Search

You may also like

E staarkt Benevolat am Naturschutz – eis Insekten
International Neiegkeeten

E staarkt Benevolat am Naturschutz – eis Insekten

Scho säit méi wéi 400 Millioune Joer existéieren Insekten op

Europäesch Deeg vum Patrimoine: Een Opruff fir Är Projeten!
International Neiegkeeten

Europäesch Deeg vum Patrimoine: Een Opruff fir Är Projeten!

Am Kader vun den Europäeschen Deeg vum Patrimoine, déi vum

Fräiheet fir déi katalanesch politesch Prisonéier
International Neiegkeeten

Fräiheet fir déi katalanesch politesch Prisonéier

E Méindeg sinn schwéier Prisongsstrofe géint katalanesch politesch Leader verhaange

Affär Epstein: Hu seng Giischtercher gepennt statt uecht ze dinn?

Affär Epstein: Hu seng Giischtercher gepennt statt uecht ze dinn?

Eigentlech ass et en Trappewitz vun der Geschicht, an déi sécherlechst dommsten Erklärung déi vun der US-Justiz zanter laangem esou verëffentlecht ginn ass. Net nëmmen datt se deraart mat den Hoer erbäigezunn ass, datt se tatsächlech esou kéint stëmmeg sinn, mee virun allem well et derzou bäidréit, datt elo d‘Spekulatiounen a Verschwierungstheorien esou richteg Opwand kréien.

Den Investmentbanker mat ganz besonnesche Virléifte war um Samschdegmueren a senger Zell fonnt an dunn an engem Spidol fir dout erkläert ginn. D‘Medien an den USA schwätze ganz oppe vu Suizid, wat vun der Administratioun esou bis ewell net bestätegt ginn ass. D‘Spekulatioune lafen op Héichtouren, an den Donald Trump behaapt de Clinton-Clan géif derhannert stiechen…

D‘Aarschkaart huet den US-Justizminister William Barr, deen engersäits d‘Interesse vum 45. US-President am Wahlkampf schütze soll, anersäits Liicht an dës däreg Geschicht brénge soll. Hien huet dann emol den Direkter, vun dësem wuertwiertlech exemplaresch gefouerte Prisong mat engem vun den héchste Sécherheetsniveauen, fir d‘Dauer vun den Ermëttlunge versat.

Wéi et da ka méiglech sinn, datt an dësem New Yorker Prisong esou eng „Vedette“ wéi den Jeffrey Epstein zu Dout kënnt – egal ob et him gelongen dat selwer ze maachen, oder et do eng hëllefend Hand ginn huet – gëtt esou: déi zwee Giischtercher déi all hallef Stonn nom Milliardär kucke sollten hu „gepennt“ an uschléissend hir Aarbechtsberichter gefälscht. Déi zwee sollen de Kont kritt hunn.

A mat esou Erklärunge kann een ouni grouss ze spekuléiere behaapten, datt déi grouss Campagne zur Desinformatioun dann elo schonn un d‘Rulle komm ass. Dat och well et schwéier ze gleewen ass, datt direkt zwee Kaalwer esou e prominente Prisonéier ze iwwerwaachen hunn, an et jo och nach aner Beamte sollt an dëser Institutioun ginn. Dem Epstein seng „al Frënn“ si begeeschtert.

mat indymedia/nyc

Foto: Mir haten déi zwee Giischtercher versicht zu rieds ze stellen, wollte vun hinne wësse wat sech an der Nuecht am Prisong zu Manhattan zougedroen huet. Si ware leider eppes matgeholl, an hunn emol eng Ronn missen driwwer nodenken… (Bild vum Ma Kunin / Pixabay)

Related topics Giischtercher, Héischsécherheetstrakt, Jeffrey Epstein, Suizid, Verschwierungstheorien, William Barr
Next post Previous post