Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vereenten Natiounen: „Et bleiwen nach zwee Joer fir géint de Klimawandel virzegoen!“
Neiegkeeten

Vereenten Natiounen: „Et bleiwen nach zwee Joer fir géint de Klimawandel virzegoen!“

De Chef vun der UNO huet e Méindeg drop higewisen

money
Europa importéiert 3 Milliounen Tonne Kaffi am Joer
Neiegkeeten

Europa importéiert 3 Milliounen Tonne Kaffi am Joer

Mueres geet einfach näischt ouni Kaffi. Virun allem Méindes. Et

NATO-Sommet: Et sinn och Entscheedunge geholl ginn
Neiegkeeten

NATO-Sommet: Et sinn och Entscheedunge geholl ginn

Datt dem Donald Trump, a senger rabiater Aart a Weis

Afrikanesch Schwéngspescht bedreet d‘Groussregioun

Afrikanesch Schwéngspescht bedreet d‘Groussregioun

Fir d‘Schwéngsziichter zu Lëtzebuerg an am Grenzgebitt, gëlle maximal Sécherheetsmoossnamen. Et ass verschiddentlech zu Infektiounen duerch de Virus vun der afrikanescher Schwéngspescht komm, an dee breet sech rapid aus. Vir dat schlëmmst ze verhënneren – d‘Ofschluechte vun engem ganze Bestand – mussen drastesch Mesuren ergraff ginn.

De Landwirtschaftsminister Fernand Etgen ass alertéiert ginn, nodeems ëm kommunale Bësch vun Etalle (bei Arel) zwee Fäll vu Schwéngspescht bei Wëllschwäi festgestallt goufen. Heihinner huet Bréissel Experte geschéckt, déi sech e Bild vun der Situatioun maache sollen. Dës Schwéngspescht hat am Oste schwéiere Schued ugeriicht, an och dëse Summer huet et nei Fäll a Rumänien ginn.

„Eng Kontaminatioun vun eisem Bestand u Wëllschwäin, mee och eng Bedreeung vun eiser Schwëngszuucht kann net ausgeschloss ginn“, esou de Fernand Etgen, deen awer betount, datt fir de Mënsch keng Gefor besteet. Och dann net, wann et sollt virkommen, datt ee kontaminéiert Fleesch oder Produite mat kontaminéiertem Fleesch géif iessen.

Sech verschanzen an hoffen

Den eigentleche Problem vun dësem Virus den als afrikanesch Schwéngspescht bezeechent gëtt, ass datt et bis haut keen Impfstoff gëtt, mat deem een dësem begéine kéint. Déi ronn honnert Betriber, déi vum Phänomen betraff sinn, mussen drastesch Biosécherheetsmoossnamen ergräifen. D‘Ziichter si gehalen sech géint d‘Andrénge vu schiedlechem Gedéiesch ze schützen.

Schwéngspescht

De Landwirtschaftsminister Fernand Etgen betount, datt wéinst der afrikanescher Schwéngspescht keng Gefor fir de Mënsch besteet. Och dann net wann ee kontaminéiert Fleesch oder Produiten déi kontaminéiert Fleesch enthalen, konsuméiert huet. © sip/MAVPC

Och de Mënsch ass eng Gefor. Dofir sollen d‘Baueren alles wat näischt am Betrib ze sichen huet, vu sech ewech halen. Den Direkter vum Veterinärsdéngscht, Dr. Félix Wildschutz, bestätegt, datt all d‘Déieren ënnersicht ginn, an den Transport strikte Reegelen ënnerworf gëtt. Duerch d‘Tracabilitéit kann den Ursprong vum Schwäi beim Transport an am Schluechthaus festgestallt ginn.

Wat déi Wëllschwäi betrëfft, esou ass d‘Kontroll net esou einfach. Den Adjoint vum Direkter vun der Administratioun vun der Natur an de Bëscher, Laurent Schley, weist drop hin, datt Wëllschwäi vill „reesen“ an si „Legioun“ sinn. Et geet prekoniséiert d‘Populatioun vu Wëllschwäi maximal ze begrenzen, och wann zum jëtzegen Zäitpunkt keng aussergewéinlech Klappjuegd virgesinn ass.

Ongewéinlech „Stierffäll“ mellen

De Laurent Schley bezitt sech op Erfarungen déi d‘Tschesche gemaach hunn. Si ware virun en puer Joer vun der Schwéngspescht betraff, an haten d‘Juegd an de kontaminéierte Gebidder agestallt. Ett verhënnert ginn, datt d‘Wëllschwäin onkontrolléiert op aner Territoire auswäichen. D‘Jeeër déi en anormalen Dout bei engem Wëllschwäi bemierken, mussen datt der Administratioun (ANF) mellen.

Schwéngspescht

(v.l.n.r.) Laurent Schley, Adjoint vum ANF-Direkter; Dr. Félix Wildschutz, Direkter vum Veterinärsdéngscht; Fernand Etgen, Landwirtschaftsminister; André Loos, Conseiller am Landwirtschaftsministère. © sip/MAVPC

Gewosst ass, datt sech de Virus iwwert den direkte Kontakt tëscht den Déieren iwwerdréit. Och Liewensmëtteloffäll déi Schwéngefleesch enthalen, kënnen zur Kontaminatioun bäidroen. Esou soll ee besonnesch uecht dinn, wann een esou Offall huet, datt all Kontakt mat engem Schwäin ausgeschloss ass.

Op Plakater, déi op de Raschtplaze laanscht d‘Autobunn opgehaange goufen, ginn d‘Leit a siwe Sproochen opgefuerdert hir Offäll nëmmen a verschléissbar Dreckskëschten ze deponéieren. Grad esou och um Findel, wou d‘iwwert d‘Gefore vum Import vu Schwéngefleesch opgekläert gëtt. Wien e Kadaver vun engem Wëllschwäi sollt fannen, sollt dat um 40 22 01 66 (ANF) mellen.

Ähnlech Sujeten Fernand Etgen, Landwirtschaftsminister, Landwirtschaftsministère, Liewensmëttelsécherheet, Schwéngspescht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel