Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Atelier: Ganz vill Häerz, ganz vill Dean Lewis!
Kultur Neiegkeeten

Den Atelier: Ganz vill Häerz, ganz vill Dean Lewis!

Et geet nees viru mam musikalesche Repertoire. Um Programm gëschter

Ankara réit Paräis, sech aus Syrien erauszehalen
Kultur Neiegkeeten

Ankara réit Paräis, sech aus Syrien erauszehalen

Den tierkesche Verdeedegungsminister huet um Samschdeg virun enger franséischer „Invasioun“

De „schnellen Internet“ setzt sech zu Lëtzebuerg duerch
Kultur Neiegkeeten

De „schnellen Internet“ setzt sech zu Lëtzebuerg duerch

Den ILR (Lëtzebuerger Reguléierungsinstitut) huet am Dezember seng statistesch Fiche

Afrikafest zu Esch – um 8. Juni am Centre Culturel Kulturfabrik!

Afrikafest zu Esch – um 8. Juni am Centre Culturel Kulturfabrik!

Um kommende Samschdeg, den 8 Juni 2019 ass zu Esch schonn déi 9. Editioun vum Afrikafest Esch. D’Association Solidarité Tiers-Monde (ASTM), Frères des Hommes, SOS Faim an d’Kulturfabrik hunn och an dësem Joer nees ee räichen an héichwäertege Programm vum Fest zesumme gestallt, fir esou op een neits eng familiär Atmosphär ze schafen an een onëmgänglecht Evenement unzebidden.

Dobäi kann de Visiteur déi verschidde Stänn vun den ONG’e besichen, un diversen Atelieren deelhuelen, kulinaresch Spezialitéite probéieren an fantastesch Demonstratioune bestaunen. Dat afrikanescht Fest gëtt organiséiert mat der Ënnerstëtzung vum Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, dem Kulturministère, der Stad Esch, dem Educatiounsministère an dem Ausseministère.

Afrikafest

De Programm

  • Verschidde Stänn – ab 12:00 Auer
    Op der Plaz sinn zuelräich Informatioun- a Verkafsstänn: Coup de Pouce Congo ASBL, Amitié Am Sand-Amizero ASBL, Weltbuttéker, Esch Pharmaciens Sand Frontières, Action Solidarité Tiers Monde, Frères des Hommes, SOS Faim.
    Kulinaresch Stänn: Unioun pour l’Encadrement de la Femme Africaine (Régime Tshionza), Association des Congolais (Suzanne Ekea-Kay)

    Afrikafest

  • Atelieren – vun 15:00 bis 18:30 Auer (Gratis)
    Lehm-Modelage, mam Kingsley Ogwara
    Responsabele Liewensmëttelkonsum, mat Frères des Hommes an SOS Faim
    Spillsaache mat recycléiertem Material hierstellen, mam Mayetela-Mayeth Fylastraf
    Afrikanesch Trëtzen, mam Ameganvi Kaka
    Afrikanesch Bijouen hierstellen, mam Mohammed Soumah

    Afrikafest

  • Demonstratiounen – vun 15:00 bis 18:30 Auer
    Zesumme mat de Schüler vun de Kulturatelieren ginn dës Spektakele vun der Action Solidarité Tiers Monde organiséiert. Dobäi sinn 11 Atelieren (Danz, Musek, Gesank, Caopeira, Instrumentebau) vun Oktober 2018 bis Juni 2019 an 8 Etablissementer ugebuede ginn:
    Musek an Danz mat Trommele, sou wéi der Grupp „Schoklasbotter“ vum HMC
    – Danz am Lycée Technique Bouneweg
    – Danz a Musek am Lycée Technique Mathias Adam zu Lamadelaine
    – Capoeira am Lycée Technique du Centre
    – Capoeira a Musek am Nordstad-Lycée zu Dikrech
    – Danz am Fieldgen
    – Danz a Musek am Lënster Lycée
    – Musek aus dem Zentrum Don Bosco
    D’Gestaltung vun de Spektakele vun dëser Editioun lounge beim Marcel Sawuri (Burkina Faso), Patrick Mayeth (Demokratesch Republik Kongo), Pelezinho Uelington (Brasilien), Bruno Jordan (Brasilien), Sada Diagné (Senegal), Mohamed Soumah (Guiinea)

    Afrikafest

D’Afrikafest fënnt um Samschdeg, den 8. Juni am Centre Culturel Kulturfabrik statt.

Ähnlech Sujeten Afrikafest Esch, Association Solidarité Tiers-Monde, Esch-Uelzecht, Freres des Hommes, Kulturfabrik, SOS-Faim
Nächsten Artikel Virrechten Artikel