Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

FBI verhënnert Kapitalverbriechen a Kalifornien
Neiegkeeten

FBI verhënnert Kapitalverbriechen a Kalifornien

Scho leschte Freideg huet den FBI de fréieren Zaldot Mark

Lindsey Stirling – Vun talentéierte Geiekläng an enger dreemerescher Show
Neiegkeeten

Lindsey Stirling – Vun talentéierte Geiekläng an enger dreemerescher Show

Vergaangene Freideg ass déi amerikanesch Violistin an Dänzerin Lindsey Stirling

Brexit: Den EU-Chefverhändler op Besuch beim Premier (eng Analys)
Neiegkeeten

Brexit: Den EU-Chefverhändler op Besuch beim Premier (eng Analys)

„Optimismus ass gutt, d‘Wourecht ass besser!“ An dat ass eigentlech

Neies aus dem Konsumenteschutzministère

Am Kontext vun de Consultatiounen zur Aféierung vum „Nutriscore“ gëtt et Fortschrëtter

Neies aus dem Konsumenteschutzministère

Ze wësse wat ee keeft, oder villméi wat ee sech gewëllt ass op den Teller ze praffen, spillt an der Entwécklung vun eiser Gesellschaft eng ëmmer gréisser Roll. Konsumenteschutzorganisatiounen, Acteuren aus dem Gesondheetsberäich a mëttlerweil och ëmmer méi Politiker, fuerderen dee sougenannten „Nutriscore“, deen et dem Konsument soll erlabe besser entscheeden ze kënnen.

Dat awer ass fir déi industriell Schéissbudefiguren net nëmmen en Affront, dat geet schonn an de Beräich „Krichserklärung“. A well déi sech esou gehirlos a vehement dergéint wieren, muss een unhuelen, datt dat wat eis vun der Liewensmëttelindustrie als Produkter esou ugebuede gëtt, net wierklech „gesond“ ka sinn. Mat engem „Nutriscore“ géif de Konsument sech et iwwerleeën.

Nutriscore

Dës Liewensmëttelkonzerner hunn absolut keen Interessi un engem Nutriscore. Deen ass fir dat wat si „Geschäft“ nennen, guer net gutt.

Et also héchst begréissenswäert, datt eis Ministesch fir Konsumenteschutz, Paulette Lenert an hir Beamten d‘Consultatioun zum Nutriscore weiderféiert. Dat awer net nëmmen op nationalem, mee och op europäeschen Niveau. Et schéngt virun ze goen, well et elo heescht, datt eng Decisioun zu dësem Bewäertungssystem fir Liewensmëttel, méiglecherweis scho ganz fréi 2020 ka geholl ginn.

Besser informéiert sinn

Sënn an Zweck vum Nutriscore ass et, dem Konsument op e Bléck ze erméiglechen zur Erkenntnis ze kommen, datt dat Produkt wat hie grad am Grapp huet, net a säi Kuerf mee an d‘Regal gehéiert. D‘Belsch, d‘Fransousen an och d‘Spuenier recommandéieren eng vereinfacht Duerstellung vun den nutritionelle Wäerter. Däitschland huet en eegene Plang an d‘Hollänner géifen sech uschléissen.

Woubäi hei ze bemierken ass, datt Däitschland de System, esou wéi vun Experten aus dem Secteur vun der Liewensmëttelsécherheet an de villen Acteuren aus der Zivilgesellschaft gefuerdert ass, net wëllen unhuelen. Do géif ze vill Drock op d‘Industrie ausgeüübt an dem Konsument a gewësser Mooss Virschrëfte gemaach ginn. Verständlech, wa Fleesch méi bëlleg ass wéi Schäisspabeier…

Nutriscore

Déi ënnerschiddlech Bewäertungssystemer hunn net den Zweck de Konsument ze informéieren, dat ass ganz kloer esou gemaach, datt een et net verstoe sollt. Déi sinn dann och net vun der Politik oder vun onofhängegen Experten ausgeschafft, gi mee vu geniale Manipulateuren an mächtege Lobbygruppen.

D‘Paulette Lenert awer wëll eis ee System ginn, deen am beschten un eis lëtzebuergesch Besoinen ugepasst ass. An Dofir gouf Enn Oktober eng grouss Consultatioun mat den Acteure vum Secteur an de Vertrieder vun de Konsumenten organiséiert, dat wéi scho gesot esouwuel op nationalem Niveau wéi och am europäeschen Ëmfeld. Déi éischt Avisen dozou sinn dann elo scho virgeluecht ginn.

An dësem Kontext huet dann elo och eng Entrevue mat der Gesondheetsdirektioun a dem Büro vun der Liewensmëttelsécherheet vun der EU-Kommissioun ginn. E Rapport vun der EU-Kommissioun zum Gebrauch vun Ausdrocksformen an der Presentatioun vun engem „Nutriscore“, wéi en Impakt et huet a wéi et sech „harmoniséiere“ léisst, soll an den nächste Méint publizéiert ginn.

Kompromëssbereetschaft

Zesumme mat der permanenter Lëtzebuerger Vertriedung zu Bréissel, hat de Ministère virun e puer Wochen eng Konferenz organiséiert, bei där sech Experten aus 16 EU-Länner, der Schwäiz an der EU-Kommissioun iwwert déi ënnerschiddlech Facettë vum Nutriscore ausgetosch hunn. Hei hunn déi Länner, wou dëse System schon ugeholl hunn, iwwert hir Erfarunge geschwat.

Nutriscore

E Konsument dee wierklech op Nummer sécher wëll goen, sollt sech eng APP wéi déi hei gewisen op säin Handy eroplueden. Dat ass wiesentlech méi komplett, wéi alles wat déi vun der Politik a Wirtschaft eis op d‘A drécke wëllen. Natierlech wier eng generell „Ampel“ dat einfachst, mee mat de Kollege vun Nestlé, Unilever & Co ass et net ze maachen. Déi eleiten Applikatioun huet sech awer bewäert.

Et gëtt do och Länner déi en „alternative“ System hunn, wéi Italien, Groussbritannien déi skandinavesch Länner. Si hunn och déi ënnerschiddlech Facette vun hirem System presentéiert. Dat bedeit, datt een nach ganz wäit dovunner ewech ass en eenheetleche Bewäertungssystem fir d‘EU op de Wee ze bréngen. Dat sinn dann elo awer éischter schlecht Nouvellë fir eis Konsumenten.

Mir sollten eis dann och schonn emol drop astellen, datt eis all déi ënnerschiddlech „Systemer“ operluecht ginn. En eenheetlechen Nutriscore fir Lëtzebuerg wäert net méiglech sinn, well dat d‘Liewensmëttelindustrie net bewierkstellege kann (aus wirtschaftleche Grënn) an och net wëll. Dobäi ass et denkbar einfach, all d‘Liewensmëttel hunn haut e Barcode, an dee seet engem alles

Foto: © Food Policy

Ähnlech Sujeten Konsumenteschutzministère, Liewensmëttelindustrie, Ministesch fir de Konsumenteschutz, Nutriscore, Paulette Lenert
Nächsten Artikel Virrechten Artikel