Dru laanscht trëppele geet net duer, du muss och wësse, wat an dëse Gebaier ass!
Et trëppelt ee villäicht all Dag un hinne laanscht, mee
Et trëppelt ee villäicht all Dag un hinne laanscht, mee
Um Freideg huet de Regierungsrot den Tracé vun der neier
Wien sech schonn ëmmer gefrot huet, wéi een “Nationbranding” digital
Fënnef Deeg an der Woch bis zur Pensioun a Vollzäit schaffen? Dëse klasseschen Aarbechtsmodell kéint geschwënn der Vergaangenheet ugehéieren. Den Trend geet a Richtung „Flexibilitéit“ woumatter de verschiddene Liewensphase vum Mënsch soll Rechnung gedroe ginn. Zu Lëtzebuerg spillt an dësem Kontext den ëffentlechen Déngscht eng wichteg Virreiderroll.
Leschten Dënschdeg ass an der Chamber d‘Gesetz zu Aféierung vun den Zäitspuerkonte gestëmmt ginn. Et gouf och Zäit, well d‘Regierung hat sech scho mat der Ënnerschrëft vum Kollektivvertrag am Dezember 2016 dozou verflicht. Sënn an Zweck vun den Zäitspuerkonten ass et, Famill a Beruff zukünfteg nach besser zesummenzekréien. Datt et der CGFP gelongen ass dës innovativ Moossnam duerchzesetzen, muss een en historescht Kapitel an der lëtzebuergescher Sozialpolitik bezeechnen.
Et ass also elo all Beamte méiglech, seng Aarbechtsstonnen op engem Konto unzesammelen, déi da méi spéit a fräi Deeg verwandelt kënne ginn. Hei hat d‘CGFP dann och drop bestanen, datt eng geschaffte Stonn déi haut ugesammelt gëtt, zu engem spéideren Zäitpunkt och enger voller fräier Stonn entsprécht. De Grondprinzip „eng Stonn ass eng Stonn“ bleift erhalen.
Riicht „duerchschaffen“ dierf de Beamten elo awer net. Dee muss mindestens 25 Deeg Congé am Joer huelen, nëmmen de Recht dierf ee sech „op d‘Säit leeën“. Zudeem gëtt et e Maximum, deen net dierf iwwerschratt ginn, an dee bedréit 1.800 Stonnen. Ass dës „Limitt“ erreecht, huet dee Betraffenen den Usproch op e sougenannten „Sabbatjoer“.
Mat der Kierzung vun der Mëttegpaus op mindestens eng hallef Stonn, kann d‘CGFP op e weideren Erfolleg hiweisen. Och nei ass et, datt een als Beamten elo um hallwer siwe Mueres scho mat schaffen dierf ufänken (géintiwwer 7 Auer). Eng Bestëmmung déi unhand vun der aktueller Mobilitéitssituatioun am Land Sënn mécht. Dës Mesure erlaabt et eng grousser Majoritéit beim Trajet op d‘Aarbecht, déi onendlech Stausituatioun ze ëmgoen.
Beim Spezialcongé gëtt et och Verännerungen. De Pappecongé klëmmt vu véier op zéng Deeg. Dat gëllt och am Fall vun enger Adoptioun. De Mammecongé no der Gebuert, geet ëm véier Woche verlängert a bedréit elo dräi Méint. Hei spillt et och keng Roll op d‘Mamm de Bëbee niert oder net. All dës Verännerunge gi réckwierkend op den 1. Januar 2018 gülteg. Den Text gesäit dann och ausdrécklech vir, datt d‘Zäitspuerkonten och an den „Etablissements Publics“ gülteg sinn.