Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – 74 Käerze fir de Rod Stewart!
International Neiegkeeten

What the Fakt – 74 Käerze fir de Rod Stewart!

Haut kann een dem britesche Rock- a Pop-Museker gratuléieren. De

Europa-Wahl op der „Insel“
International Neiegkeeten

Europa-Wahl op der „Insel“

Et sinn Europa-Wahlen an entgéint allen Erwaardungen (an dësem Fall

Flucht an aner Realitéiten – Dräi Klassiker presentéiert
International Neiegkeeten

Flucht an aner Realitéiten – Dräi Klassiker presentéiert

Ech sinn e Bichergeck, ma mir ass d’Loscht op Psychothrilleren

A wéi ass et mat der Afrikanescher Schwéngspescht?

A wéi ass et mat der Afrikanescher Schwéngspescht?

Un dësem Donneschdeg, den 10. Oktober huet den Task Force PPA (Peste Porcine Africaine) sech fir eng 5. Kéier säit Februar 2018 versammelt, fir iwwert d’Situatioun vun der Afrikanescher Schwéngspescht ze diskutéieren. Zesumme mam Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung ass et zu engem konstruktiven Echange tëscht de Representante vun de Ministèren a Verwaltunge komm. An dësem Kader hat een natierlech och dru geduecht déi concernéiert Acteuren, also Jeeër, Veterinären, Metzler an aner Persounen aus dem Schwéngsfleeschsecteur, Liewensmëttelfirmen fir Déieren a Proprietäre vun de Bëscher, anzelueden.

Zil vun der 5. Reunioun zur Afrikanescher Schwéngspescht war et, d’Evolutioun an déi aktuell Situatioun ënnert d’Lupp ze huelen. Um Samschdeg, den 12. Oktober 2019 wäert schliisslech d’Klappjuegd nees ugoen.

Massiv Reduktioun vun der Schwéngspopulatioun

Fir de Minister Schneider ass et selbstverständlech, datt all d’Acteure weiderhin Hand an Hand zesumme schaffen, fir d’Ausbreedung vum Virus ze verhënneren. Aus dësem Grond hunn d’Autoritéiten sech nach emol un d’Jeeër geriicht, fir weiderhin d’Populatioun vun de Wëllschwäin um Lëtzebuerger Terrain ze reduzéieren. Dëst soll virun allem an der Zone Blanche de Fall sinn, wou een déi komplett Entvëlkerung virgesäit.

Effikass wier eleng d’Ëmbrénge vun den Déieren. An dësem Kader ass nach emol drun erënnert ginn, datt et verbueden ass de gudde Verlaf vun enger Klappjuegd ze stéieren. D’Federatioun St.-Hubert des Chasseurs du Grand-Duché de Luxembourg (FSHCL) huet agewëllegt, d’Iwwerwaachung vun der Juegd ze ënnerstëtzen an all Kadaver der Natur- a Bëschverwaltung ze mellen.

Bis zu dësem Zäitpunkt si 17 Wëllschwäin an der Zone Blanche erschoss ginn. De Ministère bezillt dobäi eng sanitär Indemnitéit vun 100 € fir all doudegt Déier an dësem Beräich. Parallel bleiwen déi 2 Falen, déi zënter September an der Zone Blanche ze fanne sinn, bestoen.

Et soll ee weiderhin oppassen, soen se

De leschte Fall, bei dem déi Afrikanesch Schwéngspescht konnt nogewise ginn, beleeft sech op den 11. August op een Déier aus Wallounien. Et kann een also nach net definitiv soen, datt de Virus komplett verschwonnen ass. Dofir soll souwuel déi belsch, wéi och déi Lëtzebuerger Säit weiderhin opmierksam bleiwen. D’Autoritéite vu béide Länner sti mat Frankräich an der Europäescher Kommissioun a Kontakt, fir d’Situatioun zu all Ament am Ae ze behalen.

De Minister ënnersträicht: „Et ass wichteg, datt mir prett sinn wann de Virus sech sollt iwwert de Forêt d’Anlier zur Lëtzebuerger Grenz ausbreeden, fir esou den Zonk esou schnell wéi méiglech nees opzestellen.“ Wärend de Summerméint ass den Zonk laanscht déi belsch Grenz nämlech ewech geholl ginn.

Biodiversitéit am Virdergrond

D’Reduktioun vun der Populatioun u Wëllschwäin muss vun epidemiologesch iwwerwaacht ginn. Aus dësem Grond hunn d’Autoritéiten d’Jeeër an d’Schwéngsbesëtzer opgeruff d’Reegele vun der Biodiversitéit ze befollegen. D’Inspektioun vun de Veterinäre féiert dofir reegelméisseg offiziell Kontrollen duerch.

Am Ganze sinn bis ewell 298 Wëllschwäin am Laboratoire de Médecine Vétérinaire de l’Etat (LMVE) analyséiert ginn. All Resultater waren negativ.

Ähnlech Sujeten Afrikanesch Schwéngspescht, Juegd, Landwirtschaftsminister, Romain Schneider, Task Force, Veterinär, Wëllschwäin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel