Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
USA: Briteschen Hacker-Held hanner Gitter
International Neiegkeeten

USA: Briteschen Hacker-Held hanner Gitter

De Marcus Hutchins, briteschen Expert a Cybercriminalitéit, ass an den

surprise
Dëse Kantons-Quiz entféiert dech an den déiwe Süden!
International Neiegkeeten

Dëse Kantons-Quiz entféiert dech an den déiwe Süden!

De Kanton Esch-Uelzecht ass vun der Populatioun hier dee gréissten.

money
Editorial: Weiderverwäertung vu Ministeren
International Neiegkeeten

Editorial: Weiderverwäertung vu Ministeren

Wat ass et nees ee Gedauschs. Kaum datt déi russesch

Vu wäissen Dauwen a bluddege Flilleken

UN-Sécherheetsrot begréisst US-Ofkommes mat den Taliban mee de Friddensprozess wäert eppes Verspéidung kréien, mee déi afghanesch Regierung wëll scho 1.500 Taliban-Kämpfer fräiloossen.

Vu wäissen Dauwen a bluddege Flilleken

Laut engem gëschter vun der afghanescher Regierung verfaassten Dekret, sollen 1.500 islamesch Taliban-Kämpfer (eigentlech Terroristen) op fräie Fouss gesat ginn an esou den de Wee fir direkt Friddensgespréicher mat der Terrororganisatioun fräi maachen. Am Text vun dësem zweesäitegen Dekret ass festgehale ginn, datt d‘Taliban déi entlooss gi musse versécheren net méi ze kämpfen.

Dee vun der Weltgemeinschaft unerkannte President Ashraf Ghani huet d‘Dokument gezeechent a bannent véier Deeg, sollt ugefaange ginn, déi éischt radikalislamesch Rebellen nees heem ze schécken. D‘Taliban haten als Konditioun fir Friddensgespréicher d‘Entloossung vu 5.000 Kämpfer verlaangt. Enn Februar haten d‘Taliban mat den USA zu Doha (Katar) en Accord fonnt.

Taliban

Zanter der russescher Invasioun (25. Dezember 1979) gëtt et d‘Taliban. Géint d‘Russe hunn se sech mat deene vum US-Geheimdéngscht geliwwerte Waffen duerchgesat. Wéi d‘Russen de 15. Februar 1989 Afghanistan verlooss hunn, ware ronn 2 Milliounen Zivilisten dout. Den Terror huet mam Réckzuch vun de Russen net opgehalen, an op emol waren d‘Amerikaner do… Och si goufen als eng Besatzungsmuecht bezeechent an d‘Taliban hu se gejot. © Xinhua

An dësem Ofkommes, bei deem et Washington duer gaangen ass vun den Taliban „versprach“ ze kréien, datt wa si sech an Zukunft um Bidon rappen an domadder ophalen alles a jiddereen ze ermuerksen, d‘USA hir Zaldote bannent 14 Méint ganz aus dem Afghanistan ofzéien. Dat gëllt och fir d‘Truppen déi vun der NATO an/oder aneren Alliéierten am Land stationéiert goufen.

Et ass awer och en Accord, deen dem elo 18 Joer laang unhalende Konflikt kéint en Enn bereeden. Dat allerdéngs setzt viraus, datt d‘Land esou eppes wéi eng Regierung huet, an genee do läit nees d‘Kromm an der Heck. E Méindeg gouf an engem Fligel vum Regierungsgebai den Ashraf Ghani fir eng zweet Mandatszäit vereedegt, mee säi Konkurrent Abdullah Abdullah gesäit dat anescht.

Wa sech der zwee streiden, freet sech den Drëtten

Deen huet sech gläichfalls – allerdéngs um anere Wupp vum Gebai – mat enger Zeremonie zum President vun Afghanistan vereedege gelooss. Deen ass nämlech grad wéi den Ashraf Ghani am September bei de Parlamentswahlen ugetrueden a gesäit sech, wéi dat an dëse Länner eigentlech schonn Normalitéit ass, och als den eigentleche Wahlgewënner. Dat mécht et net méi einfach…

Hei stellt sech dann onweigerlech d‘Fro: „Mat wiem sollen d‘Taliban verhandelen?“ Esou laang wéi de Sträit zum Wahlausgang net bäigeluecht ass, léisst sech dës Fro net beäntwerten. Dat erkläert allerdéngs Usazweis, firwat keng Regierungsvertrieder bei de Gespréicher vun Doha mat um Dësch gesiess hunn. Elo läit de Ball dann och nees am Spillfeld vun den Amerikaner…

Taliban

Datt den Afghanistan jeemools esou eppes wéi eng „Demokratie no westlechem Muster“ sollt erhalen, dierf ee getréischt ausschléissen. Zu deem wat mir als Mënscherecht verstinn, hunn d‘Afghane eng aner Bezéiung. Gläichberechtegung oder iwwerhaapt Rechter fir Fraen, sinn an dëser „Kultur“ net virgesinn. © Ehad

Aus dem US-Ausseministère heescht et dozou, datt d‘Opstelle vun enger Verhandlungsekipp wuel eppes Zäit wäert an Usproch huelen. Dat wierkt sech natierlech op den Zäitplang aus an och wann den Ashraf Ghani sengen amerikanesche Gespréichspartner verséchert, datt hie sech mam Abdullah Abdullah an enger weiderer Politikerin berode wëll, d‘Muechtuspréch bleiwen erhalen.

Gutt datt dann awer den UN-Sécherheetsrot d‘Ofkommes tëscht den USA an den Taliban zumindest an enger Resolutioun „aktéiert“ huet. Déi 15 Membere vum UN-Sécherheetsrot hunn déi vun den Amerikaner virgeluechte Resolutioun begréisst. An der Resolutioun gëtt d‘Regierung ënnert anerem opgefuerdert, de Friddensprozess aktiv virunzedreiwen. Also brauch et elo emol eng Regierung…

mat indymedia/tlv

Illustratioun: © Mitchell Luo / unsplash

Ähnlech Sujeten Abdullah Abdullah, Afghanistan, Ashraf Ghani, Friddensprozess, Taliban, UN-Sécherheetsrot
Nächsten Artikel Virrechten Artikel