Search

You may also like

Plëss in Concert
International Neiegkeeten

Plëss in Concert

Um Kiosk op der Plëss – direkt géinteniwwer vum Cercle

Plastikpartikel kontaminéieren d‘Waasserfläschen
International Neiegkeeten

Plastikpartikel kontaminéieren d‘Waasserfläschen

An enger um Mëttwoch verëffentlechter Etüde, ass ze liesen, datt

Esch Uelzecht: D‘Cohabitatioun am Kontext vum neie PAG
International Neiegkeeten

Esch Uelzecht: D‘Cohabitatioun am Kontext vum neie PAG

Mat der Reorganisatioun vum generellen Amenagementsplang (PAG) huet den Escher

Sträit ëm Äerdgasvirkommen an der Ägäis

Den tierkesche President ass géintiwwer der EU däitlech: „Mir wäerten eis dem Banditentum net beugen“

Sträit ëm Äerdgasvirkommen an der Ägäis

De Recep Tayyip Erdogan bleift sech am Sträit ëm d‘Äerdgasvirkommen am Mëttelmier trei a léisst keng Zweiwel iwwert seng Absichten opkommen. D‘Tierkei géif sech weder duerch Dreeungen nach Sanktioune vun hiren Erkundungen ofhale loossen. An dëser Fro wier d‘Tierkei vëlleg am Recht, an déi Rechter schéngt Ankara mat alle Mëttel – och militäresch – wëllen ze verdeedegen.

Entspriechend der Siicht vun der tierkescher Regierung, géifen sech déi begiert Äerdgasvirkommen am Mëttelmier op „hirer Kontinentalplack“ befannen, an do hätte weder Griicheland nach Zypern iergendwellech Uspréch ze mellen. Mee de Sträit ënnert de NATO-Partner ass esou einfach net méi ze léisen. De Sultan, dee vun der Renaissance vum osmanesche Räich dreemt, huet Ambitiounen.

Esou ass ee vun de Sträitpunkten drop zeréckzeféieren, datt sech Ankara an Tripolis vereenegt hunn an sech op eng Opdeelung vun hire Wirtschaftszonen am Mëttelmier verstännegt hunn. Elo hunn awer och Athen a Kairo en ähnlecht Ofkommes, wat eng Rei Widderspréch mat sech bréngt an och zum Sträit bäidréit. Mëttlerweil gräift och Frankräich an, a schéckt Krichsschëffer an d‘Ägäis.

Kalkuléiert Provokatioun?

Dat vun Ankara an d‘Mëttelmier delegéiert Fuerschungsschëff „Oruç Reis“ gëtt vun tierkesche Krichsschëffer begleet. Laut Aussoe vum tierkesche Verdeedegungsministère, wieren dës Schëffer voll asazfäeg an hätten och Uerder, mat alle Mëttel fir d‘Sécherheet vum Fuerschungsschëff ze suergen. Déi griichesch Marinn gesäit en ähnlech, mam ënnerscheet, dat si d‘Oruç Reis verjoe wëll.

Offiziell – also dat wat iwwert den diplomatesche Wee de Medien zougedroe gëtt – heescht et zur Uwiesenheet vun de Krichsschëffer: „D‘Fregatt Kemal Reis huet gemeinsam Übunge mat der Küstewaach vun der Republik Nordzypern duerchgefouert. D‘Fregatt begleet d‘Fuerschungsschëff Barbaros Hayrettin Pasa, dat südëstlech vun Zypern no Äerdgasvirkomme siicht“.

Bei der NATO hieft keen op

Bestätegt gëtt och, datt ee Flotteverband als Schutzmoossnam d‘Oruç Reis bis zur griichescher Insel Kastellorizo begleet huet, an do och bleiwe wäert, bis d‘Fuerschungsschëff seng Missioun erfëllt huet. D‘Tierkei verstéisst mat dëser gewoter Decisioun géint d‘Souveränitéit vun den NATO-Partner Griicheland an Zypern an et ass schonn zum „Kontakt“ tëscht béide Krichsparteie komm.

Am Kontext vun der Drénglechkeetssëtzung vun den EU-Ausseminister de leschte Freideg (wéinst de Sanktioune géint wäissrussesch Regierungsmemberen) huet Bréissel de Wirtschaftspartner Tierkei zur Deseskalatioun opgeruff. Bannent der NATO allerdéngs, schéngt et bis ewell nach kee Gespréichsbedarf mat de Krichsparteien ze ginn. An déi hunn an der tëscht de Fanger um Ofzuch.

Eng vun de wichtegste Froen déi sech elo stellt, wann déi franséisch Marinn elo och op der Plaz ass an et zu Provokatioune kënnt, op een handfeste Konflikt dann nach ze verhënneren ass? Et stellt sech och d‘Fro, firwat et net längst zu enger Sëtzung vun den EU-Verdeedegungsminister an hiren Homologe bannent der NATO komm ass? Eng Ausenanersetzung ass Ankara jo awer zouzetrauen.

mat indymedia/ath/tlv

Foto: © T.C. Millî Savunma Bakanlığı

Related topics Äerdgasvirkommen, Agäis, Gasquellen, Griicheland, Mëttelmier, Osmanescht Räich, Tierkei
Next post Previous post