Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dat ganzt Land leit wéinst dem Stater Schäfferot
International Meenung

Dat ganzt Land leit wéinst dem Stater Schäfferot

Laut engem Communiqué vun der Stater KPL-Sektioun hätt eist ganzt

UN-Mënscherechtsrot: „Nei“ Membere suerge fir Polemik
International Meenung

UN-Mënscherechtsrot: „Nei“ Membere suerge fir Polemik

De Bahrain, de Kamerun an d‘Philippinnen sinn e Freideg vun

Wanterprognos 2019: Wéineg Wuesstem bei globalen Onsécherheeten
International Meenung

Wanterprognos 2019: Wéineg Wuesstem bei globalen Onsécherheeten

Déi europäesch Wirtschaft dierft 2019 am 7. Joer a Folleg

Fräi Tribün: dat Afrikanescht Polverfaass

Fräi Tribün: dat Afrikanescht Polverfaass

E Sonndeg soll an der demokratescher Republik Kongo gewielt ginn, allerdéngs net iwwerall, wéi déi onofhängeg Wahlkommissioun wësse gelooss huet. Eng Ebola-Epidemie verhënnert an e puer Regiounen, datt d‘Wahlen uerdnungsgemäss kënnen Ofgehale ginn. Dat suergt fir Onrouen, well dës Walen elo schonn dräimol verluecht goufen, an et dem President seng Muecht stäerkt.

Der demokratescher Republik Kongo geet et awer net gutt, an den Haaptschëllegen dorunner, ass de President Joseph Kabila, deen an 18 Joer d‘Land ausgeraibert an enger humanitärer Kris ausgesat huet. Hien ass domatter de wierdegen Ierwe vun der Politik déi de Mobutu Sese Seko agefouert, a säi Papp de Laurent-Desiré Kabila, mat enger anerer Ideologie weidergefouert huet.

Hir Politik, déi sech virun allem op de bekanntste Verfassungsartikel vum Kongo berifft – den Artikel 15, deen et selbstverständlech net gëtt – awer bedeit: „Kuckt datt der eens gitt“ beschreift androcksvoll mat wéi enger eklatanter Gläichgëltegkeet déi politesch Féierung géintiwwer dem Vollek optrëtt. Am Kongo kann ee behaapten, datt d‘Korruptioun zur Staatsdoktrinn erhuewe gouf.

De pro-amerikanesche Mobutu, déi antikommunistesch „Firewall“ ass vum marxistesch ugehauchte Laurent Kabila 1997 entmuecht ginn, den Artikel 15 ass bliwwen. An och ënnert sengem Fils Joseph huet sech d‘Situatioun an dësem Land vun 80 Milliounen Awunner net verännert. D‘UNO hat sech am Hiecht 2017 genéidegt gefillt déi héchste Krisestuf auszeruffen, den Niveau 3.

Zur Erklärung: de sougenannten „Niveau 3“ gëllt soss nëmme fir Länner wéi de Jemen oder Syrien. An der demokratescher Republik Kongo sinn op den haidegen Dag, eng 13 Millioune Mënschen op Nouthëllef ugewisen, iwwer zwou Millioune Kanner sinn ënnererniert an wäit iwwer véier Millioune Mënschen si Verdriwwener. E Rekord an engem Land, wou de Noutstand d‘Norm ass.

Mee och am Kongo sinn d‘Kris an de Konflikt eng komplex Ugeleeënheet, wat net zulescht dem Fait geschëlt ass, datt sech eleng am Oste vum Land, datt räich u Ressourcen ass, honnerte Clanen a Milize bekämpfen. D‘Regierung léisst dat geschéien, an wann et och heiansdo ëm ethnesch Froe geet, esou ass et um Enn awer näischt aneres, wéi de blanke Kampf ëm d‘Iwwerliewen.

Dem aktuelle President Joseph Kabila säi Mandat ass „eigentlech“ am Dezember 2016 op en Enn gaangen, mee deen ass sech den Traditioune vum Land bewosst an hat ni wëlles säi Posten opzeginn. An esou laang wéi keng Walen ofgehale ginn, bleift hien och President. Mat ee Grond dofir, datt de Kabila un der Kris an den Onrouen am Land festhält, well esou net gewielt ka ginn.

Esou gleeft och kee wierklech drun, datt et zu uerdentleche Wahle komme kann. De Joseph Kabila huet eemol ze vill ze verléieren, an déi politesch Muecht ass dat mannst dovunner. Verléiert de kongolesesche President säi Mandat, riskéiert hien net nëmme fir seng sämtlech Verbriechen ugeklot ze ginn. Et kéint drop erauslafen, datt hien seng onrechtméissegt Verméige misst hierginn.

Nach stinn eng 20% vum Vollek hannert dem Kabila, mee déi wierklech grouss Majoritéit wënscht sech nëmmen nach en neie politesche Leader. Datt wënscht sech och d‘EU, mee aus däitlech anere Grënn wéi d‘Kongolesen. D‘EU huet géint de Kabila a Membere vun der Regierung Sanktioune verhaangen, déi dës lescht Woch bis Dezember 2019 verlängert goufen.

De kongoleseschen Ausseminister, huet dorops hin dem belschen EU-Ambassadeur notifiéiert, datt hien 48 Stonnen Zäit hätt seng Wallissen ze packen an d‘Land ze verloossen. Dat gëtt vu Bréissel bedauert an als „kontraproduktiv“ verkläert. Datt d‘EU de Regimm vum Joseph Kabila grad esou bereetwëlleg ënnerstëtzt huet wéi déi vu senge Virgänger, dat sollt een eigentlech net ernimmen.

Bréissel ass deemno veriergert, datt d‘Kongolesen och zu „Sanktiounen“ amstand sinn, reagéieren entspriechend getouft an erwaarden dat mir eis mat opreegen. D‘EU huet sech allerdéngs och ni fir d‘Awunner agesat, esou laang wéi de Regimm europäeschen Entreprisen déi Rohstoffer geliwwert huet, déi si benéidegt hunn. An beim Handel mat der EU ännert sech jo elo och näischt.

Eng seriéis Léisung ass och net a Siicht, well eleng mat politeschem Drock kritt een de Kabila net aus dem Amt gejot. Zumindest net wann dëse vu Bréissel oder Washington ausgeüübt gëtt, firwat all déi EU-Sanktiounen eigentlech fir d‘Kaz sinn. Interessant hei, no iwwer 50 Joer huet och déi kathoulesch Kierch erkannt datt eng Verännerung noutwenneg ass. Kann och u Chrëschtdag leien…

vum Sarah Kleeblatt, CEO IM-Global

Foto: Zu Goma hunn d‘Kongolesen de 27. Dezember demonstréiert, well op e neits d‘Wahle verréckelt ginn. De Regimm gesäit et net gäre wa seng Entscheedungen ëffentlech kritiséiert ginn. Dofir huet dee seng Poliziste beoptraagt den Demonstranten dat nach emol ze erklären. © Patrick Meinhardt/AFP

Ähnlech Sujeten Demokratesch Republik Kongo, EU, Joseph Kabila, Mënscherechter, Polverfaass, Ressourcen, Rohstoffer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel