Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nogereecht: 3 Verhaftunge wéinst Drogekriminalitéit
International Neiegkeeten

Nogereecht: 3 Verhaftunge wéinst Drogekriminalitéit

Wéi d‘Police e Sonndeg matgedeelt huet, koum et den 8.

Däitschland: 900 Euro Grondrent, geet dat?
International Neiegkeeten

Däitschland: 900 Euro Grondrent, geet dat?

Bei eisen däitschen Noperen ass et de sozialisteschen Aarbechtsminister Hubertus

Éisträich féiert Maske-Flicht an
International Neiegkeeten

Éisträich féiert Maske-Flicht an

Well ee sech net emol an der europäescher Unioun op

Afghanistan: Vill Affer bei Ugrëff op Gedenkveranstaltung

Afghanistan: Vill Affer bei Ugrëff op Gedenkveranstaltung

An der afghanescher Haaptstad Kabul hu gëschter islamistesch Attentäter eng Gedenkveranstaltung ugegraff. Laut dem Inneministère si bei der Attack mindestens 31 Persounen ëmbruecht an nach emol 81 Mënsche goufe blesséiert. Ënnert den Affer sinn och Fraen a Kanner. Den Ugrëff ass an der tëscht vun der Terrororganisatioun „Islamesche Staat“ (IS) revendiquéiert ginn.

Bei der Commemoratioun sollt um 25. Doudesdag vum Abdul Ali Masari, e schiitesche Leader deen 1995 vun den Taliban ermuert gi war. Un dëser Zeremonie hunn Honoratioren deelgeholl: esou war vun der Regierung an der Oppositioun eng Delegatioun op der Plaz, mee och héichrangeg Politiker wéi de fréiere President Hamid Karzai. Dësen ass beim Ugrëff kee leed geschitt.

Esou wäit een den Informatiounen aus dem afghaneschen Inneministère follege kann, wier d‘Attack vun engem héijer geleeëne Gebai ausgaangen. Bei der Zeremonie, déi op der Tëlee iwwerdroe gouf, huet et fir d‘éischt eng Explosioun ginn, da fale Schëss. D‘Leit sinn a Panik ausenanergelaf, iwwerall hu blesséiert Mënsche geleeën, wie konnt huet sech a Sécherheet bruecht.

GedenkveranstaltungDe President Ashraf Ghani huet den Ugrëff op Twitter schaarf condamnéiert an ee „Verbrieche géint d‘Mënschlechkeet a géint déi national Eenheet vum Afghanistan“ genannt. Et ginn dann awer ëmmer nees Uschléi op d‘Gedenkfeieren zu Éiere vum Abdul Ali Masari gemaach. Esou 2018 an 2019. Och déi Attentater ware vun der Terrororganisatioun IS revendiquéiert ginn.

Ginn elo d‘Friddensgespréicher mat den Taliban gestéiert?

Dësen Ugrëff, net emol eng Woch nodeems et zu engem Ofkommes tëscht den Taliban an den USA zu Doha (Katar) komm ass, riskéiert Afloss op déi tëscht der afghanescher Regierung an den Taliban geplangte Gespréicher ze huelen. Géint d‘Verspriechen sech un d‘Wafferou ze halen, huet Washington den Taliban de kompletten Ofzuch vun den US-Zaldoten zougeséchert.

Et heescht, datt mat dësem Accord d‘Grondlag geschafe gouf, dee mëttlerweil 18 Joer laange Krich op en Enn ze bréngen. Dofir muss d‘Ofkommes allerdéngs halen. Net ze vergiessen, datt den innerafghaneschen Dialog dierft komplizéiert ginn. D‘Taliban si mat der offizieller Regierung zerstridden an e Méindeg soll de Wahlkampfgewënner Ashraf Ghani vereedegt ginn.

Dee soll bei de Parlamentswahlen am leschte Joer eng knapp Majoritéit (50,64%) erziilt hunn. No fënnef Méint, Mëtt Februar ass hien zum Wahlgewënner erkläert ginn. E Resultat dat vu sengem Géigner Abdullah Abdullah (40%) ugefecht gëtt. Deen huet dann och erkläert eng eege Regierung bilden ze wëllen. Och d‘Taliban hunn sech géint den Ashraf Ghani ausgeschwat.

Elo hat et schonn am Dezember ee virleefegt Resultat ginn, wat och scho vum Abdullah Abdullah zréckgewise gi war. Un de Wahlen haten sech am September grad emol ee Véierel vun de Wahlberechtegte bedeelegt. Bei der Wahlkommissioun waren iwwer 16.500 Reklamatiounen agaangen. Wéi a virun allem mat wiem d‘Taliban verhandele wëllen?

Gedenkveranstaltung

D’Bekennerschreiwes

D‘Terrororganisatioun Islamesche Staat (IS) jiddefalls reklaméiert d‘Attack fir sech an huet och d‘Biller vun den zwee Attentäter an de sozialen Netzwierker verbreet. Ob se „echt“ sinn bleift nach ze klären, woubäi och ee Bekennerschreiwes verëffentlecht gouf. Zil vum IS kann et sinn, nodeems d‘Taliban sech mat den USA gëeenegt hunn, méiglechst vill Chaos ze stëften.

mat indymedia/tlv

Foto: Dës zwee Terroriste sollen den Ugrëff op d‘Gedenkfeier mat Maschinnegewierer, Granaten a Granatewerfer duerchgefouert hunn.

Ähnlech Sujeten Afghanistan, Attentat, islamesche Staat, Kabul, Taliban
Nächsten Artikel Virrechten Artikel