ANOC World Beach Games: Lëtzebuerger Sportler nees schnell ënnerwee!
Bei den éischten ANOC World Beach Games zu Doha (Qatar)
Bei den éischten ANOC World Beach Games zu Doha (Qatar)
De Chef vun der Vatikan-Filial zu Lëtzebuerg, den Äerzbëschof Hollerich,
Vum éischten Ament un hunn d‘Damme vum SC Beetebuerg den
D’Juegd, déi vu Privatleit organiséiert ginn ass, huet an alle Parzelle vun der Zone Blanche stattfonnt an esou wärend den 2 Deeg eng honnerte Jeeër aus dem Nascht gelackelt. Mat ronn 50 Dreiwer huet een, ouni d’Hëllef vun den Hënn sou datt jonk Réi net gestéiert ginn, gehandelt.
Un den zwee genannten Deeg sinn am Ganze 7 Wëllschwäi geschoss an 2 Kadavere fonnt ginn. Uschléissend huet een d’Kierperen an de Sammelzentrum zu Mamer bruecht, sou datt een mat den Tester an Analysen un den Déieren ufänke konnt.
D’Resultater waren all negativ. Bei den zwee Kadavere konnt een och ee Mol een negatiivt Resultat feststellen, beim aneren Déier waren d’Tester net ausféierbar. Bis haut sinn 226 Tester am Veterinär-Laboratoire (LMVE) un Kadaveren duerchgefouert ginn – si all waren negativ. Fir all erschossent Schwäi gëtt eng sanitär Entschiedegung vun 100 € vum Landiwrtschaftsministère bezuelt.
Dës Juegd, déi mat logistescher Ënnerstëtzung vun der Veterinärsverwaltung, der Bëschverwaltung, der Stroossebauverwaltung, der Arméi an der Gemeng Käerjeng méiglech gemaach konnt ginn, ass ouni Stéierunge verlaf. An dësem Kontext wëll de Minister Romain Schneider nach emol allen Acteure Merci soen, déi un der „wäertvoller“ Kollaboratioun deelhuelen.
Zil vun der Juegd war et ënnert anerem, d’Populatioun u Wëllschwäin an der Zone Blanche ze zielen. Heibäi konnte ronn 50 Wëllschwäin a Frischlingen wärend 2 Deeg gezielt ginn. Duerch d’Summerperiod an déi dicht Vegetatioun konnt ee keng vollstänneg Entvëlkerung vun de Wëllschwäin duerchféieren.
Fir de Minister ass et dofir wichteg, de Reduktiounsplang mat zousätzleche Moossnamen ze verfollegen, bis datt kee Wëllschwäin an der Zon méi iwwreg ass. Dëse „Vide sanitaire“ an der Zone Blanche wëll ee bis spéitstens zum Enn vum Summer, konform zu de Recommandatioune vun den Experte vun der Europäescher Kommissioun duerchsetzen.
Donieft ënnersträicht hien, datt dës Moossnamen am Kampf géint de Virus noutwenneg sinn. Aus dësem Grond geet ee weideren Appell un d’Locataire vun de Parzelle vun der Privatjuegd, sou datt een d’Beméiunge verstäerke kann.
Weiderhi soll een virsiichteg bleiwen an all Kadaver bei der Bëschverwaltung mellen (Telefon 247 566 66). Fir weider Informatiounen zum Dossier kann een d’Landwirtschaftsportal besichen.