Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

FAGE: En Echec fir déi industriell Beschäftegung am Land!
International Neiegkeeten

FAGE: En Echec fir déi industriell Beschäftegung am Land!

No der Decisioun vun der Entreprise FAGE seng Pläng fir

Huet Trump de Russe geheim Informatioune weiderginn?
International Neiegkeeten

Huet Trump de Russe geheim Informatioune weiderginn?

Den amerikanesche President Donald Trump ass wëll nees an de

Theaterstéck „E Känguru wéi du“ geet an d‘Verlängerung
International Neiegkeeten

Theaterstéck „E Känguru wéi du“ geet an d‘Verlängerung

Si sinn nees do: den Django, en homosexuelle Känguru, a

Äerdbiewen op de Philippinnen

Éischte Berichter no huet de Buedem zweemol geziddert, et ginn den Ament 8 Affer beklot

Äerdbiewen op de Philippinnen

D‘Philippinnen, déi matten um pazifesche „Feierrank“ geleeë sinn, verzeechne generell eng gréisser seismesch Aktivitéit. Dat lescht Äerdbiewe mat enger Magnitud vu 6,9 op der Richterskala hat sech den 28 Abrëll zougedroen, an hei waren 11 Mënscheliewen ze bekloen. Hënt huet dann op en Neits de Buedem geziddert, an dat matten an der Nuecht um 4.29 Auer…

Äerdbiewen

Zerstéiert Haiser zu Itbayat (Batanes) © Steve Labrador/Philippine Red Cross

Op de Philippinnen hunn sech an der Provënz Batanes (dat ass eng kleng Inselgrupp bei Luzon, der gréisster Insel vum Land) bannent e puer Stonnen zwee Äerdbiewen zougedroen. D‘Stäerkt huet hei bei 5,7 an 5,9 op der no uewen oppener Richterskala geleeën, mellt dat geophysescht US-Institut USGS. D‘Police huet gemellt datt et 60 Blesséierter gëtt, 8 Persounen si beim Biewe verstuerwen.

Äerdbiewen

Zerstéiert Haiser zu Itbayat (Batanes) © Steve Labrador/Philippine Red Cross

D‘Biewen huet d‘Leit matten an der Nuecht iwwerrascht. D‘Leit hu fluchtaarteg hir Haiser verlooss a versicht sech a Sécherheet ze bréngen. E Polizist huet bericht, datt si gesinn hu wéi d‘Haiser mat „wibbelen“ ugefaangen hunn. Eng ganz Rei Haiser konnt sech dem Biewen net widdersetzen an hir Fassaden hunn einfach noginn. Vill Persoune wiere vun dësen Trëmmer getraff ginn, esou d‘Police.

mat indymedia/mnl/mia

Ähnlech Sujeten Äerdbiewen, Batanes, Philippinnen, Richterskala, USGS
Nächsten Artikel Virrechten Artikel