Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E Bréif aus England…
International Neiegkeeten

E Bréif aus England…

En ass speziell, liicht extravagant an huet „senge Leit“ versprach

Weess du, wat dës Lëtzebuergesch Wierder bedeiten?
International Neiegkeeten

Weess du, wat dës Lëtzebuergesch Wierder bedeiten?

Lëtzebuergesch ass net ëmmer eng einfach Sprooch. Do kann ee

#Wonschwuert: Schéckt Är Liblingswierder eran!
International Neiegkeeten

#Wonschwuert: Schéckt Är Liblingswierder eran!

Wéi eent ass Äert léifste Wuert op Lëtzebuergesch? Twittert oder

Sträit ëm d‘Äerdgasquellen am Mëttelmier

D‘EU-Kommissioun stellt der Tierkei am an der Ägäis ausgeléisten Äerdgaskonflikt en Ultimatum

Sträit ëm d‘Äerdgasquellen am Mëttelmier

Wéinst den tierkesche Fuerschungen am orientalesche Mëttelmier huet d‘EU der Tierkei elo en Ultimatum gestallt. Sollt et an de nächste Wochen net zu Fortschrëtter beim Dialog kommen, géife Strofmoossnamen ergraff. Griicheland an Zypern beusprochen dës Séigebitt fir sech a fuerdere vu Bréissel méi Ënnerstëtzung. Ankara behaapt sech weider drop, datt dëst Gebitt der Tierkei gehéiert.

Beim Drénglechkeetssommet de 24. August, hat den EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheete Josep Borrell ugedeit, datt eng weider Lëscht vu Strofmoossnamen zur Diskussioun kéint gestallt ginn, wann ee beim Dialog mat Ankara keng Fortschrëtter erzile géif. Zu de Moossname géifen och Wirtschaftssanktiounen a betruecht geholl ginn, esou de Borrell elo bei der Gymnich-Reunioun

A well de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) mat senger Kommunikatioun eppes „zeréckhalend“ ass, muss ee sech den eppes méi kloer formuléierten Aussoe vum EU-Kommissär zouwennen. Dat och, well d‘Griichen domadder gedreet hunn, Sanktioune géint Honoratioren aus Wäissrussland ze blockéieren, wann d‘EU net endlech eng kloer Positioun ergräife géif.

No de Berodunge vun den EU-Ausseminister, ënnert der Leedung vun der däitscher EU-Presidence (27. an 28. August) huet de Josep Borrell annoncéiert, datt d‘Aarbechten un de scho geplangten EU-Areesverbueter a Verméigensspäre wéinst illegale Buerunge virun Zypern, beschleunegt a séier ofgeschloss sollte ginn. Dat tierkescht Verhale géif zu ëmmer gréisserer Frustratioun bäidroen.

Ass de Konflikt juristesch ze léisen?

Dem Jean Asselborn säin däitsche Kolleg, Heiko Maas (SPD) huet sech als Organisateur vun dëser Reunioun ähnlech ausgedréckt: „D‘Verhältnis tëscht der EU an der Tierkei ass méi wéi belaascht. Mir wëllen der Diplomatie eng Chance ginn an dofir muss Ankara d‘Viraussetzunge schafen a vun de Provokatioune mat deene mir et stänneg ze dinn, Ofstand huelen“. Den däitschen Ausseminister huet festgestallt, datt ee sech eens wier dem internationale Geriichtshaff der Problem virzeleeën.

Mee op esou en Dissens am Bezuch op vëlkerrechtlech Froe virum internationale Geriichtshaff ka gekläert ginn, setzt viraus, datt d‘Tierkei dësen och unerkennt. Griicheland an Zypern fuerdere scho länger, datt géint d‘Tierkei méi streng Mesuren an och Sanktiounen ergraff ginn, well hei hir Souveränitéit a Fro gestallt gëtt. D‘Mier virun hire Küsten, géif net den Tierke gehéieren, Punkt!

Mëttelmier

De Sträit mat der Tierkei betreffend d‘Sich no Äerdgasquellen ass elo net wierklech nei, mee zu Bréissel an zu Berlin geet d‘Angscht ëm, de Recep Tayyip Erdogan kéint d‘Grenzen zu Europa opmaachen a Millioune Flüchtlingen/Migranten eriwwer loossen. E Fauschtpfand deen net dierf ënnerschätzt ginn.

Ass deem esou, da wieren d‘Buerungen an d‘Fuerschung déi vum tierkesche Staat mat der Hëllef vun der Krichsmarine duerchgefouert ginn tatsächlech illegal. D‘Tierkei allerdéngs behaapt sech drop, datt déi Gewässer an deenen si ënnert militäreschem Schutz hir „Fuerschunge“ bedreiwen, zu hirem Festlandsockel gehéieren, an et wier dobäi irrelevant, datt sech dëst Gebitt onmëttelbar virun de griicheschen Insele Rhodos a Kastellorizo befannen. De Sultan huet schliisslech Ambitiounen.

Éischt Moossnamen huet Bréissel och schonn am Februar ergraff. Zudeem gouf 2019 decidéiert, datt d‘Vergab vun EU-Mëttel ageschränkt ginn an d‘Verhandlungen zu engem Loftverkéiersaccord sinn ausgesat ginn. Et geet dann och nees ëm vill Geld. Et gëllt als erwisen, datt déi virun Zypern geleeën Äerdgasquellen ee besonnescht héicht Opkomme verbiergen, wat Begierden erwächt.

mat indymedia/bru/ber

Foto: Den EU-Kommissär Josep Borrell bei der Gymnich-Reunioun zu Berlin (27. an 28. August) huet a Punkto „Sträit ëm den Äerdgas an der Ägäis“ eppes méi däitlech Formuléierunge fonnt wéi de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn a sengem Communiqué. © Auswäertiges Amt / Photothek

Ähnlech Sujeten Äerdgasquellen, Äerdgasvirkommen, Agäis, EU-Ausseminsitersommet, Griicheland, Gymnich-Reunioun, Josep Borrell, Sanktiounen, Tierkei, Zypen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel