Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Wéinst der Dréchent klammen d‘Präisser fir Weess a Fruucht
Neiegkeeten

https://moien.lu/sag-dating-a-sag/

D‘Hëtztwell an déi domatter verbonnen Dréchent wierkt sech op d‘Präisser

best one year dating gifts
Neiegkeeten

Casino Lëtzebuerg: De Bildschierm denken – a 6 Lektiounen a Begéinungen

De Bildschierm ass haut en integréierten Deel vun eisem Alldag,

What the Fakt – Wéi d’Alice a säi Wonnerland entstane sinn!
Neiegkeeten

What the Fakt – Wéi d’Alice a säi Wonnerland entstane sinn!

Et war haut viru genau 154 Joer, datt dem britesche

Äerderwiermung: mat héije Kuelestoffpräisser ausbremsen

Äerderwiermung: mat héije Kuelestoffpräisser ausbremsen

Op mannst bei 40 bis 80 Dollar soll bis 2020 de Präis vun enger Tonn CO2 leien, esou e Rapport deen haut verëffentlecht ginn ass. Bis 2030 sollen et der 50 bis 100 Dollar sinn, domat déi gewënscht Limitatioun vun der Äerderwiermung erreecht ka ginn.

„E gutt konzipéierten Tarif op de Kuelestoff ass absolut noutwenneg fir eng efficace Strategie, déi eng Reduzéierung vun den Emissiounen [vum Treibhausgas] zum Zill huet“, ënnersträicht en Dokument dat vun der Wirtschafskommission, däre Virsëtz den Ekonomist Joseph Stiglitz an de Nichalos Stern hunn, ausgeschafft ginn ass.

Zill vun dëser am Kader vun der Carbon Pricing Leadership Coalition (CPLC) mam Soutien vu Frankräich an der Weltbank agesater Kommissioun ass et, ze ënnersichen, wéi eng Präisverhältnisser nëtzlech wieren, fir eng Ännerung vum Verhale souwuel bei den Investissementer als och bei der Produktioun a Consommatioun ze erreechen. Dobäi gëtt e Niveau viséiert, deen noutwenneg wier, fir de Kampf géint de Klimawandel „op eng mam ekonomesche Wuesstem an Entwécklung am Aklang stoend“ Aart a Weis ze féieren.

D‘Kommissioun erënnert dorunner, datt 87% vun de weltwäiten Emissiounen net tariféiert géife ginn an datt dräi Véierel vun deenen, déi et ginn, vun engem Kuelestoffpräis ënnert 10 Dollar pro Tonne CO2 profitéiere géifen.

Kloer Ziler

De Paräiser Acccord, deen am Dezember 2015 vu bal 200 Länner ënnerschriwwe ginn ass, gesäit vir, datt d‘Uklamme vun der Temperatur am Verglach zum Niveau vu virun der Industrialiséierung „gutt ënnert 2°C“ limitéiert soll ginn an datt „Efforte gemaach musse ginn, fir d‘Uklammen op 1,5°C ze limitéieren.“

Et existéiere e puer Tarifméiglechkeeten beim Karbon. De Rapport nennt der gläich e puer: en explizitte Präis, deen iwwert eng Kuelestoffsteier geféiert gëtt oder e Quotemarché, wou d‘Entrerpisen sech CO2-Emissiounsrechter kafen a verkafe kënnen; Präisser, déi an Finanzéierungsinstrumenter integréiert sinn; an Ustéiss, fir Investissementer an en Kuelestoffreduzéirend Verhalen ze encouragéieren.

Fir d‘Kommissioun ass kloer, datt „den efficaceste Wee bei eng Tarifpolitik vum Karbon bei engem staarke Signal-Präiss ufänkt, deem sech direkt e glafwierdegen Engagement uschléisst, deen d‘Präisser laangfristeg op enge noutwenneg héijem Niveau hält, domadder eng Ännerung antriede kann.“ Den noutwennegen Niveau géif dobäi vu Land zu Land ofhänken.

„Et braucht Zäit, fir des Tarif-Mechanismen a Platz ze setzen an d‘Länner mussen sech därer direkt unhuelen“, esou de Rapport.

Een Tool vu villen

Obwuel dëst onëmgänglech ass, dierft dësen Tarif „net duergoen, fir déi noutwenneg Reduktioun bei den Emissioune mat der néideger Vitesse an Ëmfang unzereegen, fir d‘Ziller vum Paräiser Accord ze erfëllen“, ënnersträicht de Rapport.

„Eng Kombinatioun vu verschiddene klimapoliteschen Instrumenter wär wahrscheinlech méi efficace an attraktiv wéi d‘Benotzung vun engem eenzegen Outil“, gëtt am Rapport geschat, woubäi virun allem d‘Investissementer an den ëffentlechen Transport souwéi an d‘erneierbar Energie genannt ginn.

Esou en Tarif misst och „d‘Virdeeler ausserhalb vum Klimawandel am Bléck behalen“, souwuel am lokalen als och am wirtschaftspoliteschem Kontext. Déi kéinten, beispillsweis, „eng Erhéijung vun de Steierressourcen“ am Sënn vun engem nohaltegem Wuesstem, implizéieren.

Mat mpa/fpo/kp (AFP)
Ähnlech Sujeten Europa, Klimawandel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel