Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brigangen iwwerfale Bijouterie an der Phillippsgaass
Neiegkeeten

Brigangen iwwerfale Bijouterie an der Phillippsgaass

Gréisser Opreegung an der Haaptstad um Donneschdegmueren: an der Uewerstad

Lëtzebuerger Kultur an Natur – Esou kann ee Vakanz Doheem maachen!
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Kultur an Natur – Esou kann ee Vakanz Doheem maachen!

Haut de Moien huet den Tourismusminister Lex Delles déi nei

Happy Together – Een Hommage un d’Hôpitaux Robert Schuman
Neiegkeeten

Happy Together – Een Hommage un d’Hôpitaux Robert Schuman

Och Sultry, eng modern A-Capella-Grupp aus Lëtzebuerg, huet decidéiert mam

Äerdschëff Lëtzebuerg – Een nohaltege Projet direkt an der Stad!

Äerdschëff Lëtzebuerg – Een nohaltege Projet direkt an der Stad!

Et gëtt Zäit sech bereet ze maachen: Den zweete Workshop vum Projet Äerdschëff steet un! Dobäi gëtt all d’Energie an de Bau vun engem autarken ëffentleche Gebai geluecht. Genau fir dës interessant Konstruktioun gitt elo Dir gebraucht – schléisst Iech dem Äerdschëff un!

  • Den éischte Workshop am Juli/August 2019 sollt fir de Bau vum Äerdschëff ee risege Succès ginn. Mat der zweeter Editioun wëll een un der Erfolleg uknäppen a weidere Fräiwëllegen d’Méiglechkeet ginn, fir Deel vun dësem Projet ze ginn. Dës Kéier konzentréiert ee sech méi op d’Detailer, wouduerch beispillsweis folgend Beräicher behandelt ginn:
  • Recycling vu Waasser duerch Planzen an d’Gestaltung vu botaneschen Zellen, sou wéi Formatiounen zu de Recycling-Systemer a Mechanismen
  • Schräiner-Aarbechten, Baue vu Ventilatiounsboxen, Bassenge fir d’Filtere vum Waasser a Kreatioun vu Fënsterrummen
  • D’Verschaffe vu Pneuen a wéi ee stabilt Fundament fir d’Haus gebaut gëtt
  • Informatiounen zur Thermik a wéi een ee komfortabele Liewensraum erschaaft, ouni vill hëtzen ze mussen
  • Generellt Wëssen zu Äerdscheffer, wéi si fonctionnéieren a wéi ee säin Eegent baue kann

De Workshop gëtt organiséiert vum 30. September bis den 12. Oktober. Sief et elo fir déi voll zwou Wochen, e puer Deeg oder Stonnen, jiddwereen ass wëllkomm! Am viraus sollt ee sech just umellen ënnert aerdscheff.cell.lu.

Ähnlech Sujeten Äerdschëff, Cell Team, Lëtzebuerg, Nohaltegkeet, Workshop
Nächsten Artikel Virrechten Artikel