller vun der mexikanescher Televisioun ze gesinn.

„Do sinn der nach déi Liewen!“, rifft eng Fra a wéist op d’Ruine vun enger Klinik. Secouristen an Awunner hunn eng Kette gebilt vir d’Trëmmer aus dem Wee ze raumen an déi Iwwerliewend erauszehuelen. Patienten op Drobieren oder a Rollstill sinn op den Trottoir evakuéiert ginn. Verschidden Institutioune vu Mexiko-Stad, dorënner de Fluchhafen an d’autonom Universitéit, hunn op Twitter matgedeelt, datt si hir Aktivitéiten ënnerbrieche fir d’Gebaier ze kontrolléieren. D’Schoulen zu Mexico a Puebla sinn evakuéiert ginn a bleiwe bis op Weideres zou.

Nach um Dënschdegmueren, haten d’Autoritéiten e Simulatioun-Exercice fir d’Awunner organiséiert. De 19. September 1985 war esou schrecklech, besonnesch wéinst dem Mangel un Organisatioun, datt all Joer de Noutfall „nogespillt“ gëtt. Säit där Tragedie sinn d’Baureegele verschäerft an en Alarmsystem ageriicht ginn.

mam Sofia Miselem/AFP

Foto: Secouristen, Pompjee, Polizisten, Zaldoten a Fräiwëlleger versichen esou gutt wéi eben nëmme méiglech d’Trëmmer ewechzeraumen an der Hoffnung nach Iwwerliewend ze fannen. (© Pedro Pardo/AFP)

Ähnlech Sujeten Äerdbiewen, Mexico
Nächsten Artikel Virrechten Artikel